Bei den Inhalt goen

Ech sinn eng Privatpersoun a siche fir mech selwer Formatiounen

Wann ech mech op lifelong-learning-lu umellen, profitéieren ech vu gratis Servicer, déi den Zougang zu Informatiounen vereinfachen, a vu verschiddene Méiglechkeeten, fir meng Interessensgebidder ze geréieren.

Mat mengem Profil "Privatpersoun" kann ech:

  • Formatiounen a Formatiounsinstituter, déi ech consultéiert hunn, bei meng Favoritte setzen an esou beim nächste Besuch Zäit spueren,
  • meng Demandë fir d'Aschreiwung a Formatiounen iwwer d'Portal archivéieren, fir d'Entwécklung vu mengem Formatiounsparcours am A ze behalen,
  • Formanews, den Newsletter iwwer d'Aktualitéit am Beräich vun der Formatioun an iwwer déi kommend Formatiounen, abonéieren an e personaliséieren, jee nodeem, wéi eng Domainer mech interesséieren,
  • E-Mail-Alerten iwwer Formatiounen, déi an den Domainer, déi ech festgeluecht hunn, publizéiert ginn, kréien,
  • News an Evenementer wéi Foiren, Konferenzen, Colloquen oder Salonen am Beräich vun der Formatioun, vun deenen ech weess, deelen, andeem ech se iwwer mäi Kont an der Rubrik "News an Evenementer" verëffentlechen.

Mäi Kont ariichten

Ech sinn eng Entreprise an ech siche Formatioune fir meng Mataarbechter

Andeem ech mech op lifelong-learning umellen, profitéieren ech vu gratis Servicer, déi mäin Akaf vu Formatioune fir meng Mataarbechter optiméieren an den Zougang zu Informatioune vereinfachen.

Mat mengem Profil "Entreprise" kann ech:

  • exklusiv bei Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, spezifesch Demanden a Form vun Ausschreiwunge fir Formatiounen op d'Mooss areechen a vun hinnen onverbindlech passend Formatiounsléisungen ugebuede kréien,
  • mech am Annuaire vun den Entreprisen, déi Formatiounen akafen, umellen, fir vu Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, am Hibléck op eng nei Zesummenaarbecht kontaktéiert ze ginn,
  • Formatiounen a Formatiounsinstituter, déi ech consultéiert hunn, bei meng Favoritte setzen an esou beim nächste Besuch Zäit spueren,
  • meng Demanden, fir Mataarbechter a Formatiounen anzeschreiwen, archivéieren,
  • Formanews, den Newsletter iwwer d'Aktualitéit am Beräich vun der Formatioun an iwwer déi kommend Formatiounen, abonéieren an e personaliséieren, jee nodeem, wéi eng Domainer mech interesséieren,
  • E-Mail-Alerten kréien, iwwer Formatiounen, déi an den Domainer, déi ech festgeluecht hunn, publizéiert ginn,
  • News an Evenementer wéi Foiren, Konferenzen, Colloquen oder Salonen am Beräich vun der Formatioun, vun deenen ech weess, deelen, andeem ech se iwwer mäi Kont an der Rubrik "News an Evenementer" verëffentlechen.

Mäi Kont ariichten

Ech sinn e Formatiounsinstitut a presentéiere meng Formatiounen

Fir meng Visibilitéit ze erhéijen, meng Formatiounen ze referenzéieren a mat Entreprisen a Privatleit, déi Formatioune sichen, a Kontakt ze trieden, ginn ech Member vu lifelong-learning.lu, andeem ech mäi Kont als Formatiounsinstitut ariichten.

Jee nodeem, wéi vill Formatiounen ech presentéiere wëll, hunn ech de Choix tëschent 3 Packagen:

Package "TEN" fir 275€ HTVA/Joer

  • Kreatioun vu maximal 10 Formatiounen

Package "FIFTY" fir 550€ HTVA/Joer

  • Kreatioun vu maximal 50 Formatiounen

Package "FIFTY+" fir 825€ HTVA/Joer

  • Kreatioun vun enger onbegrenzter Zuel vu Formatiounen
  • Méiglechkeet Formatiounssäll, déi ze verloune sinn, ze presentéieren, ass abegraff

Bei de Packagen TEN a FIFTY kann de Service fir d'Presentatioun vun de Formatiounssäll, déi ze verloune sinn, fir 300€ HTVA/Joer als Optioun derbäigeholl ginn. Méi iwwer d'Package fir Formatiounsinstituter (PDF, 945 Kb)

Fir eng Formatiounsaktivitéit zu Lëtzebuerg ausüben ze kënnen, brauch een eng ministeriell Autorisatioun. Nëmmen agreéiert Formatiounsinstituter kënne Member vum Portal lifelong-learning.lu ginn. Agreéiert Formatiounsinstitut ginn

Soubal mäin Abonnementsvertrag an d'Kopie vu menger Autorisatioun, fir eng Formatiounsaktivitéit auszeüben, beim INFPC agaange sinn, gëtt mäi Kont aktivéiert, fir datt ech esou séier ewéi méiglech meng Formatiounen, déi op lifelong-learning.lu verëffentlecht solle ginn, encodéiere kann.

Mäi Kont ariichten

Ech hu Formatiounssäll ze verlounen

Ech sinn eng Entreprise a bidde Formatiounssäll un, déi ze verloune sinn. Ech schreiwe mech mam Profil "Entitéit, déi Säll verlount" op lifelong-learning.lu an, fir meng Raimlechkeete Formateuren, déi e Sall fir hir Formatioune sichen, oder Entreprisen, déi e punktuelle Besoin hunn, fir e Seminaire ze organiséieren, ze presentéieren.

Mam Package "Entitéit, déi Formatiounssäll verlount" zum Tarif vun 300€ HTVA/Joer kann ech:

  • um Portal referenzéiert ginn
  • meng Entreprise presentéieren (Fotoen a Logo)
  • meng Formatiounssäll presentéieren (Fotoen, Capacitéiten, Ekipement, Coordonnéeën)

Méi iwwer de Package "Entitéit, déi Säll verlount" (PDF, 141 Kb)

Mäi Kont ariichten

Ech sinn e Formateur a wëll mäin CV publizéieren

Wann ech mech mam Profil "Formateur" op lifelong-learning.lu umellen, kann ech mäin CV als Formateur gratis presentéieren, fir mat de Formatiounsinstituter, déi Formateure sichen, a Kontakt ze trieden. Meng Coordonnéeën, Kompetenzen, Diplomer, Referenzen an Interventiounsberäicher ginn dann iwwer d'Sichmaschinn publizéiert.

Nëmme Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, kënne mäi Formateurs-CV consultéieren.

Mäi Kont ariichten