Spezialiséiert Coursë fir blann oder séibehënnert Persounen an daf oder héiergeschiedegt Persounen.
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert am Kader vun der Erwuessenebildung an an enker Zesummenaarbecht mam CDV speziell Coursë fir blann a séibehënnert Persounen a fir all Persoun, déi interesséiert a betraff ass.
D'Coursen am Kader vun der Erwuessenebildung fannen a klenge Gruppe statt, fir op déi individuell Besoine kënnen anzegoen, a sinn a 5 verschidden Domainer ënnerdeelt:
D'Enseignantë passen drop op, d'Virkenntnesser vu jiddwerengem ze respektéieren an d'Limitten a Behënnerunge vun den ageschriwwene Persounen ze berücksichtegen.
D'Coursë si gratis a lafen normalerweis iwwer en Zäitraum vu 36 Wochen.
D'Stad Lëtzebuerg bitt Coursen an däitscher Gebäerdesprooch fir Ufänger (DGS1 - Deutsche Gebärdensprache 1), e Cours avancé (DGS2 - Deutsche Gebärdensprache 2) an e Cours DGS3 un.
Déi Coursë ginn am Centre Sociétaire Cents, 167, rue de Trèves L-2630 Luxembourg, ofgehal.
Et gëtt drop higewisen, datt d'Coursë sech un all Persounen adresséieren, déi d'Gebäerdesprooch léiere wëllen, sief et aus perséinlechem Interessi oder well se Kontakt mat Persounen hunn, déi héiergeschiedegt oder daf sinn oder spezifesch Besoinen hunn, oder well hire Beruff a Verbindung steet mat Persounen, déi spezifesch Besoinen hunn.