Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit

Lescht Aktualiséierung : 04.12.2025

Allgemenges

Fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun oder duerch Optioun ze kréien, mussen déi betraffe Persounen de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" virleeën an de "Sproochentest Lëtzebuergesch" gepackt hunn.

Naturalisatioun oder Optioun: Bedéngungen

1. All groussjäreg Persoun, déi net Lëtzebuerger ass an d'Konditiounen, déi ënne genannt ginn, erfëllt, kann eng Demande fir d'Naturalisatioun maachen.

  • zanter mindestens 5 Joer legal zu Lëtzebuerg wunnen. Am leschte Joer virun der Naturalisatiounsdemande muss Lëtzebuerg ouni Ënnerbriechung de Wunnuert vum Demandeur gewiescht sinn.
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch hunn, an dës duerch e Certificat noweisen, dee bestätegt, datt de Kandidat den Exame fir d'Evaluatioun vun der lëtzebuergescher Sprooch gepackt huet;
  • um Cours "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" deelgeholl hunn oder den Examen "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" gepackt hunn.

2. All Persoun, déi net Lëtzebuerger ass an d'Bedéngunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 erfëllt, kann d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun kréien.

  • An deene Fäll, déi hei ënne genannt sinn, ass de Certificat "Vivre ensemble" an eng Evaluatioun vum Niveau am Lëtzebuergeschen eng Bedéngung, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun ze kréien:
    • Elterendeel vun engem lëtzebuergesche Mannerjäregen;
    • Bestietnes mat engem bzw. enger Lëtzebuerger(in);
    • groussjäreg Persoun, déi d'Engagementer aus dem Opnam- an Integratiounsvertrag erfëllt respektiv d'Modüllen iwwer d'Aféierung an d'Liewen zu Lëtzebuerg besicht huet, déi am Kader vum Biergerpakt fir interkulturellt Zesummenliewen organiséiert ginn;
    • groussjäreg Persoun, déi sech virum Alter vun 18 Joer zu Lëtzebuerg niddergelooss huet;
    • groussjäreg Persoun, déi de Statut vun engem Apatride, engem Flüchtling oder engem subsidiär Schutzberechtegten huet;
  • Bei Groussjäregen, déi zanter mindestens 20 Joer hire reegelméissegen Openthalt zu Lëtzebuerg hunn, gëtt nëmmen eng Certificatioun vu 24 Stonne Lëtzebuergeschcours fir d'Optiounsprozedur gefrot.

D'Acquisitioun vun der lëtzebuergescher Nationalitéit ass ëmmer un d'Konditioun vun der Honorabilitéit gebonnen.

Méi Informatiounen op guichet.lu

De Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg"

D'Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit gesäit vir, datt de Kandidat de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" virleeë muss, deen attestéiert, datt de Kandidat entweeder un deene 24 Stonne Cours deelgeholl huet oder en Exame gepackt huet.

D'Coursen an den Exame ginn iwwer follgend Matièren ofgehalen:

  1. Fundamental Rechter vun de Bierger (6 Stonnen);
  2. Staatlech a kommunal Institutiounen am Groussherzogtum Lëtzebuerg (12 Stonnen);
  3. D'Geschicht vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an d'europäesch Integratioun (6 Stonnen).

De Service fir d'Erwuessenebildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass fir d'Organisatioun vum Cours a vum Examen "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" zoustänneg. D'Aschreiwung an de Cours oder fir den Examen ass gratis.

Bei de Persounen, déi de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" brauchen, ginn et verschidde Fäll:

  • Cours vu 24 St.
    Persounen, déi déi obligatoresch 24 Stonne Cours OUNI Exame maache wëllen
  • Cours vun 18 St.
    Persounen, déi de Certificat vun de Coursen an der Instruction civique am Kader vum Opnam- an Integratiounsvertrag (CAI) hunn
  • Examen
    Persounen, déi den Exame mache wëllen, ouni um Cours deelzehuelen

Sech iwwer d'Portal umellen

Opgepasst: D'Portal, fir sech unzemellen, ass nëmme vu Lëtzebuerg aus zougänglech.

Déi weider Modalitéite fir d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit stinn um Site vum Justizministère.

Evaluatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch - "Sproochentest Lëtzebuergesch"

Den Exame fir d'Evaluatioun vu der geschwater lëtzebuergescher Sprooch gëtt vum Nationale Sproocheninstitut (Institut national des langues - INLL) organiséiert. Den INLL ass den nationale Certificatiounszenter fir déi reglementéiert Diplomer a Certificaten an der Lëtzebuerger Sprooch.

