Besser liesen, schreiwen a rechne léieren a sech an enger Welt erëmfannen, déi ëmmer méi digitaliséiert gëtt
D'Grondbildungscoursë riichte sech u Leit, déi d'Unterrechtssprooch zwar schwätzen, awer:
D'Grondkompetenze sinn en zolidd Fundament fir méi selbststännegt a verdéift Léieren zu engem spéidere Moment.
An engem Gespréich ermëttelt an evaluéiert den Enseignant d'Schwieregkeete vum Apprenant: beim Liesen, Schreiwen, Rechnen, beim Gebrauch vun engem Handy oder Computer. Nodeem de Bedarf analyséiert gouf, ginn d'Léierziler zesumme festgeluecht.
D'Coursë si gratis a ginn a klenge Gruppen am Dag oder owes ugebueden. De Rhythmus vun der Formatioun kann tëschent zwou a sechs Stonne pro Woch variéieren, jee no Bedarf vum Apprenant. Fir un de Coursen deelzehuelen, brauch ee keng Bicher.
Et fänke reegelméisseg nei Coursen un.
Den Inhalt vun der Formatioun konzentréiert sech op de personaliséierte Projet vum Apprenant:
D'Coursë ginn zu Belval, Iechternach, Ettelbréck, Clausen, Miersch, Waarken a Wolz ugebueden.