Bei den Inhalt goen

Formatiounsplang

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

De Formatiounsplang beschreift d'Objektiver vun der Entreprise am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung am Zesummenhang mat hirer Strategie fir d'Produktioun an d'Gestioun. De Formatiounsplang ass déi operationell a budgetär Ëmsetzung vun de Moyenen, déi d'Entreprise am Laf vun engem Geschäftsjoer fir d'Entwécklung vun den individuellen a kollektive Kompetenze vun de Salariéë vun der Entreprise asetzt. De Formatiounsplang ass e kohärenten Ensembel vu Projeten, déi enk un d'Objektiver vun der Entreprise gebonne sinn.

Source: Règlement grand-ducal du 22 janvier 2009 pris en exécution de

  1. la section 2 du chapitre II du titre IV du Livre V du Code du Travail
  2. la loi modifiée du 28 décembre 1988 réglementant l’accès aux professions d’artisan, de commerçant, d’industriel ainsi qu’à certaines professions libérales.