Lescht Aktualiséierung : 27.06.2025

Allgemenge Kader

Salariéen, déi an enger Entreprise schaffen, déi en Horaire mobile ageriicht huet, kënnen en Amenagement vun hirer Aarbechtszäit ufroen, fir méi einfach u Formatiounen deelhuelen ze kënnen.

Duerch den Horaire mobile, deen eng flexibel Gestioun vun der Aarbechtszäit erlaabt, huet de Salarié d'Méiglechkeet, seng Schaffzäiten an d'Dauer vu senger Aarbechtszäit ënner bestëmmte Konditiounen u seng perséinlech Besoinen upassen.

Beim Amenagement vun der Aarbechtszäit vum Salarié si follgend Aspekter ze berücksichtegen:

  • d'Besoine vum Service an déi berechtegt Wënsch vun den anere Mataarbechter,
  • d'gesetzlech Limitte vun der Aarbechtsdauer: Ausser a gesetzlech gereegelten Ausnamefäll däerf d'Aarbechtszäit net iwwer 10 Stonnen den Dag an 48 Stonnen d'Woch leien,
  • d'Reegelen, déi am Kader vun der Horaire mobiles-Reegelung am Virfeld festzeleeë sinn.

Recommandatiounen

Iwwer der gesetzleche Kader eraus ginn et Recommandatioune fir d'Partner, déi an d'Gestioun vun den Horaire mobiles-Regelungen agebonne sinn, fir de Besoine vun den Apprenantë méi effikass gerecht kënnen ze ginn.

D'Horaire mobiles-Regelung an enger Entreprise kann deemno virgesinn, datt:

  • fir d'Gestioun vun de Stonnen, déi um Enn vun enger Referenzperiod bei den Apprenantë feelen, eng spezifesch Léisung gëllt. Zum Beispill kann d'Héchstzuel vun de Stonnen, déi pro Referenzperiod feelen däerfen, fir de Salarié, dee sech weiderbilt, eropgesat ginn, genee wéi den Zäitraum, bannent deem den Defizit muss opgeschafft ginn, ka verlängert ginn,
  • déi fest Plagen, wärend deenen d'Apprenanten obligatoresch musse present sinn, kënnen individuell un déi spezifesch Contraintë vun dëse Persounen, déi sech weiderbilden, ugepasst ginn,
  • d'Gesamtamplitude (Ufank an Enn vun der Aarbechtszäit) mat de festen a flexibele Plagë kann iwwer déi normal Limitten eraus verlängert ginn.

Refus vum Employeur

Bei den Entreprisë ka gefuerdert ginn, dass déijéineg, déi:

  • entweder refuséieren, engem Apprenant e flexibelen Amenagement vu senger Aarbechtszäit ze erméiglechen,
  • oder refuséieren, d'Schaffzäiten am Sënn vun dëser Moossnam ze amenagéieren,

hire Refus duerch d'Besoine vum Service oder duerch zwéngend Grënn am Zesummenhang mat der rationeller Organisatioun vum Betrib begrënnen.

Am Betrib kann eng intern Instanz ageriicht ginn, déi zesumme mat de Personalvertrieder Entscheedungen trëfft, wann et zu Oneenegkeete bei der Appreciatioun vun de Grënn am Kader vum Horaire mobile kënnt.

Limitte vum Dispositif

Besoine vum Service an zwéngend Grënn am Zesummenhang mat der rationeller Organisatioun vum Betrib kënnen der Demande vum Salarié oder vun de Personalvertrieder, fir eenzel oder gemeinsam vun enger Horaire mobiles-Reegelung profitéieren ze kënnen, entgéintgesat ginn. Et handelt sech deemno net ëm en absolut Recht.

Kontakt

Chambre de commerce:
+352 42 39 39 1

Chambre des métiers:
+352 42 67 67 1

Chambre d'agriculture:
+352 31 38 76 1

Chambre des salariés:
+352 2749 4200