Lescht Aktualiséierung : 19.05.2026

Presentatioun vun der Formatioun 1re DAP

Titulairë vun engem Diplôme de fin d'études secondaires classiques oder générales oder en Diplôme de technicien (oder engem gläichwäertegen Ofschloss) hunn d'Méiglechkeet, eng Beruffsausbildung vun engem Joer ze maachen, déi mam Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) ofgeschloss gëtt.

Dës Formatioun ass ausgeluecht, fir op eng intensiv Aart a Weis eng berufflech Qualifikatioun ze kréien. An nëmmen engem Joer ass et méiglech, e konkreete Beruff ze léieren an auszeüben, wou Geschécklechkeet genee sou wichteg ass wéi Präzisioun, Fachwëssen a Kontakt mam Client.

Organisatioun vun der Formatioun

Jee no gewieltem DAP ëmfaasst de Formatiounsprogramm tëscht 35 a 40 Stonne Schoul pro Woch. Dobäi gi prakteschen a fachlechen Unterrecht an der Schoul mat Stagen a Betriber kombinéiert.
D'Formatioun gëtt vum Service de la Formation professionnelle (SFP) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert an ass en integrale Bestanddeel vum lëtzebuergesche Schoulsystem.
Fir d'Formatioun 1re DAP gëllt am Prinzip de Schoulkalenner, vum 15. September bis de 15. Juli.

Ugebuede Formatiounen

Vun der Rentrée 2026/2027 un

Formatioun 1re DAP Formatiounsinstitut
  • Estheticien
  • Qualifizéierte Gestionnaire an der Logistik
  • Zerspanungsmechaniker
  • Schräiner
Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) - Esch-sur-Alzette
  • Kach
  • Pâtissier Zockerbäcker Schockela- a Glacenhiersteller
Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) - Ettelbruck
  • Landschaftsgestalter
Lycée technique agricole - Gilsdorf

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service dde la formation professionnelle

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

www.men.public.lu