Als Erwuessenen en Hadniwerk/Beruff léieren an eng unerkannt Qualifikatioun kréien, déi mat engem offizielle staatlechen Diplom ofgeschloss gëtt
D'Ausbildung fir Erwuessener riicht sech u volljäreg Persounen, déi en Handwierk/Beruff léieren oder sech berufflech ëmschoule wëllen.
Si viséiert esouwuel Erwuessener mat engem Aarbechtsvertrag ewéi och Demandeurs d’emploi, déi bei der Aarbechtsagence (ADEM) ageschriwwe sinn.
D'Formatioune kënne zu follgende Qualifikatioune féieren: CCP - certificat de capacité professionnelle, DAP - diplôme d’aptitude professionnelle, DT - diplôme de technicien.
D'Formatioune kënne zu follgende Qualifikatioune féieren:
Déi erwuesse Léierjongen a -meedercher kréie vum Ausbildungsbetrib de soziale Mindestloun fir net qualifizéiert Salariéen. Den Ausbildungsbetrib huet Usproch op eng Ausbildungsbäihëllef.
Genee ewéi d'Éischtausbildung dauert och d'Ausbildung fir Erwuessener am Normalfall 3 Joer. Ënner gewësse Bedéngunge kënnen Derogatiounen accordéiert ginn. D'Ausbildung kann op kee Fall manner ewéi 1 Joer daueren.
Ze vermierken: D'Formatioune kënnen och als grenziwwerschreidend Ausbildung gemach gin.
De Kandidat fir eng Ausbildung fir Erwuessener muss:
D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnisser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.
Bei engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:
Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn.
Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.
Den Ausbildungsvertrag fir Erwuessener kann nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn.