D'Aktivitéit vun Dageselteren

Lescht Aktualiséierung : 03.12.2025

Allgemenges

D'Aktivitéit vun Dageseltere (Assistance parentale) besteet doran, reegelméisseg a géint Bezuele Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer oder Kanner, déi d'Grondschoul oder d'Education différenciée nach net verlooss hunn, dagsiwwer an/oder nuets am Optrag vun der Persoun/de Persounen, déi d'Suergerecht fir d'Kand huet/hunn, ze betreien. Dës Aktivitéit ass eng Déngschtleeschtung, déi Dageseltere selbststänneg bei sech doheem erbréngen.

Laut dem Artikel 3 (1) vum geännerte Gesetz vum 15. Dezember 2017 iwwer d'Reglementatioun vun der Aktivitéit vun Dageselteren däerf "keen, weder haapt- nach nieweberufflech, d'Aktivitéit vun engem Assistant parental ausüben, ouni am Besëtz vun engem Agrement ze sinn."

En Agrement als Dageselteren gëtt nëmme Persounen accordéiert, déi déi néideg berufflech Qualifikatioun noweise kënnen. Persounen ouni Basisausbildung am sozio-edukative Beräich oder am Gesondheets- a Fleegeberäich mussen, fir den Agrement ze kréien, d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen.

Dageseltere ginn

D'Zuel vu Kanner, déi Dageseltere maximal gläichzäiteg betreien däerfen, ass op 5 Kanner limitéiert, an dovunner däerfe maximal zwee Kanner manner wéi 2 Joer al sinn (déi eege Kanner vu manner wéi 2 Joer mat abegraff).

Fir seng Aktivitéit ausüben ze kënnen, muss den Assistant parental en Agrement vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend hunn.

Fir en Agrement als Dageselteren ze kréien, mussen d'Kandidaten déi follgend Bedéngungen erfëllen:

  • Iwwer 18 Joer al sinn.
  • Kierperlech a psychesch an der Lag sinn, Kanner ze betreien.
  • Reegelméisseg a wärend mindestens 20 Stonnen am Joer u Weiderbildungs- an Supervisiounsseancen deelhuelen.
  • E Projet d'établissement presentéieren, deen d'Offer an d'Konzept fir d'Kannerbetreiung beschreift.
  • E Certificat vum Dokter virleeën, dee viru manner wéi 30 Deeg ausgestallt gouf an déi kierperlech a psychesch Eegnung vun de Kandidaten, fir d'Aktivitéit vun Dageselteren auszeféieren, an och déi vun hirem Ersatz, fir déi temporär Betreiung vun de Kanner, déi den Dageselteren uvertraut ginn, ze iwwerhuelen, bestätegt.
  • E Beweis fir hir perséinlech Affiliatioun bei der Sécurité sociale an den Ofschloss vun enger vertraglecher Haftpflichtversécherung virleeën.
  • E Beweis fir hire Kompetenzniveau B2, wéi en am "Gemeinsamen europäesche Referenzkader fir Sproochen" definéiert ass, an op d'mannst enger vun den dräi administrative Sproochen, déi am Artikel 3 vum geännerte Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwer de Sproocheregime virgesinn sinn, oder Dokumenter, déi bestätegen, datt d'Kandidaten op d'mannst siwe Joer Schoulbildung zu Lëtzebuerg am Kader vum lëtzebuergeschen ëffentlechen Enseignement oder vum privaten Enseignement, an deem déi lëtzebuergesch Léierpläng ugewant ginn, ofgeschloss huet, virleeën.

Wat déi néideg berufflech Ausbildung ubelaangt, sou mussen d'Kandidaten déi follgend 2 Konditiounen alleguer erfëllen:

  • Eng vun de follgende Formatiounen opweisen:
    1. En Diplom am psychosozialen, pedagogeschen, sozio-edukativen oder gesondheetleche Beräich hunn.
    2. De Certificat vun der Formatioun fir Sozial- a Familljenhëllef (Aide socio-familiale) hunn.
    3. De Certificat vun der Formatioun fir Dageselteren hunn.
  • D'Virformatioun fir d'Virbereedung op d'Ausüben an d'Organisatioun vun der Aktivitéit als Dageseltere matgemaach hunn.

Persounen, déi keng Grondausbildung am sozio-edukative Beräich oder am Gesondheets- a Fleegeberäich hunn, mussen d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen, fir den Agrement ze kréien.

