Acteuren am Formatiounsberäich: wie mécht wat?

Lescht Aktualiséierung : 07.08.2025

Allgemenges

Et ginn den Ament verschidde Kategorië vun Acteuren, déi am Beräich vum liewenslaange Léieren zu Lëtzebuerg aktiv sinn.

De Staat spillt am globalen Dispositif vun der Weiderbildung eng ganz aktiv Roll. En intervenéiert besonnesch beim Ausbau vun der Legislatioun an deem Beräich, bei der Kofinanzéierung vun den Entreprisen hirem Investissement a bei der Vereinfachung vun der Verwaltung vum System.

D'Beruffschambere vun den Patronen – Chambre de Commerce, Chambre des Métiers, Chambre de l'Agriculture – an d'Beruffschambere vun de Salariéen – Chambre des Fonctionnaires et Employés publics, Chambre des Salariés – sinn iwwer d'Avisen, déi si erausginn, och un der Gestaltung vun der Politik am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung bedeelegt.

Den INFPC, en Etablissement public ënner der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, huet als Haaptmissioun, d'liewenslaangt Léieren an alle gesellschaftleche Schichten ze fërderen a sämtlech sozioekonomesch Acteure ronderëm dat gemeinsamt Zil vun der Entwécklung vun der Weiderbildung zesummenzeféieren.

Staatlech Servicer a Verwaltungen

Formatiounsberäicher Service oder Verwaltung
Allgemeng Formatiounen

De Service fir d'Erwuessenebildung (Service de la Formation des Adultes) huet follgend Missiounen:

  • d'Formatiounen, déi an Owescoursë fir Erwuessener am Secondaire ugebuede ginn, an d'Formatioune vum Nationale Sproocheninstitut (Institut National des Langues) ze koordinéieren,
  • e Regime fir Erwuessener ze organiséieren, deen iwwer Owescoursen den Accès zu Diplomer a Certificaten aus dem Dagesunterrecht, mat Ausnam vum Regime professionnel, erméiglecht (z. B. eBac),
  • d'Inhalter vun den allgemenge Coursen an de Beräicher vun der sougenannter Allgemengbildung an dem sozialen Opstig ze organiséieren an ze definéieren,
  • d'Programmer vun den allgemenge Coursen a vun de conventionnéierte Coursë fir Erwuessener ze definéieren
SFA - Service de la formation des adultes
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

+352 247 85100
info@men.lu
www.men.public.lu
Beruffsausbildung

De Service fir d'Beruffsausbildung (Service de la formation professionnelle) huet follgend Missiounen:

  • d'Beruffsausbildung an d'sozialpedagogesch Betreiung vu Chômeuren a Leit op der Sich no enger Aarbecht,
  • den 2. Bildungswee (DT, DAP, CCP),
  • d'Ausbildung fir Erwuessener,
  • d'Organisatioun vun den Ofschlossexame fir d'Gesellen- oder d'Meeschterkaart an Zesummenaarbecht mat de betraffene Beruffschamberen.
SFP - Service de la formation professionnelle
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

+352 247 85239
info@men.public.lu
www.men.public.lu
Formatioun a Certificatioun am Sproocheberäich

Am Kader vun der Erwuessenebildung a fir déi lëtzebuergesch Sprooch an d'Méisproochegkeet ze fërderen, d'Integratioun, de sozialen Zesummenhalt an den interkulturellen Austausch ze vereinfachen an zu der Employabilitéit vun de Mënsche bäizedroen huet den INLL déi follgend Aufgaben:

  1. Coursen a moderne Sprooche ginn;
  2. d'Kompetenzen an de moderne Sproochen, déi vum Institut enseignéiert ginn, certifiéieren;
  3. an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l'éducation nationale (IFEN) un der Weiderentwécklung vun der berufflecher Insertioun an der Weiderbildung fir Enseignanten a Formateuren am Beräich vun der Andragogie matwierken;
  4. den Enseignement vu moderne Sproochen an Zesummenaarbecht mat Universitéiten, nationalen an internationale Formatiouns- a Fuerschungsinstituter entwéckelen, innovéieren a fërderen.

