Bei den Inhalt goen

De Formatiounsplang opstellen

Fir sech den Erausfuerderunge vun haut a vu muer ze stellen, mussen d'Entreprisen hir Performance optiméieren an hir Kompetitivitéit ofsécheren, an dat besonnesch iwwer Mataarbechter, déi kompetent a motivéiert sinn.

D'Formatioun erlaabt dem Employeur, d'Kompetenze vu senge Mataarbechter un d'Besoine vum Betrib, dee sech stänneg weiderentwéckelt, unzepassen. Dobäi kann et sech ëm Upskilling handelen, wou d'Kompetenzen, déi spezifesch fir e Beruff oder en Aarbechtsberäich sinn, weiderentwéckelt ginn, oder ëm Reskilling, wou nei Kompetenzen am Hibléck op eng Ëmschoulung am Betrib opgebaut ginn.

Mam Formatiounsplang kritt d'Entwécklung vun de Kompetenze vun de Mataarbechter eng strateegesch Dimensioun, déi dem Projet vun der Entreprise zegutt kënnt.

De Formatiounsplang gëtt a verschiddenen Etappen opgestallt: Analys vun de Formatiounsbesoinen, Organisatioun vun de Formatiounen, Evaluatioun an Nëtzlechkeet an der Aarbechtssituatioun. E strukturéiert an organiséiert d'Formatiounsprojete fir d'Salariéen an der Entreprise um qualitativen an um quantitative Plang.

Entdeckt d'Formatiounen zum Theema Formatiounsplang, déi op lifelong-learning.lu ugebuede ginn

Fir d'Investissementer an d'Formatioun ze ënnerstëtzen, proposéiert de Staat eng finanziell Bäihëllef an Héicht vu 15% vum Betrag (steierflichteg), deen an d'Formatioun investéiert gëtt. Dat Ganzt nennt sech Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber, en Dispositif, deen d'Entreprisen aus dem Privatsecteur an Usproch huele kënnen.

Déi richteg Formatioune fannen

lifelong-learning.lu erliichtert den Akaf vu Formatiounen duerch den direkten Zougang zu 12 542 Formatioune vun 320 Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn. All d'Aktivitéitssecteure vun der Lëtzebuerger Wirtschaft sinn ofgedeckt.

Déi ugebuede Formatioune kënne gebonne sinn un d'berufflech Kompetenzen an de Beräicher Finanzen, Bauwiesen, Kommunikatioun, Industrie, Mechanik … oder éischter un déi transversal Kompetenzen, déi an all Betrib gebraucht ginn, wéi z.B. Sproochen, Gestion d’entreprise, Management, Informatik oder och nach perséinlech a berufflech Weiderentwécklung.

D'Formatioune kënnen no Krittäre wéi Formatiounsdomaine, Plaz vun der Formatioun, Dauer, gewënschten Niveau, Sprooch asw. gefiltert ginn. Den Inhalt vun all Formatioun gëtt vun deem jeeweilege Formatiounsinstitut am Detail beschriwwen.

Niewent der Sichmaschinn kann d'Entreprise och eng Rei vu Servicer op der Plattform lifelong-learning.lu an Usproch huelen, fir de Formatiounsplang vun hire Mataarbechter auszeschaffen an ze geréieren.

  • Ugebuede gi Formatiounssäll, déi ze verloune sinn, fir och déi logistesch Besoine bei der Organisatioun vu Formatiounen ofzedecken.
  • De Service vun der Publikatioun vun Ausschreiwunge fir Formatiounen op d'Mooss ass fir d'Entreprise en einfachen an effikasse Wee, fir eng Ufro un de Formatiounsmarché ze adresséieren. D’Entreprise publizéiert gratis an onverbindlech hire jeeweilege Formatiounsbesoin bei de Formatiounsinstituter, déi Member um Portal lifelong-learning.lu sinn, a kritt vun hinne passend Formatiounsléisungen ugebueden.
  • Den Annuaire vun den Entreprisen, déi Formatiounen akafen, ass e Service, deen Entreprisen, déi vu Formatiounsinstituter am Hibléck op eng künfteg Zesummenaarbecht wëlle kontaktéiert ginn, gratis a fräiwëlleg referenzéiert.

