Bei den Inhalt goen

Privat Formatiounsinstituter

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Privat Formatiounsinstituter ënnerleien de Reegele vum Droit d’établissement a mussen iwwer eng ministeriell Autorisatioun verfügen, fir Weiderbildungsaktivitéiten ausüben ze kënnen. Dës Autorisatioun ass strikt perséinlech.
Si gëtt op den Numm vun enger Persoun ausgestallt, an dat esouwuel bei Kapitalgesellschaften (juristesch Persounen) wéi och bei Persounegesellschaften (natierlech Persounen).

Source: INFPC – Observatoire de la formation (Enquête 2014 – L’offre de formation continue en chiffres)