ENAD - École nationale pour adultes

Lescht Aktualiséierung : 09.07.2025

Allgemenges

D'École Nationale pour Adultes oder d'ENAD, déi op engem innovative pedagogesche Konzept berout, ass e feste Bestanddeel vum ëffentleche Schoulsystem.

Si riicht sech un all Erwuessener, déi

  • wéinst schouleschem Mësserfolleg oder engem falsche Choix bei der Orientatioun mat der Schoul opgehal hunn oder keng Ausbildungsplaz fannen,
  • d'Schoul verlooss hunn, éier si eng unerkannte Qualifikatioun erreecht haten, hir Kompetenze verbesseren oder Zougang zu den unerkannten Diplomer a Formatioune kréie wëllen.

D'ENAD bitt dësen Apprenanten eng spezifesch Betreiung, bei där besonnesch vill Wäert op den Encadrement an de personaliséierte Suivi geluecht gëtt. Si ass eng Äntwert op den Apprenanten hire Wonsch no Initiatioun, Rattrapage, Qualifikatioun, Rekonversioun oder perséinlecher Weiderentwécklung.

D'Schoul ka Coursen aus dem Enseignement secondaire classique an aus dem Enseignement secondaire général vun der 5e un ubidden. D'ENAD proposéiert och Integratiounsklasse fir jonk Erwuessener, verschidde Beruffsausbildungen, d'Formatioun vum Educateur en alternance oder beruffsbegleedend, déi mam Diplôme de fin d'études secondaires générales a mam Diplôme d'État d'éducateur ofgeschloss gëtt, genee ewéi den DAES (Diplôme d’accès aux études supérieures).

Perséinlechen a beruffleche Projet

D'Aschreiwung an der ENAD ass u gewësse Konditioune gebonnen. Den Apprenant muss un engem Eenzelgespréich deelhuelen,

  • fir d'Grënn vu senger Kandidatur op der ENAD ze preziséieren,
  • en Ausbildungsvertrag ënnerschreiwen: Hei gëtt festgehalen, datt de Schüler motivéiert ass, fir aktiv a gewëssenhaft un de Coursen deelzehuelen, a sech un d'Reegelen an d'Horairen hält,
  • e perséinlechen a beruffleche Projet definéieren.

D'Zensuren an d'Attestatioune vun der ENAD sinn un den nationale Certificatiounssystem vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend gebonnen. D'Modalitéite vun den d'Ofschlossexame sinn déi selwecht wéi déi, déi fir d'Lycéesschüler am initiale System gëllen.

Enseignement secondaire classique

Fir d'Rentrée 2025/2026 bitt d'ENAD an der Éischtausbildung déi follgend Klassen am Dagesunterrecht (32 bis 36 Stonnen d'Woch) un:

Klass Zil Dauer vun den Etüden
4e C
3e CG

op d'mannst 17 Joer
D'4e C bereet op den Zougang zu der 3e CG vir. D'3e CG gehéiert zu der Sektioun Sciences humaines et sociales vum ieweschte Cycle vum Enseignement classique. D'Zil ass et, den Ofschlossexame vum Enseignement secondaire classique bzw. d'Klass vum Diplôme d'accès aux études supérieures (DAES) vun der ENAD ze packen.
Opgepasst: D'2e an d'1e CG ginn net an der ENAD ugebueden, mee d'Apprenanten hunn awer d'Méiglechkeet, op eng vun den DAES-Klassen ze goen (Zoulossung op Dossier).
Variabel jee nom Joer, an deem een op der ENAD ufänkt

Méi iwwer d'schoulesch Offer vun der ENAD am Enseignement secondaire classique gewuer ginn

Enseignement secondaire général

Fir d'Rentrée 2025/2026 bitt d'ENAD an der Éischtausbildung déi follgend Klassen am Dagesunterrecht (32 bis 36 Stonnen d'Woch) un:

Klass Beschreiwung/Zil Dauer vun den Etüden
5e COR+
op d'mannst 17 Joer
Virbereedung fir d'Opnam an d'5e G de base 1 Joer
5e G de base
op d'mannst 17 Joer
Virbereedungsklass fir eng Beruffsausbildung (CCP oder DAP) 1 Joer
5e G avancée
op d'mannst 17 Joer
Virbereedungsklass fir d'Fortsetze vun den Etüden am Enseignement secondaire général 1 Joer
4e an 3e GSO
op d'mannst 17 Joer
D'Formatioun vun der Sektioun Sciences sociales (GSO) ass am Prinzip eng Virbereedung op 2 Bildungsweeër: d'Ausbildung vum Educateur diplômé an d'Sektioun GSO.
Opgepasst: D'2e an d'1e vun der GSO-Sektioun ginn net an der ENAD ugebueden.
2 Joer
Integratiounsklasse fir jonk Erwuessener
op d'mannst 18 Joer
D'Integratiounsklass fir jonk Erwuessener (CLIJA) riicht sech u Jugendlecher, déi viru Kuerzem agewandert sinn an déi musse Franséisch a Lëtzebuergesch léieren, fir sech am Land integréieren ze kënnen. D'Zil vun dëser Klass ass den Zougang zu enger Beruffsausbildung, den Zougang zu Héichschoulstudien oder d'Insertioun um Aarbechtsmaart. 1 oder 2 Joer

Méi iwwer d'schoulesch Offer vun der ENAD am Enseignement secondaire général gewuer ginn

