Lescht Aktualiséierung : 30.06.2026

Allgemenges

D'Meeschterkaart riicht sech un Erwuessener, déi hiren eegenen Handwierksbetrib grënnen a leede wëllen oder déi e Poste mat Verantwortung an engem Handwierks-, Industrie- oder Handelsbetrib iwwerhuele wëllen. D'Kandidate musse sech fir d'Formatioun bei der Chambre des Métiers aschreiwen. Den Diplom gëtt ausgestallt, nodeem een all d'Virbereedungscoursë suivéiert an all d'Exame gepackt huet.

D'Kandidate mussen ee vun de follgenden Diplomer hunn:

  • Diplôme d'Aptitude Professionnelle (DAP) oder fréieren CATP
  • Diplôme de technicien (DT)
  • Diplôme de fin d'études secondaires classiques (DFESC)
  • Diplôme de fin d'études secondaires générales (DFESG)
  • Iergendeen Diplom vum post-secondairen Unterrecht (BTS, Bachelor, Master,…)
  • En auslänneschen Diplom oder Certificat, dee vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend unerkannt ass

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Formatiounen, déi mat enger Meeschterkaart ofgeschloss ginn

Domaine d'activité Alimentation

  • Artisan en Alimentation
     (Boucher, Boulanger-Pâtissier, Traiteur)

Domaine d'activité Mode, Santé, Hygiène

  • Artisan en Beauté
     (Coiffure, Esthétique)
  • Couturier
  • Instructeur de natation
  • Opticien
  • Prothésiste dentaire

Domaine d'activité Mécanique

  • Constructeur-réparateur de carrosseries
  • Débosseleur-peintre de véhicules automoteurs
  • Instructeur de la conduite automobile
  • Mécanicien en mécanique générale
  • Mécanicien machines agricoles
  • Mécatronicien d'automobiles

Domaine d'activité Construction et habitat

  • Artisan en Toiture
     (Charpentier, Couvreur, Ferblantier-zingueur)
  • Artisan en Bois & Métal
     (Menuiserie de bois, Serrurerie en construction)
  • Artisan en Génie Technique du Bâtiment
     (Technique d'installations CVC et sanitaires,
      Technique d'exploitation électrique)
  • Artisan en finition du bâtiment
     (Carreleur, Marbrier-tailleur de pierres,
      Plafonneur-façadier, Peintre-décorateur)
  • Entrepreneur de construction

Virbereedungscoursen

D'Virbereedungscoursë fir d'Meeschterkaart sinn a Modüllen opgedeelt an decken 2 Voleten of:

  • Organisatioun a Gestioun vun Entreprisen an ugewannt Pedagogik
  • Berufflech Technologie a Praxis

D'Formatioun dauert am Prinzip 3 Joer, d'maximal Dauer, fir all d'Modüllen ze packen, ass awer op 6 Joer festgeluecht. D'Coursë ginn am Prinzip an der Woch owes an iwwer de Weekend ofgehalen.

D'Kandidate kënnen hire Parcours no hirem eegene Rhythmus organiséieren. Sie wielen all Joer bei der Aschreiwung déi Modüllen aus, déi si besiche wëllen. D'Coursë fänken am Prinzip Mëtt September un a lafe bis Abrëll d'Joer duerno, mat e puer Ausnamen, déi bis Mee/Juni daueren. Méi Informatiounen iwwer déi genee Dauer kritt ee bei der Chambre des Métiers.

D'Umeldungskäschte fir d'Virbereedungscoursë leie bei 600 Euro pro Umeldungsjoer. D'Umeldungskäschte fir d'Exame leie bei 300 Euro pro Examenssessioun.

D'Lëscht vun den zougängleche Beruffer an d'Programmer uweisen

Examen

D'Chambre des Métiers organiséiert 2 Examenssessioune pro Joer.

D'theoreteesch Examen

  • Éischt Sessioun: wärend der Ouschtervakanz a wärend der Päischtvakanz (Abrëll/Mee)
  • Zweet Sessioun: Oktober

Beruffleche Projet

Soubal de Kandidat d'Exame vun den Technologie-Modülle gepackt huet, kann hie sech fir de beruffleche Projet (=prakteschen Examen) umellen.

Bedéngungen, fir zu den Examen zougelooss ze ginn

Fir zu den theoreteeschen Examen zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten u mindestens 80 % vun de Coursen, fir déi si ugemellt waren, deelgeholl hunn an hir Aschreiwungskäschte bannent de virgeschriwwenen Delaie bezuelt hunn.

Fir zu de beruffleche Projeten zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten all d'Exame vun den Technologie-Modülle gepackt hunn an hir Aschreiwungskäschte bannent de virgeschriwwenen Delaie bezuelt hunn.

Bei all Sessioun kënnen d'Kandidaten d'Examen an de Fächer Gestioun vun Entreprisen, ugewannt Pedagogik an Technologie ofleeën. D'Exame vum beruffleche Projet sinn eemol am Joer tëschent dem 1. Mäerz an dem 31. Dezember.

D'Umeldunge gi vum 1. Juni bis spéitstens de 15. August ugeholl. D'Kandidate musse sech bei all Sessioun nei fir d'Coursen an d'Examen umellen.

Validation des acquis de l'expérience

D'Meeschterkaart kann een och ganz oder deelweis iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) kréien.

Méi iwwer d'VAE

Kontakt

Chambre des Métiers
Service Brevet de Maîtrise et Formation Continue

2, Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg

formations.cdm.lu/de/meisterbrief