Zu Lëtzebuerg ass d'Validation des acquis de l'expérience (VAE) en Dispositif, mat deem ee seng berufflech a perséinlech Erfarung valoriséiere loosse kann, sief et fir eng Qualifikatioun oder eng partiell Validatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien.
Et handelt sech donäi ëm follgend Qualifikatiounen:
D'Certificaten, d'Diplomer an d'Breveten, déi een iwwer d'VAE kritt, sinn equivalent mat deenen, déi een iwwer aner Methode fir d'Wëssenskontroll kritt, a bréngen déiselwecht Rechter mat sech.
Quellen: Loi du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle Loi du 21 juillet 2023 ayant pour objet l'organisation de l'enseignement supérieur Loi du 27 juin 2018 ayant pour objet l'organisation de l'Université du Luxembourg
Prozess, bei deem en zoustännegen Organismus bestätegt, datt d'Léierresultater (Wëssen, Knowhow, Informatioun, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen), déi eng Persoun sech an engem net formellen oder informelle Kontext ugëeegent huet, op der Basis vun enger festgeluechter Norm evaluéiert goufen.
Kommentar
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"