Agrementsprozedur: Wéi gesinn déi verschidden Etappen aus?

  • Kandidaten, déi drun interesséiert sinn, d'Aktivitéit als Dageselteren auszeüben, musse sech un d’Agence Dageselteren 1 wenden a sech fir eng Informatiounssëtzung aschreiwen. Dës Informatiounsveranstaltung erlaabt de Kandidaten, sech bewosst ze ginn, wat d'Aktivitéit als Dageseltere mat sech bréngt.
  • Duerno reechen d'Kandidaten en Dossier de candidature beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an, zesumme mat engem Deel vun de Beleeger.
  • Wann den Dossier de candidature komplett ass, ginn d'Kandidate vun der Agence Dageselteren convoquéiert, fir déi (käschteflichteg) obligatoresch Virformatioun vu 6 Deeg matzemaachen, déi op d'Ausüben an d'Organisatioun vun der Aktivitéit als Dageseltere virbereede soll.
  • No der Informatiounsveranstaltung an der Virformatioun reechen d'Kandidaten déi Dokumenter, déi nach feelen souwéi hire Projet d'établissement (PE) beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (Service de l'éducation et de l'accueil) an.
  • Wann den Dossier komplett ass an de PE validéiert gouf, ginn d'Kanidate vum Ministère kontaktéiert, fir eng Visite d’agrément op der Plaz, wou d'Aktivitéit ausgeüübt gëtt, ze organiséieren (dës Visitt gëtt bannent maximal 3 Méint nom Areeche vum Dossier organiséiert).

Dageselteren, déi d'Virformatioun matgemaach hunn an déi néideg initial berufflech Qualifikatioun, déi d'Gesetz virgesäit, opweise kënnen, kréien en Agrement fir eng Dauer vu maximal 5 Joer.

Déijéineg, déi net déi gefrote berufflech Qualifikatioun hunn, mussen d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen a kréien en net verlängerbare provisoreschen Agrement fir eng Dauer vun 3 Joer.

1 Formatiouns-, Informatiouns- a Berodungsservice fir Dageselteren

Formatioun fir Dageselteren

Dageselteren, déi d'Virformatioun ofgeschloss hunn an net déi néideg initial berufflech Qualifikatioun, déi d'Gesetz virgesäit, opweise kënnen, mussen d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen.

Dës Formatioun ëmfaasst op d'mannst 100 Stonne Cours an op d'mannst 40 Stonne Stage an engem agreéierten Educatiouns- a Betreiungsservice.

D'Formatioun fir Dageselteren gesäit déi follgend Modülle vir:

  1. Charakteristiken a pedagogesch Grondsätz vun der net formeller Erzéiung
  2. Grondkenntnisser iwwer d'Entwécklung vum Kand
  3. Kommunikatioun a Gestioun vu Konflikter
  4. Ernärung vu Kanner a Liewensmëttelhygiene
  5. Déi net formell Aktiouns- an Educatiounsberäicher, déi am nationale Referenzkader definéiert sinn
  6. Berufflech an administrativ Aspekter am Zesummenhang mat der Aktivitéit als Dageselteren
  7. Erzéiungsaktiounen an der Famill

D'Formatioun fir Dageselteren gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend op der Basis vum Avis vun der Kommissioun fir d'Formatioun vun Dageselteren certifiéiert, ënnert der Bedéngung, datt:

  • den Apprenant u mindestens 80 % vun de Coursë vun all Modüll vun der Formatioun fir Dageselteren aktiv deelgeholl huet;
  • den Apprenant de Stage vu 40 Stonnen an engem agreéierten Educatiouns- a Betreiungsservice gemaach huet;
  • den Apprenant bei engem Bilansgespréich der Kommissioun fir d'Formatioun vun Dageselteren de Formatiounsdossier presentéiert huet, an deem déi verschidden Acquisen aus der Formatioun an dem Stage opgelëscht sinn.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de l'éducation et de l'accueil

33, Rives de Clausen
L-2926 Luxembourg

men.public.lu/fr/systeme-educatif/enfance.html


+352 247 95100

ap.sea@men.lu
arcus Kanner, Jugend a Famill
Agence Dageselteren

52 B, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

www.arcus.lu/profile/4/agence-dageselteren


+352 26 20 27 94 1