Beruffsausbildung

Fir d'Rentrée 2025/2026 bitt d'ENAD an der Éischtausbildung déi follgend Klassen am Dagesunterrecht un:

Klass Beschreiwung/Zil Dauer vun den Etüden
CCP Assistant d'accompagnement au quotidien Formatioun am duale System am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener. (Et brauch een eng Assignatioun vun der ADEM, fir zougelooss ze ginn). 2 Joer (4 Semester)
2 Deeg/Woch an der Schoul
CCP Kach
op d'mannst 17 Joer
5e gepackt
Formatioun am duale System am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener 2 Joer (4 Semester)
DAP Agent socio-pédagogique Formatioun am duale System am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener. (Et brauch een eng Assignatioun vun der ADEM, fir zougelooss ze ginn). 3 Joer (6 Semester)
2 Deeg/Woch an der Schoul
DAP Inclusion Formatioun am duale System am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener. (Et brauch een eng Assignatioun vun der ADEM, fir zougelooss ze ginn). 3 Joer (6 Semester)
2 Deeg/Woch an der Schoul
DAP Kach
1. Joer

op d'mannst 17 Joer
1. Joer am Vollzäitunterrecht an der ENAD mat Stagen am beruffleche Milieu
Méiglechkeet, fir dat 2. an 3. Joer am DAP fir Erwuessener an der EHTL oder am Bouneweeger Lycée zu maachen
3 Joer (6 Semester)
DAP Landschaftsgäertner
1. Joer

op d'mannst 17 Joer
5e gepackt
1. Joer am Vollzäitunterrecht an der Schoul mat Stagen am beruffleche Milieu
Méiglechkeet, fir dat 2. an 3. Joer am DAP fir Erwuessener am Lycée Technique Agricole (LTA) zu maachen
3 Joer (6 Semester)
DAP Elektriker
1. - 3. Joer

op d'mannst 17 Joer
Formatioun am duale System am Kader vun engem Ausbildungsvertrag an ënner modulärer Form, mam Zil, méi Kompetenzen ze entwéckelen 3 Joer (6 Semester)

Méi iwwer d'schoulesch Offer vun der ENAD am Beräich vun der Beruffsausbildung gewuer ginn

Éducateur en alternance

D'Formatioun vum Educateur en alternance (Klasse vun der 2e GEA, 1e GEA an 1e SGEA) ass e beruffsbegleedende Bildungswee am däitsch-/franséischsproochegen oder am franséischsproochege Regime. Si gëtt am Kader vun der Erwuessenebildung ugebueden, déi et Erwuessenen erméiglecht, iwwer den zweete Bildungswee en unerkannten Diplom ze kréien. D'Zil ass et, eng Formatioun unzebidden, déi op d'Lëtzebuerger Beruffswelt zougeschnidden ass.

D'Formatioun adresséiert sech un Erwuessener, déi schonn am Educatiouns- oder soziale Beräich täteg sinn, ouni iwwer eng unerkannte berufflech Qualifikatioun fir de Beruff vum Educateur ze verfügen. Si féiert zum staatlechen Educateursdiplom.

D'Formatioun dauert dräi Joer a setzt sech zesummen aus:

  • 16 Stonnen theoreetesche Coursë wärend de Schoulzäiten, déi zwee Deeg hannerteneen an der Woch ofgehale ginn,
  • Selbststudium,
  • Beruffspraxis, begleet vu pedagogescher Selbstreflexioun.

Fir zu der Formatioun zougelooss kënnen ze ginn, muss de Kandidat:

  • den 1. September virun der Rentrée op d'mannst 21 Joer al sinn,
  • 12 Méint (onënnerbrach oder ënnerbrach) Erfarung am sozio-edukative Secteur hunn,
  • en Aarbechtsvertrag am Erzéiungs- a Sozialberäich hunn, deen op d'mannst iwwer 16 Stonnen an der Woch leeft,
  • d'Éischtausbildung zanter mindestens 12 Méint verlooss hunn,
  • eng 3e vum ESC/ESG, en DAP am Beräich vun de Gesondheets- a Sozialberuffer oder e gläichwäertegen auslänneschen Diplom gepackt hunn an déi erfuerderlech Sproochekenntnisser hunn.

Méi iwwer d'Formatioun vum Educateur en alternance vun der ENAD gewuer ginn

Diplôme d'accès aux études supérieures (DAES)

Den Diplom fir den Zougang zu Héichschoulstudien (Diplôme d’accès aux études supérieures - DAES) erlaabt et Erwuessenen, déi aus iergendengem Grond keen Ofschlossdiplom vum Secondaire hunn, esou en Diplom ze kréien. Genee wéi den Diplôme de fin d'études secondaires ass den DAES en nationalen Diplom, mat deem ee sech an eng Héichschoul zu Lëtzebuerg oder am Ausland aschreiwe kann; e mécht och d'Dieren op fir den Astig oder d'Weiderentwécklung am Beruffsliewen; a schliisslech erlaabt en et och, d'Opnamexame vun der Fonction publique ze maachen.

Den DAES riicht sech ausserdeem un d'Titulairë vum DAP, vum Brevet de maîtrise a vum Diplôme de technicien, déi am Kader vun der Erwuessenebildung direkten Zougang zu Héichschoul- an Universitéitsstudie kréie wëllen (allgemeine Hochschulreife).

Méi iwwer den DAES gewuer ginn

Kontakt

École Nationale pour Adultes

1, avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette

www.enad.lu