A verschiddene Beruffer ass d'Meeschterkaart eng onverzichtbar berufflech Qualifikatioun, fir sech selbstänneg ze maachen a Léierbouwen a -meedercher ausbilden ze kënnen.
A verschiddene Beruffer ass d'Meeschterkaart eng onverzichtbar berufflech Qualifikatioun, fir sech selbststänneg ze maachen a Léierbouwen a -meedercher ausbilden ze kënnen.
D'Meeschterkaart ass déi typesch Ausbildung vun engem Chef d'entreprise. Si adresséiert sech un zukünfteg Betribsleeder grad ewéi un all Persoun, déi e Poste mat Verantwortung an engem handwierklechen, industriellen oder kommerzielle Betrib ustrieft.
Wéinst der Vilfalt vu den enseignéierte Fächer – Organisatioun & Gestioun vun Entreprisen, ugewannt Pedagogie, berufflech Theorie & Praxis – vermëttelt d'Meeschterkaart déi indispensabel Kenntnisser, fir säin eegene Betrib opzebauen an ze féieren oder e Poste mat Verantwortung bei engem Employeur ze iwwerhuelen.