DAES - Diplôme d'accès aux études supérieures

Eng Chance fir en Zougang zum Studium
Lescht Aktualiséierung : 02.07.2025

Allgemenges

Erwuessener, déi keen Ofschloss vum Enseignement secondaire classique oder général hunn, an Erwuessener, deenen hiren Diplom et opgrond vu senger Spezifizitéit net erlaabt, verschidden Universitéitsstudien opzehuelen, hunn iwwer den DAES eng zweet Chance, en Diplom an domat Zougang zu Héichschoulstudien ze kréien.

Den DAES ass e Bildungswee, deen am Kader vun der Erwuessenebildung ugebuede gëtt. E bereet d'Apprenanten op d'pedagogesch an didaktesch Realitéit op den Héichschoule vir, andeem en hinnen hëlleft, fächerrelevant Wëssen an transversal Kompetenzen ze entwéckelen, déi fir hir Studie wichteg sinn.

Den DAES ass mam lëtzebuergeschen Diplôme de fin d’études secondaires gläichgestallt an erlaabt den Zougang zu Universitéits- oder Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg oder am Ausland, zu de reglementéierte Beruffer an zu de Plazen am ëffentleche Secteur.

Den DAES gëtt an der École nationale pour adultes (ENAD) an zwou Formulle proposéiert:

  • DAES an Dagescoursen: 5 Deeg (30 Stonne Cours) d'Woch
    Dësen DAES gëtt et an zwou Versiounen:
    • däitsch-franséischsproochege Regime
    • engleschsproochege Regime (DAES International)
  • DAES en alternance: 3 Owender d'Woch als Presentiel-Coursen an der Schoul, de Rescht am Selbststudium am eLearning-Modus.
    Dësen DAES ass reservéiert fir Salariéë mat engem Aarbechtsvertrag vun op d'mannst 20 Stonnen/Woch oder fir Persounen, déi an enger Mesure vun der ADEM ageschriwwe sinn.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Virbereedungs- an Ofschlossklass

D'Formatioun, déi zum DAES féiert, besteet, jee nom Bildungsniveau vum Kandidat, aus 1 oder 2 Schouljoer:

  • eng Virbereedungsklass (36 Wochen) fir Apprenanten, déi d'Zougangsbedéngunge fir d'Ofschlossklass net erfëllen. An dëser Klass gi Modüllen organiséiert, bei deenen d'Kandidaten hir Grondkënntnesser opfrëschen a sech déi néideg Léiertechniken a -strategien uneegne kënnen.
  • eng Ofschlossklass (32 Wochen), déi mat enger Ofschlossprüfung ofgeschloss gëtt, a während där d'Kandidaten och eng encadréiert perséinlech Aarbecht schreiwe mussen. D'Packe vun dëser Klass vermëttelt Zougang zu Héichschoul- an Universitéitsstudien.

Fir den Zougang zu den Universitéiten an Héichschoulen ze erliichteren, beinhalt d'Formatioun, déi zum DAES féiert, déi véier Léierberäicher, déi an de Léierpläng vum ieweschten Zyklus vum Enseignement secondaire an an der Legislatioun iwwer d'géigesäiteg Unerkennung vun den Ofschlossdiplomer vum Secondaire festgeluecht sinn. All Léierberäich ass a Modüllen opgedeelt.

Den Apprenant wielt sechs Modüllen aus, dovun obligatoresch op d'mannst zwou Sproochen an op d'maanst ee Modüll a jiddwerengem vun deenen anere Léierberäicher.

  1. Sproochen: Däitsch, Englesch, Franséisch
  2. Mathematik: Mathematik, applizéiert Mathematik, Mathematik-Informatik
  3. Naturwëssenschaften: Biologie, Chimie, Physik
  4. Human- a Sozialwëssenschaften, Konscht: Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften, Geografie, Geschicht, Philosophie, Konscht

Opnambedéngungen

Allgemeng Bedéngungen

Fir zu de Studien, déi zum DAES féieren, zougelooss kënnen ze ginn, mussen d'Kandidaten eng vun de follgende Bedéngungen erfëllen:

  • si mussen den 1. September vum lafende Joer op d'mannst 20 Joer al sin,
  • si mussen eng Beruffserfarung iwwert e Mindestzäitraum vun 12 Méint noweisen,
  • si mussen d'Éischtausbildung zanter op d'mannst 2 Joer verlooss hunn,

Zousätzlech Bedéngungen

Fir zu der Virbereedungsklass zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten eng vun de follgende Bedéngungen erfëllen:

  • eng 3e aus dem Enseignement secondaire classique gepackt hunn,
  • eng 3e aus dem Enseignement secondaire général (oder eng 11e am fréiere Schoulsystem) gepackt hunn,
  • en DAP oder e CATP hunn,
  • oder eng lëtzebuergesch Unerkennung vum auslänneschen Diplom hunn.

Kandidaten, déi zu dëser Formatioun wëllen zougelooss ginn, ouni eng vun den uewe genannte Klasse gepackt ze hunn, mussen d'Opnamprüfungen an de Fächer Franséisch, Däitsch, Englesch a Mathematik maachen.

Fir zu der Ofschlossklass zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten eng vun de follgende Bedéngungen erfëllen:

  • d'Virbereedungsklass gepackt hunn,
  • eng 2e aus dem Enseignement secondaire classique gepackt hunn,
  • eng 2e aus dem Enseignement secondaire général (oder eng 12e am fréiere Schoulsystem) gepackt hunn,
  • eng Meeschterkaart oder en Diplôme de technicien hunn.

Kandidatur

D'Kandidature musse bis spéitstens den 18. Juli vum lafende Joer agereecht ginn.
Opgepasst: D'Aschreiwung fir Kandidaten, déi d'Opnameprüfunge musse maachen, geet bis Enn Mee!

Umeldung Zilgrupp Schouljoren, déi ugebuede ginn Schoul
DAES an Dagescoursen Erwuessener Virbereedungsklass
Ofschlossklass
ENAD
internationalen DAES (op Englesch) an Dagescoursen Erwuessener, déi Schwieregkeete mat de Sproochen am lëtzebuergesche Schoulsystem hunn Virbereedungsklass
Ofschlossklass
ENAD
DAES en alternance (Owescoursen)
  • Beruffstäteg Erwuessener
  • Erwuessener, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn
Ofschlossklass ENAD

Kontakt

École Nationale pour Adultes

B.P. 1463
L-1014 Luxembourg

www.enad.lu


Tanja Seny- Noémie Kayser

+352 26 65 03 50 42

daes@enad.lu