Lescht Aktualiséierung : 27.02.2026

Allgemenges

Mat der Validation des acquis de l'expérience (VAE) kann ee seng Erfarung unerkenne loossen, fir Zougang zu engem BTS-Studium (Brevet de technicien supérieur) oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien.

D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.

Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten wärend engem Zäitraum, dee mindestens 3 Joer Vollzäit entsprécht, eng berufflech Aktivitéit als Salarié oder Selbststännegen oder eng benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung am direkten Zesummenhang mat der ugestrieftener Certificatioun an dem betraffenen Domaine.

D'VAE ka benotzt ginn, fir en Deel vun de Kenntnisser a Kompetenzen nozeweisen, déi ee brauch, fir e BTS ze kréien. Si erlaabt dem Kandidat, deelweis vu bestëmmte Coursen oder Modüllen am jeeweilege Studiegang fräigestallt ze ginn. De Kandidat muss awer Coursë mat mindestens 30 ECTS-Kreditter am betraffene Studieprogramm beleeën.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Wichteg Informatioun

Dir wëllt méi doriwwer gewuer ginn?

Den INFPC organiséiert gratis Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Validation des acquis de l'expérience (VAE)

Méi Informatiounen op www.infpc.lu

Erausfannen, wéi en Diplom der eegener Erfarung entsprécht

Fir erauszefannen, wéi en Diplom senger eegener Erfarung entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, sech d'Lëscht unzekucken a sech bei de betraffene Lycéeën ze renseignéieren. Net all d'BTSe si schonn iwwer d'VAE zougänglech: op d'mannst ee Joergang vu Studente muss schon eng Kéier e kompletten Zyklus absolvéiert hunn, éier déi entspriechend Prozedur kann ëmgesat ginn.

Demarchen

D'Demande fir d'Validation des acquis de l'expérience gëtt un d'Direktioun vum betraffene Lycée geschéckt. Si gëtt begleet vun engem Dossier, an deem d'Kenntnesser, d'Kompetenzen an d'Fäegkeeten, déi de Kandidat sech duerch Erfarung ugëeegent huet an déi zum Formatiounsprogram vum betraffene BTS gehéieren, mussen erkläert ginn. Den Dossier muss och Beweisdokumenter enthalen. Et geet net duer, d'Kompetenzen, déi een huet, ze beschreiwen, si mussen och kënnen iwwerpréift ginn.

Op Virschlag vum Direkter vum Lyée ernennt de Minister fir all betraffene BTS-Formatiounsprogramm eng VAE-Kommissioun.

Dës Kommissioun iwwerpréift d'Validatiounsdemande an den Dossier. Si kann och e Gespréich mam Kandidat féieren, en Exame maachen oder d'Versetzen an eng reell oder nogestallte Situatioun virgesinn.

D'Kommissioun entscheet iwwer d'Validatioun vun den Acquisen an hiren Ëmfang. Fräistellunge vu Coursen oder Modüllen, déi dem Kandidat vun der VAE-Kommissioun zougestane ginn, gi vun der Examenskommissioun validéiert.

Kontakt

Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Service Information études supérieures

18-20, Montée de la Pétrusse
L-2327 Luxembourg

mengstudien.public.lu/fr.html

mesr.gouvernement.lu/fr.html


+352 247 88650

etudes@mesr.etat.lu