Den Institut üübt d'Funktioun vun enger nationaler Autoritéit fir den Apprentissage, d'Didaktik, d'Andragogie an d'Certificatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch aus. Den INLL steet ënnert der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

INLL - Institut national des langues Luxembourg

+352 26 44 30 1
Formulaire de contact
www.inll.lu
Beruffsausbildung

Den CNFPC ass eng staatlech Institutioun, déi direkt dem Service fir d'Beruffsausbildung (SFP) an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) ënnersteet.

Seng Missioun besteet doranner, allen Zilgruppen, déi sech weiderbilde wëllen, siefen dat Salariéen, Demandeurs d'emploi, déi breet Ëffentlechkeet oder jonk Erwuessener, e Formatiounsparcours unzebidden.

Den CNFPC bitt villfälteg Formatiounsméiglechkeeten un, déi op e puer Achsen opgedeelt sinn:

  • Berufflech Weiderbildung: Formatioune fir Salariéen a Selbstänneger, déi sech Kenntnesser uneegnen oder dës aktualiséieren oder verdéiwe wëllen;
  • Berufflech Ëmschoulung: Formationune fir Demandeurs d'emploi a Persounen, déi eng berufflech Verännerung ustriewen, organiséiert an Zesummenaarbecht mat der ADEM;
  • Perséinlech Weiderentwécklung: Formatiounen, déi sech un e Public vun Erwuessene riichten, déi sech am Kader vun hirer Fräizäit weiderbilden oder sech nei Kompetenzen uneegne wëllen;
  • Schoulesch Offer: Dës Coursë sinn Deel vum formelle Bildungssystem fir Jonker (Éischtausbildung) oder Erwuessener (Erwuessenebildung).
CNFPC - Centre National de Formation Professionnelle Continue

CNFPC Esch-sur-Alzette
+352 55 89 87
secretariat.esch@cnfpc.lu

CNFPC Ettelbruck
+352 81 89 39 1
secretariat.ettelbruck@cnfpc.lu

www.cnfpc.lu
Formatioune fir d'berufflech Insertioun a Reinsertioun

D'Aarbechtsagence (ADEM), steet ënnert der Tutelle vum Aarbechtsministère a spillt eng zentral Roll um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart. Si stellt Verbindungen tëscht Demandeurs d'emploi an Employeuren hir a bitt gläichzäiteg Berodungs- a Formatiounsservicer, genee ewéi Servicer fir déi berufflech Insertioun oder Reinsertioun un.

Hir Aufgaben am Beräich vun der Formatioun si villfälteg:

  • e variéierte Formatiounsprogramm ubidden, fir d'Employabilitéit vun den Demandeurs d'emploi an de Salariéen ze stäerken,
  • d'berufflech Orientatioun vu Jonken an Erwuessenen organiséieren an assuréieren, fir hir Integratioun um Aarbechtsmaart ze erméiglechen,
  • d'Ëmschoulung oder d'Neibeschäftegung vun Aarbechter a Secteure mat Zukunftsaussiichte fërderen,
  • Demandeurs d'emploi mat Behënnerungen oder am beruffleche Reklassement begleeden an ausbilden, fir hir dauerhaft Insertioun ze fërderen.
ADEM - Agence pour le développement de l'emploi

+352 247 88 888
info@adem.etat.lu
www.adem.lu

Gemengen

D'Gemenge spille beim Developpement vun der Weiderbildung vun de Bierger eng ëmmer méi aktiv Roll.

Si bidden op ville Gebidder Formatiounen un:

  • Musek,
  • Éischt Hëllef,
  • Sproochen,
  • Sport,
  • an a villen anere Beräicher.

Zanter e puer Joer entstinn och op eenzele Plazen Initiativen, déi d'Formatiounsoffer vu Gemengeverwaltungen, déi an engem Reseau gruppéiert sinn, zesummendroen.