De Kofinanzement vun der Formatioun ufroen

Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi legal zu Lëtzebuerg etabléiert sinn an haaptsächlech hei aktiv sinn, kënne vun enger finanzieller staatlecher Bäihëllef fir d'Formatioun vun hire Mataarbechter profitéieren.

Dës Bäihëllef beleeft sech op 15% vum Joresbetrag (steierflichteg), deen an d'Formatioun investéiert gëtt, an esouguer op 35% fir d'Lounkäschte vu Mataarbechter, déi gewësse Krittären a Bezuch op Alter a Qualifikatioun erfëllen. Den Investissement an d'Formatioun ass a Funktioun vun der Gréisst vun der Entreprise plafonéiert.

De Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber baséiert um Formatiounsplang, deen d'Entreprise ausgeschafft huet an dee si mat hirer Kofinanzéierungsdemande presentéiert. Den INFPC begleet d'Entreprisen, wa si den Hëllefsdispositif an Usproch huelen, an iwwerpréift d'Kofinanzéierungsdemanden am Numm vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Accès op d'Kofinanzéierungsdemande

Méi Informatiounen iwwer de Kofinanzement

Fir den Dispositif vum Kofinanzement besser ze erfaassen an ze verstoen, stinn Iech en Tutorial-Video an e Simulator fir d'Berechnung vum Kofinanzement zur Verfügung.

Un der Infoveranstaltung iwwer de Kofinanzement deelhuelen

Un der Formatioun iwwer de Kofinanzement deelhuelen

Un der Informatiounsveranstaltung an der Formatioun iwwer de Kofinanzement deelhuelen

Informatiounsveranstaltung

Den INFPC organiséiert an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen Informatiounsveranstaltunge vun enger Stonn iwwer de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber.

Des Veranstaltunge riichte sech un Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi zu Lëtzebuerg etabléiert an haaptsächlech hei aktiv sinn. Si vermëttelen en Iwwerbléck iwwer den Dispositif vun de staatleche Bäihëllefe fir d'Formatioun vun de Mataarbechter.

Sech fir eng Informatiounsveranstaltung iwwer de Kofinanzement umellen

Formatioun

Den INFPC proposéiert d'Formatioun "Cofinancement de la formation en entreprise", déi sech u jiddweree riicht, deen an der Entreprise fir d'berufflech Weiderbildung zoustänneg ass.

D'Formatioun leeft iwwer e ganzen Dag a vermëttelt fir d'éischt eng theoreetesch Basis, déi et erlaabt, am Kader vun engem praktesche Beispill d'Prozedur fir den Zougang zum Kofinanzement nozevollzéien.

Sech fir d'Formatioun iwwer de Kofinanzement umellen

De Subside fir d'Lëtzebuergesch-Léieren ufroen

De Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt d'Beméiunge vun den Entreprisen am Beräich vun der Formatioun mat enger weiderer Zort vu Bäihëllef: dem Subside fir d'Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch.

Dëse Subside soll d'Integratioun vun auslännesche Mataarbechter am Betrib verbesseren, andeem d'Käschten am Zesummenhang mam Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch zum Deel iwwerholl ginn.

Méi Informatiounen iwwer de Subside fir d'Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch

Och Privatleit kënne vu Bäihëllefe fir d'Formatioun, déi ënner gewësse Bedéngungen accessibel sinn, profitéieren. Si kënnen a Form vu bezueltem Spezialcongé, der Organisatioun vun der Aarbechtszäit a vu spezielle Finanzbäihëllefen bereetgestallt ginn.

Méi Informatiounen iwwer d'Formatiounsbäihëllefe fir Privatleit

D'Tendenzen am Beräich vun der Formatioun am Betrib consultéieren

D'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang ufroen, investéieren 1,1% vun hirer Lounmass an d'Formatioun. Am Duerchschnëtt suivéieren d'Salariéë 4,1 Formatioune mat enger Dauer vun 3,2 Stonnen an d'finanziell Bäihëllef vum Staat beleeft sech op 122 Euro pro Salarié.

A senger neister Publikatioun analyséiert de Formatiouns-Observatoire d'Formatiounsaktivitéite vun de Betriber, déi fir d'Geschäftsjoer 2020 eng staatlech Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung ugefrot hunn.

All d'Informatiounen iwwer d'Formatiounspraktiken an de Betriber consultéieren