Universitéitsdiplom
Erwuessener, déi Héichschoulstudien nees ophuelen oder ufänke wëllen, an normalerweis parallel enger berufflecher Aktivitéit noginn, kënnen iwwer de Wee vun der Weiderbildung (mat decaléierten Horairen) e Master (Bac +5), e Bachelor (Bac +3) oder en Universitéitsdiplom kréien.
Zougang zum éischte Studiejoer hunn all d'Titulairë vun engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder secondaires générales oder vum Diplôme de technicien an enger Spezialisatioun, déi den ugestrieften Universitéitsstudien entsprécht, oder vun auslänneschen Diplomer oder Certificaten, déi de Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, als gläichwäerteg unerkennt.
Zougang zum zweeten Niveau (Master) oder zum drëtten Niveau (Doktorat) hunn d'Titulairë vun:
Iwwer den Dispositif vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) ass et och méiglech, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, fir Zougang zu deene verschiddenen Niveaue vun universitäre Studiegäng ze kréien.
Lëscht vun den Diplomer mat decaléierten Horairen
Déi meescht Coursen - Master, Bachelor, aneren Universitéitsdiplom - fannen owes an/oder de Weekend statt.
Si gi vun de folgenden Instituter an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Universitéiten ugebueden.
Lëscht vun den Universitéitsdiplomer mat decaléierten Horairen
Beispill
De Jean-Luc ass Systemsadministrateur a wëll sech perfektionéieren, fir e Poste mat Verantwortung iwwerhuelen ze kënnen.
De Jean-Luc ass 41 Joer al an huet en Diplom an der Informatik. Hie schafft zanter 12 Joer als Systemsadministrateur an enger Lëtzebuerger Administratioun. De Jean-Luc wéilt seng Kompetenzen erweideren, fir e strategesche Posten am Departement IT-Sécherheet vun enger grousser Bank oder enger multinationaler Gesellschaft ze iwwerhuelen.
Hien entdeckt um Site vun der Universitéit Lëtzebuerg, datt am Kader vun der Weiderbildung en Diplom vum Niveau Bac+5 "Master en management de la sécurité des systèmes d’information" ugebuede gëtt, deen iwwer 4 Semester leeft. Well de Jean-Luc bei dëser Formatioun weider beruffstäteg bleiwe kann, bis e säin Diplom kritt, decidéiert hien, sech bei der nächster Rentrée anzeschreiwen.