Dës Initiative konkretiséiere sech, ënner anerem, duerch d'Bereetstelle vun Internetsitte wéi www.landakademie.lu, déi e breede Spektrum u Formatioune fir d'Regioun "Éisleck-Atert" ubitt.

Universitéit Lëtzebuerg

Héichschoulausbildung

D'Haaptziler vun der Universitéit Lëtzebuerg sinn:

  • den Enseignement,
  • d'Fuerschung,
  • d'Vermëttele vu Wëssen op héchstem Niveau.

Et ass méiglech, en Universitéitsdiplom iwwer de Wee vun der Weiderbildung ze kréien.

Formatiounsorganer vun de Beruffschamberen

D'Beruffschambere setze sech staark fir d'berufflech Weiderentwécklung an.

Hir Aktivitéiten am Beräich vun der Formatioun huelen ëmmer méi zou an zanter e puer Joer verfüge si all iwwer déi entspriechend Infrastrukturen.

Formatiounsdomainer Formatiounsorgan
Weiderbildung a Meeschterkaart

D'Chambre des Métiers bitt all Joer e Programm vu Coursen a Seminairen un, déi sech souwuel un d'Dirigeantë vun den Entreprisë wéi och un hir Mataarbechter riichten.

D'Offer ëmfaasst Management- a Gestiounscoursen, déi un d'spezifesch Besoine vu klengen a mëttelgrousse Betriber ugepasst sinn, Virbereedungscoursen op d'Meeschterkaart a speziell technesch Coursen, déi exklusiv den Handwierksbetriber, déi Member vun der Chambre des Métiers sinn, virbehale sinn.

Chambre des Métiers

+352 42 67 67 1
contact@cdm.lu
www.cdm.lu
Beeruffsausbildung an universitaire Formatioun
  • Éischtausbildung – fir e qualitativ héichwäertegen Enseignement

    Um Niveau vun der Éischtausbildung setzt sech d'Chambre de Commerce fir d'Qualitéit vum Enseignement secondaire a besonnesch vun der Beruffsausbildung an. Si proposéiert Programmer fir den Enseignement secondaire général an ass och aktiv an d'Organisatioun vum Apprentissage mat agebonnen, andeem si z. B. déi potenziell betraffe Beruffer festleet, Programmer ausschafft, déi allgemeng Surveillance assuréiert an d'Fonctionnementsmodalitéiten definéiert.

  • Weiderbildung - HoT (House of Training) - eng Weiderbildungsoffer, déi op d'Besoine vun den Entreprisen ofgestëmmt ass

    D'Chambre de Commerce ass Co-Fondatrice vum "House of Training", dem Referenzpartner an der berufflecher Weiderbildung fir d'Lëtzebuerger Ekonomie. D'Offeren am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung vun der LSC an dem IFBL - de respektive Formatiounsinstituter vun der Chambre de Commerce an der Association des Banques et Banquiers Luxembourg - goufen ënner där selwechter Enseigne zesummegeluecht a bidden eng breet Palett u Formatiounen un, déi op d'Besoine vun den Entreprisen, vun de Salariéen a vum Aarbechtsmaart ofgestëmmt sinn.

  • Universitär Formatioun - ISEC (Institut Supérieur de l’Économie) - eng Universitéit fir ugewant Wëssenschaften

    Um Niveau vun der akademescher Formatioun huet d'Chambre de Commerce, niewent hirem Partenariat mat der Universitéit Lëtzebuerg, zesumme mat der Chambre des Métiers d'ISEC-HdW (Institut supérieur de l’Économie – Hochschule der Wirtschaft) an d'Liewe geruff. D'ISEC huet hir Dieren am September 2016 opgemaach, dëst mam Zil, duerch eng "Formation tertiaire professionnalisante" eng vollstänneg Wäertschöpfungsketten an der berufflecher Weiderbildung unzebidden. D’ISEC proposéiert Héichschoulstudien, déi souwuel mat Certificate wéi mat Diplomer ofgeschloss ginn. Am Aklang mat der Nomenclature vu Bologna ginn d'Diplomer um Niveau vum Bachelor oder vum Master ausgestallt. D'Coursë kënnen niewent engem Beruff suivéiert ginn, mä den educativen Dispositif ass op d'Praxis ausgeriicht a gesäit och Stagen an den Entreprisë vir, mat deenen d'Studenten ECTS-Kreditter sammele kënnen.

