Lescht Aktualiséierung : 20.08.2026

Presentatioun vun der Formatioun Diplom+

Diplom+ ass eng kuerz Formatioun fir Jonker mat engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales, engem Diplôme de technicien oder engem equivalenten Diplom, déi sech weeder fir en Héichschoulstudium ageschriwwen, nach eng Aarbechtsplaz oder Projete fir déi nächst Méint hunn.

Mat Diplom+ kënnen d'Kompetenze gestäerkt an d'Erfollegschancen erhéicht ginn. Et ass eng alternativ Formatioun, déi geduecht ass fir déi zousätzlech Kompetenzen ze vermëttelen, déi ee fir d'aktiivt Liewe brauch, a wärend där een eng Aarbecht sichen oder seng Aschreiwung fir e Studium virbereede kann.

Organisatioun

D'Formatioun, déi op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch ugebuede gëtt, dauert 1 Semester an hëlt all Woch op d’mannst 24 Stonnen an Usproch.

Am Prinzip sinn zwou Formatiounssessiounen virgesinn:

  • Hierschtsemester: Oktober bis Mäerz;
  • Fréijoerssemester: Februar bis Juli.

D'Coursë ginn op dräi verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg gehalen:

  • Esch-Belval
  • Lëtzebuerg
  • Ettelbréck

D'Formatioun besteet aus engem Tronc commun, engem Pack zur Auswiel an engem praktesche Projet


  • Tronc commun:
    1. Beruffsorientatioun
    2. Virbereedung op d'Astellung
    3. Presentatioun a Kommunikatioun
    4. Zäit- a Stressmanagement
    5. Éischt Hëllef
    6. Éischt Hëllef am Beräich vun der mentaler Gesondheet
    7. Praktesch Kompetenzen am Alldag
    8. KI – d'Grondlagen
    9. Léieren ze léieren
    10. Sensibiliséierung fir den Ëmweltschutz
  • Pack zur Auswiel:
    • Pack 1: Management (Projektmanagement, Change management, Leadership asw.)
    • Pack 2: Digital (Cybersécherheet, KI, digitale Marketing asw.)
    • Pack 3: Art (Innendesign, Graffiti, Manga asw.)
    • Pack 4: Social (sozial Beruffer, Pedagogik, Inclusioun asw.)
  • Praxisprojet:
    Duerch e Stage an enger Entreprise an d'Entdecke vu verschiddene Beruffer kann Erfarung um Terrain gesammelt ginn, wouduerch d'Kompetenzen, déi wärend der Formatioun opgebaut goufen, kënne weiderentwéckelt ginn.

Fir all erfollegräich ofgeschlossene Modüll kritt een e Certificat, virausgesat:

  • datt eng Presenz vun op d'mannst 80% am jeeweilege Modüll nogewise gouf;
  • d'Evaluatioun um Enn vum Modüll gepackt gouf.
Ausnam: De Modüll "Éischt Hëllef" erfuerdert 100% Presenz.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation professionnelle

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

men.public.lu/fr/grands-dossiers/systeme-educatif/diplomplus.html