Beim "Sproochentest Lëtzebuergesch" mussen 2 Epreuvë gepackt ginn:

  1. Mëndlech Epreuve / A2

    Den Niveau, dee gefrot gëtt, entsprécht dem Niveau A2 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GeRS) am mëndlechen Ausdrock an an der mëndlecher Interaktioun.

    "De Kandidat ka sech virstellen a mat einfache Wierder iwwert seng Famill, aner Leit, seng Liewensëmstänn, seng Ausbildung oder säi Beruff schwätzen. Hie kann och mat einfache sproochleche Mëttele Leit, Saachen an Aktivitéite beschreiwen a vergläichen."

  2. Epreuve vum Héierverstoen / B1

    Den Niveau, dee gefrot gëtt, entsprécht dem Niveau B1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GeRS) am Héierverstoen.

    "De Kandidat kann d’Haaptpunkte verstoen, wann eng kloer Standardsprooch gebraucht gëtt a wann et ëm vertraut Theme vun der Aarbecht, der Schoul, der Fräizäit asw. geet. E kann aus ville Radios- oder Televisiounssendungen d’Haaptinformatioune verstoen, wann et ëm aktuell Evenementer an ëm Themen aus sengem Beruffs- oder Interessegebitt geet a wa se relativ lues an däitlech geschwat ginn."

D'Datumer an d'Plaze vum "Sproochentest Lëtzebuergesch" an d'Konditiounen an d'Umeldunge fir d'Evaluatiounsepreuvë fannt Dir um Site vum INLL. De Kandidat gëtt spéitstens 15 Deeg virun der éischter Epreuve schrëftlech iwwer d'Datumer an d'Auerzäite vun der Sessioun informéiert.

Interesséiert Persoune kënne Lëtzebuergeschcoursë beim INLL besichen oder an de Coursen, déi vun de Gemengen oder vu privaten Organismen a Schoulen organiséiert ginn, matmaachen. Leit, déi nach guer keng Kenntnisser vun der lëtzebuergescher Sprooch hunn, mussen am Duerchschnëtt 400 Stonne Cours arechnen, fir d'Niveauen, déi gefrot ginn, ze erreechen.

Kuckt Iech hei d'Lëtzebuergeschcoursen un, déi um Portal publizéiert sinn.

Op Demande, a wann de Kandidat Beleger virweise kann, rembourséiert de Staat him ënner de Konditiounen, déi an engem groussherzogleche Reglement festgeluecht sinn, a bis zu enger Héicht, déi am selwechte Reglement festgeluecht ass, d'Aschreiwungskäschte fir den Exame fir d'Evaluatioun vun der lëtzebuergescher Sprooch.

Wunnsëtz säit mindestens 20 Joer – Certificatioun fir 24 Stonne Lëtzebuergeschcours

Wann eng groussjäreg Persoun, déi op d'mannst zanter 20 Joer rechtméisseg zu Lëtzebuerg wunnt, eng Demande mécht, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun ze kréien, gesäit d'Prozedur vir, datt dës Persoun un engem Lëtzebuergesch-Aféierungscours (mëndlechen Ausdrock an Héierverstoen) vun op d'mannst 24 Stonnen deelhuele muss. An dësem Fall ass déi Persoun vum "Sproochentest" a vum Cours oder Examen "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" fräigestallt.

Kontakt

Infoline "Nationalité"

Ëffnungszäiten
Méindes bis Freides 8h30 - 12h | 13h30 - 17h

Ministère de la Justice
Service de la nationalité luxembourgeoise
Centre Administratif Pierre Werner

13, rue Erasme
L-2934 Luxembourg

mj.gouvernement.lu/fr/service-citoyens/nationalite-luxembourgeoise.html


Luxembourg (Gratisnummer):
8002 1000

Aus dem Ausland:
+352 247 88588

info@mj.public.lu



Zertifikat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg"

Ëffnungszäiten
Méindes bis Freides 9h - 12h | 14h - 17h

Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation des adultes

15, rue Léon Hengen
L-1745 Luxembourg

men.public.lu/lb/systeme-educatif/formation-adultes.html


+352 247 85100

info@men.lu

Evaluatioun vun der lëtzebuerger Sprooch

Ëffnungszäiten
Méindes bis Donneschdes 8h - 12h | 13h - 17h
Freides 8h à 12h et 13h à 16h
Wärend den Schoulvakanzen zou

Institut national des langues

21, boulevard de la Foire
L-1528 Luxembourg

www.inll.lu/lu/


+352 26 44 30 1

info@inll.lu

nationalite@insl.lu