Chambre de Commerce

+352 42 39 39 1
chamcom@cc.lu
www.cc.lu
Weiderbildung, spezialiséiert Formatiounen an universitär Formatiounen

Den LLLC vun der Chambre des Salariés bitt Owescoursen, Seminairen, spezialiséiert Formatiounen an universitär Formatiounen an Zesummenaarbecht mat lëtzebuergeschen an auslännesche Partner un.

Den LLLC erméiglecht et och all Kandidat, deen eng relevant berufflech an/oder ausserberufflech Erfarung noweise kann, een oder méi Diplomer aus sengem Programm vun Owescoursen ze kréien (Informatik a Bürotechnik, Comptabilitéit a Contrôle de Gestion, Droit, Action commerciale, sozial Kompetenzen, Ekonomie a Gestioun), an dat ouni d'Coursë besichen ze mussen oder Examen ofzeleeën.

LLLC - Luxembourg Lifelong Learning Center

+352 27 49 46 00
formation@lllc.lu
www.lllc.lu

Gewerkschaftlechen Acteur

Formatiounsberäicher Formatiounsinstitut
Formatiounen an de Beräicher Ekonomie an Droit

D'EST ass e Formatiounsinstitut, dee vun engem Verwaltungsrot mat Tripartite-Charakter geleet gëtt an der Tutelle vum Minister fir Aarbecht ënnersteet.

D'École supérieure du travail (EST) ass eng Bildungsariichtung, déi als Aufgab huet, gratis Formatioune fir Personalvertrieder unzebidden. Dës Coursë goufe speziell entwéckelt, fir de Besoine vun dëser Vermëttlerroll tëscht Salariéen an Employeuren am Betrib gerecht ze ginn.

Den Inhalt vun de Coursë gëtt permanent un d'Evolutioun vun der Aarbechtswelt an un aktuell Entwécklungen am soziale Beräich ugepasst. A praktescher Hisiicht gi bei der Organisatioun vun de Formatiounen déi berufflech Ufuerderunge vun de Personalvertrieder, zum Beispill hir Aarbechtszäiten, berücksichtegt.

EST - École supérieure du travail

+352 247 86200
+352 247 86202
estinfo@est.etat.lu
est.public.lu

Fuerschungszentren

Den LIH iwwerdréit d'Erkenntnisser, déi aus de Fuerschungsaktivitéite gewonne ginn, am Kader vu qualitativ héichwäertege Stagen. Dës Stagen adresséiere sech u jonk Universitairen, déi hiert akademescht Wësse perfektionéiere wëllen, an u Cadren, déi schonn eng gewësse Beruffserfarung hunn an hir Kenntnisser verdéiwen oder sech nei berufflech Domainer erschléisse wëllen.

Formatiounsdomainer Fuerschungszentren
Research dedicated to life

De Luxembourg Institute of Health (LIH) ass eng ëffentlech Fuerschungsariichtung an der Biomedezin. Seng Fuerscher striewen no Exzellenz a generéiere mat hirer Kreativitéit, hirem Enthusiasmus an hirem Engagement Wëssen iwwer d’Mechanisme vun de Krankheeten. Si droen esou dozou bäi, nei Diagnosmethoden, innovativ Therapien a klinesch Applikatiounen ze entwéckelen, déi en Afloss op d’Gesondheet vun de Bierger zu Lëtzebuerg an an Europa hunn. D’Aktivitéite vum LIH si ronderëm déi follgend Fuerschungstheematike strukturéiert: Onkologie, ustiechend an Immunerkrankungen, Gesondheet vun der Bevëlkerung.

