Bei verschiddenen Demanden, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit unzefroen, gesäit d'Prozedur d'Deelhuelen un engem Lëtzebuergeschcours mat engem agreéierte Programm vir.
Laut de Bestëmmunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit kënne Formatiounsinstituter en Agrement vu Programmer fir Lëtzebuergeschcoursen ufroen.
Wann eng groussjäreg Persoun, déi op d'mannst zanter 20 Joer rechtméisseg zu Lëtzebuerg wunnt, eng Demande mécht, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun ze kréien, gesäit d'Prozedur vir, datt dës Persoun un engem Lëtzebuergeschcours deelhuele muss, deem säi Programm vum Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, agreéiert ass.
D'Konditiounen an d'Prozedur déi ze respektéieren ass fir e ministeriellen Agrement fir en Ufängerkurs an der luxemburgescher Sprooch ze kréien fënnt een op der Websäit vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Den Agrement vu Programmer fir lëtzebuergesch Sproochecoursë laut de Bestëmmunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit ass strikt op agreéiert lëtzebuergesch Sproochecoursë limitéiert a ka vum Prestataire net fir aner Zwecker benotzt ginn.
Den Agrement vun de Programmer muss all 2 Joer erneiert ginn. Wärend dësem Zäitraum verflicht de Prestataire sech, de Service vun der Erwuessenebildung iwwer all Ännerung vun den Donnéeën, déi bei der Agrementsdemande matgedeelt goufen (gesetzleche Vertrieder, Sëtz, Formatiounsprogramm …), ze informéieren.
D'Coursen mussen d'offiziell Bezeechnung droen: "Cours visant à offrir une initiation à la langue luxembourgeoise en expression orale et en compréhension de l’oral, conformément à l’article 28 de la loi modifiée du 8 mars 2017 sur la nationalité luxembourgeoise".