Bong fir e reduzéierten Tarif

Zu engem reduzéierten Tarif Coursë suivéieren, déi vum Service fir Erwuessenebildung (SFA)
a vum Nationale Sproocheninstitut (INLL) organiséiert ginn
Lescht Aktualiséierung : 25.06.2026

Eligibel Coursen

De Bong fir e reduzéierten Tarif gëllt nëmme fir:

  • déi allgemeng Coursen, déi vun de Lycéeën, de Gemengen oder den Asblen ënnert der Koordinatioun vum Service fir Erwuessenebildung (SFA) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ugebuede ginn

    Déi allgemeng Coursë consultéieren

  • d'Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschcoursen (1 vun den 3 administrative Landessproochen) oder d'Engleschcoursen, déi vum Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg (INLL) ugebuede ginn

    Sech iwwer d'Coursë vum INLL informéieren

Betraffe Persounen

De Bong fir e reduzéierte Tarif gëtt follgende Persounen accordéiert:

  • Demandeurs d’emploi, déi vun der Aarbechtsagence (ADEM) an e Cours geschéckt ginn an indemniséiert ginn, wann et sech ëm e Sproochecours beim INLL handelt,
  • Beneficiairë vum Akommes fir sozial Inklusioun (REVIS), déi vum Office national d’inclusion sociale (ONIS) oder vun den Agents régionaux d'inclusion sociale (ARIS) an e Cours geschéckt ginn,
  • Persounen, déi internationale Schutz ugefrot hunn a vum Office national de l’accueil (ONA) als bedierfteg unerkannt goufen,
  • Persounen, déi en Opnam- an Integratiounsvertrag (CAI) ënnerschriwwen hunn, fir Coursen an enger vun den dräi administrative Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch),
  • Persounen, déi vun de kommunalen oder regionalen Office-sociallen als bedierfteg unerkannt goufen

D'Bonge kënnen an der Praxis och déi follgend Bezeechnungen hunn: Bon ADEM, Bon MFSVA-CAI, Bon ONIS, Bon ARIS, Bon ONA-DPI oder Bon offices sociaux. De Bong muss bei der Aschreiwung virgeluecht ginn.

De Bong fir e reduzéierten Tarif gëtt fir eng spezifesch Matière ausgestallt an ass 6 Méint laang gëlteg. D'Persounen, déi dovunner profitéieren, engagéiere sech, un op d'mannst 70 % vun de Coursen deelzehuelen an e Bilan vun de Kompetenzen, déi si sech ugëeegent hunn, virzeleeën. Dëst ass och d'Konditioun, fir vun engem weidere Bong profitéieren ze kënnen.

Fir d'Coursen am Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg (INLL) gëllen déi reduzéiert Aschreiwungskäschten fir méi Bongen déi pro Semester benotzt kënne ginn (ee Bong pro Sprooch).

De Betrag vun den Aschreiwungskäschten deckt d'Käschte fir de Kaf vun didakteschem Material, vu Fotokopien oder anerem Material, dat fir de Cours néideg ass, net of.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
SFA - Service de la formation des adultes

+352 8002 4488

sfa@men.lu
INLL - Institut national des langues Luxembourg

+352 26 44 30 1

cours@inll.lu