Als Virreider an de biomedezinesche Wëssenschaften ass den LIH staark an d‘Ëmsetzung vun nationalen an internationale Fuerschungsprogrammer am Beräich vun der personaliséierter Medezin agebonnen. E wierkt als Katalysator, fir am Beräich vun der Fuerschung d’Zesummenaarbecht mat Gesondheetsdéngschtleeschter, Spideeler an aneren ëffentlechen a private biomedezineschen Organisatiounen ze fërderen. Fir um wirtschaftlechen a soziale Plang Wäert ze schafen, viséiert en den Transfert vu senge wëssenschaftlechen Entdeckungen an technologeschen Entwécklungen. Als éischten Informatiounsprestataire am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet zu Lëtzebuerg erméiglecht en och der ëffentlecher Hand, Decisiounen op der Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnesser ze huelen a validéiert Donnéeën un déi international Institutioune weiderzeginn.

Den LIH hëlt eng grouss Zuel vu Stagiairen, Master-Studenten an Doktorande vun der Universitéit Lëtzebuerg oder anere Partner-Universitéiten aus dem Ausland op, genee ewéi Post-doc-Fuerscher, déi sech an engem bestëmmte Fuerschungsberäich spezialiséiere wëllen. Dës jonk Wëssenschaftler, déi um Ufank vun hirer Karriär stinn, profitéiere vun enger moderner Infrastruktur, vu Spëtzentechnologie an engem stimulanten Aarbechtsëmfeld, an deem héichwäerteg Betreiung a Fuerschungsausbildung garantéiert sinn.

Den LIH bitt ënnert dem Numm "Training and Workshops" eng Rei vu Formatiounen un, iwwer déi ee sech wëssenschaftlech an transversal Kenntnesser uneegne kann. Si riichte se haaptsächlech un Doktoranden an u jonk Fuerscher vun der Universitéit (UL) oder de Forschungszentren zu Lëtzebuerg.

Luxembourg Institute of Health (LIH)

+352 26 970 1
www.lih.lu/page/training

Associatiounen a Fondatiounen

Déi privat Associatiounen a Fondatiounen zielen och zu den Acteure vun der Weiderbildung.

Eng net vollstänneg Lëscht vun a.s.b.l.en a Fondatioune fënnt een iwwer d'Sichmaschinn vum Portal lifelong-learning.lu an am Annuaire vun de Formatiounsinstituter, deen den INFPC erausgëtt.

Fir eng Formatiounsaktivitéit ausüben ze kënnen, muss eng a.s.b.l. oder eng Fondatioun, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, agreéiert sinn.

Méi Informationen, fir am Formatiounsberäich täteg ze sinn.

Sektoriell Formatiounsinstituter

Den Ament sinn eng Rei vu sektoriellen Instituter am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung täteg.

Formatiounsdomainer Fuerschungszentren
Bausecteur

D'Haaptzil vum IFSB besteet doran, de System vun de sektorielle Formatioune fir d'Bauwiese fir all Kategorië vu Salariéen anzeféieren. Den IFSB ass eng Initiativ vun der Fédération des entreprises de construction et de génie civil a vum Groupement des entrepreneurs du bâtiment et des travaux publics.

Mat sengem Formatiounszentrum zu Beetebuerg wëll d'Institut sech als Kompetenzzentrum fir nohaltegt Bauen zu Lëtzebuerg positionéieren.

IFSB - Institut de formation sectoriel du bâtiment

+352 26 59 56
contact@ifsb.lu
www.ifsb.lu
Spidolssecteur

Den DeWidong gouf 2002 vun der Lëtzebuerger Spidolsfederatioun an de Gewerkschafte gegrënnt an huet als Zil, d'Weiderbildung am Gesondheetsberäich ze fërderen. D'Formatiounsoffer ëmfaasst technesch a spezifesch Aspekter fir d'Fleegepersonal, awer och perséinlech Weiderentwécklung, Gesondheet a Sécherheet op der Aarbechtsplaz a Liewensrettungsmoossnamen.

Den DeWidong ass ausserdeem en ERC-Formatiounszentrum, mat Coursen an der Häerz-Longe-Reanimatioun op allen Niveauen, vu Fréigebuerte bis zum Erwuessenen. An dat vum Basiscours bis zum avancéierten Niveau.

Den DeWidong stellt 8 Formatiounssäll zur Verfügung, dorënner 4 Raim, déi sech fir Simulatioune fir Workshoppen eegnen, bei deenen de Schwéierpunkt op de Prozeduren an um mënschleche Facteur läit. Dës Formatiounen droen dozou bäi, d'Kompetenze vun de Gesondheetsdéngschtleeschter zu Lëtzebuerg ze verbesseren.

Dank sengen enke Relatioune mam Spidolsmilieu, déi sech och am Engagement vu ville fräiberuffleche Gesondheetsdéngschtleeschter als Formateur ausdréckt, proposéiert den DeWidong och komplett personaliséiert Formatiounen.

CFPC DeWidong

+352 26 54 00 57
widong@widong.lu
www.widong.lu
Ëffentleche Secteur

D'Missioun vum INAP, deen dem Minister ënnersteet an dee fir d'Fonction publique zoustänneg ass, besteet an éischter Linn doran, d'Beruffsausbildung vum Personal, dat beim Staat, den Etablissements publics vum Staat, de Gemengen, de Gemengesyndikater an den Etablissements publics vun de Gemenge schafft, ze fërderen.

Den INAP heut och den Optrag, d'Kontroll vun de Kenntnisser an den dräi Verwaltungssproochen am Kontext vun der Admissioun vun de Kandidaten, déi beim Staat a bei de Gemenge schaffe wëllen, ze organiséieren, a bitt Servicer am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung fir aner staatlech Institutiounen un.

INAP - Institut national d'administration publique

+352 247 83171
info@inap.etat.lu
www.inap.public.lu

Privat Formatiounsinstituter

Bei den Acteure vun der berufflecher Weiderbildung spille privat Instituter eng bedeitend Roll.

Et ka sech dobäi ëm follgend Acteuren handelen:

  • Formatiounsinstituter, déi an esou ënnerschiddleche Beräicher wéi Sproochen, Qualitéit, Ressources humaines, Sécherheet, Gesondheet, Ëmwelt, kaufmännesch a Finanzverwaltung, Droit, Banken/Assurancen, Industriebetriber ... spezialiséiert sinn
  • kommerziell Gesellschaften, déi an deene meeschte Fäll de Verkaf vu gréisstendeels informateschem Material an Ekipement mat der Formatioun vun hire Clientë verbannen.
  • Consulting-Firmaen oder onofhängeg Consultanten, déi meeschtens Formatiounen am Management-Beräich ubidden.

Eng net vollstänneg Lëscht vu Formatiounsinstituter fënnt een iwwer d'Sichmaschinn vum Portal lifelong-learning.lu an am Annuaire vun de Formatiounsinstituter, deen den INFPC erausgëtt.

Fir eng Formatiounsaktivitéit ausüben ze kënnen, musse privat Formatiounsinstituter, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, agreéiert sinn.

Méi Informationen, fir am Formatiounsberäich täteg ze sinn.

Entreprisen

D'Entreprisë si ganz wichteg Acteure vun der berufflecher Weiderbildung. D'permanent Entwécklung vun de Kompetenze vun hire Mataarbechter ass fir si e strategeschen Enjeu, dee si mam järleche Formatiounsplang ëmsetzen.

Et ass matzen an de Betriber, wou d'Formatioun hir Sënnhaftegkeet entwéckelt a wou d'Kenntnisser, déi duerch d'Formatioun vermëttelt goufen, sech no an no a Kompetenzen ëmwandelen.

D'Entreprisë sinn iwwerdeems och dee Beräich, an deem d'Legislatioun fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung zur Uwendung kënnt, wëll dës Mesuren de Betriber erlaben, eng finanziell Bäihëllef fir hir Investissementer an d'Formatioun unzefroen.

Méi iwwer d'Bäihëllefe fir d'Formatioun gewuer ginn.

Kontakt

INFPC

Anne Oswald
Responsable lifelong-learning.lu