Bei den Inhalt goen

D'Formatioun fannen, déi Äre Besoinen entsprécht

Wëllt Dir Är Kenntnisser aktualiséieren, Iech nei Kompetenzen uneegnen, fir an Ärem Betrib weiderzekommen? Sicht Dir eng nei Aarbecht? Oder hutt Dir einfach Loscht, um neiste Stand ze bleiwen?

Egal aus wéi enge Grënn Dir Iech fir d'Weiderbildung entscheet, lifelong-learning.lu guidéiert Iech bei Äre Recherchen. D'Plattform bitt Iech Zougang zu 12 542 Formatioune vun de Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn.

D'Formatioune kënnen no Krittäre wéi Formatiounsdomaine, Plaz vun der Formatioun, Dauer, gewënschten Niveau, gewënschte Sprooch asw. gefiltert ginn. Den Inhalt vun all Formatioun gëtt vun deem jeeweilege Formatiounsinstitut am Detail beschriwwen.

D'Formatioune ginn an Dagescoursen, Owescoursen, iwwer de Weekend oder als Fernunterrecht ofgehalen. Si kënnen nëmmen iwwer eng kuerz Zäit oder awer iwwer e puer Méint lafen.

En Diplom iwwer de Wee vun der Weiderbildung kréien

Iwwer de Wee vun der Weiderbildung kënnt Dir an Owescoursen, Dagescoursen oder online en Diplom vun der Beruffsausbildung, dem Enseignement secondaire oder dem Enseignement supérieur kréien.

Am Kader vun enger Léier fir Erwuessener oder en alternance kann een eng unerkannte Qualifikatioun kréien, déi mat engem Diplom vun der Beruffsausbildung ofgeschloss gëtt. Als groussjäreg Persoun mat engem Aarbechtsvertrag oder als Demander d'emploi si fir Iech den Diplôme de technicien (DT), den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) oder de Certificat de capacité professionnelle (CCP) zougänglech. Fir d'Klasse vun der 5e gi speziell Coursen ugebueden.

Fir Är eegen Entreprise ze grënnen an ze leeden oder e Poste mat Verantwortung an engem Handwierks-, Industrie- oder Handelsbetrib ze iwwerhuelen, kënnt Dir d'Meeschterkaart kréien, andeem Dir un den entspriechende Virbereedungscoursen deelhuelt.

Et gi Weiderbildungscoursen ugebueden, fir en Diplom vum Enseignement secondaire ze kréien: den Diplôme de fin d’études secondaires classiques (DFESC) oder den Diplôme de fin d’études secondaires générales (DFESG). Den Diplôme d'accès aux études supérieures (DAES) an den Diplôme d’accès aux études universitaires (DAEU) erméiglechen Erwuessenen, déi keen Ofschloss vum Enseignement secondaire classique oder général oder gläichwäertegen auslänneschen Ofschloss hunn, op enger Universitéit ze studéieren.

Am Enseignement supérieur gi Weiderbildungscoursen ugebueden, déi mat engem Masterdiplom (Bac +5), Bachelordiplom (Bac +3) oder engem Universitéitsdiplom ofgeschloss ginn.

Méi Informatiounen iwwer d'Diplomer, déi iwwer de Wee vun der Weiderbildung zougänglech sinn

Är Erfarung iwwer de Wee vun der VAE unerkenne loossen

Dir hutt Iech op Ärer Aarbechtsplaz oder am Kader vun ausserberufflechen Aktivitéiten eng zolidd Erfarung ugëeegent. Mam Dispositif vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) kënnt Dir dës Erfarung mat engem Diplom valoriséieren an Är Kompetenzen unerkenne loossen.

D'VAE gëllt fir Certificaten an Diplomer vum Enseignement secondaire général an der Beruffsausbildung (DT, DAP, CCP), fir d'Meescherkaart an d'Breveten an d'Diplomer vum Enseignement supérieur.

Méi Informatiounen iwwer d'VAE

Un enger Informatiounsveranstaltung iwwer d'VAE deelhuelen

Eng Bäihëllef fir d'Formatioun ufroen

Fir un enger Formatioun deelzehuelen, fir Är Kompetenzen auszebauen, de Beruff ze wiesselen oder an Ärer Karriär weiderzekommen, kënnt Dir eng Formatiounsbäihëllef ufroen.

Hëllefsmoossnamen am Beräich vun der Formatioun, déi u gewësse Bedéngunge gebonne sinn, kënnen ugebuede ginn a Form vun:

  • bezueltem Spezialcongé: individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé oder Jugendcongé, fir sech ze forméieren, woubäi d'Remuneratioun iwwerholl gëtt
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit: perséinlecht Amenagement vun der Aarbechtszäit oder Congé sans solde, fir datt de Salarié seng Formatioun a Funktion vu sengen Aarbechtszäiten an Disponibilitéiten organiséiere kann
  • finanziell Bäihëllefen: steierlech Ofsetzbarkeet, finanziell Bäihëllefe fir Héichschoulstudien …

Méi Informatiounen iwwer d'Formatiounsbäihëllefe fir Privatleit

Un enger Informatiounsveranstaltung iwwer d'Formatiounsbäihëllefe fir Privatleit deelhuelen

Ënnerstëtzung beim Kompetenzebilan a bei der Orientatioun

Dir stellt Iech Froen iwwer Är berufflech Karriär? Dir fillt Iech an Ärem aktuelle Beruff net méi wierklech wuel? Dir wëllt Iech eventuell ëmorientéieren, wësst awer net, wou ufänken?

Mam Kompetenzebilan kënnt Dir Iech duerch eng perséinlech Analys besser kenneléieren an Är Kompetenzen, Interessien a Wonschvirstellunge bestëmmen. Dëst ass eng gutt Basis, fir e beruffleche Projet ze definéieren, eng berufflech Ëmorientéierung an d'A ze faassen oder e Formatiounsprojet unzegoen.

Méi Informatiounen iwwer de Kompetenzebilan

Am Beräich vun der Orientatioun ginn et zu Lëtzebuerg Mesuren, déi et jonke Leit erlaben, an d'Aarbechtsliewen eranzeklammen: de Beruffsaféierungsvertrag (contrat d'initiation à l'emploi - CIE), de Vertrag fir d'Ënnerstëtzung vun der Beschäftegung (contrat d'appui-emploi - CAE), Fit fir d'Léier (F4L) …

Um Niveau vun der berufflecher Reinsertioun gi verschidden Initiativen ugebueden, dorënner d'Future Skills Initiative, de Reinsertiounsvertrag (contrat de réinsertion emploi - CRE), d'berufflech Mobilitéit …

Méi Informatiounen iwwer d'Orientatioun an d'Ëmschoulung

Coursen, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien

Fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun oder duerch Optioun ze kréien, musst Dir Konditiounen am Zesummenhang mam Wunnsëtz erfëllen, de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" virleeën an Ären Niveau am Lëtzebuergeschen teste loossen.

Fir d'Demande fir d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun an a gewësse Fäll duerch Optioun mussen Är Lëtzebuergeschkenntnesser iwwer de Certificat, datt Dir den Exame fir d'Evaluatioun vun der lëtzebuergescher Sprooch, de "Sproochentest Lëtzebuergesch", gepackt hutt, dokumentéiert ginn. Den Examen ëmfaasst eng mëndlech Epreuve (Niveau A2) an eng Epreuve iwwer d'Héierverstoen (Niveau B1).

Wann Dir zanter mindestens 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnt, kënnt Dir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun kréien. An deem Fall musst Dir noweisen, datt Dir un engem lëtzebuergesche Sproochecours mam Schwéierpunkt mëndlechen Ausdrock an Héierverstoe vu mindestens 24 Stonnen deelgeholl hutt.

Méi Informatiounen iwwer d'Konditiounen an d'Formatiounen, déi am Kader vun der Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit eligibel sinn.