Organisatiounsforme vun de Formatiounen

Lescht Aktualiséierung : 29.03.2024

Extern Formatioun

Si gëtt vun engem Formatiounsinstitut ofgehalen, sief et am Betrib selwer oder an externe Raimlechkeeten.

Typpe vun Instituter:

  • Formatiounsinstitut = Prestataire, deen eng ministeriell Autorisatioun huet, fir d'Aktivitéit vum Gestionnaire vun engem Formatiounsinstitut ausüben ze kënnen.
  • Fournisseur-Formateur = Entreprise, déi "Material oder Servicer bereetstellt" a Formatiounen am Zesummenhang mat dësem Material ofhält. D'Formatioun ass net hir Basisaktivitéit an dofir brauch si och keng ministeriell Autorisatioun.
  • Formateur aus dem Mammenhaus = Formateur, deen als externe Formateur ugesi gëtt, well e kee Salarié vun der Entreprise ass.

Strukturéiert intern Formatioun

Si gëtt un engem geneeën Datum a während enger festgeluechter Dauer vun engem Salarié vun der Entreprise, deen och occasionnelle Formateur ass, am Betrib selwer oder an externe Raimlechkeeten ofgehalen.

Si betrëfft dat ganzt Personal oder en Deel dovun, mat engem Minimum vun 2 Participanten.

Beispill: De Chef d'atelier erkläert senger Ekipp déi nei Legislatioun am Beräich vun der Sécherheet.

Intern Formatioun "Aschaffen op enger Aarbechtsplaz"

Dës Formatioun bezitt sech op eng spezifesch Aarbechtsplaz. Si gëtt zu verschiddene Momenter vun engem Salarié ofgehalen an implizéiert gläichzäiteg 1 Formateur an 1 Participant.

Beispill: op der Aarbechtsplaz vum Participant oder vum Formateur: 2 Stonnen deen een Dag, 3 Stonnen en aneren Dag …

Jee no Zilgrupp, déi betraff ass, ginn et dräi verschidden Zorte vun interne Formatiounen "Aschaffen op enger Aarbechtsplaz":

  • Adaptatiounsformatioun "Mise à niveau": Si betrëfft de ganze Formatiounsprozess, deen eng Persoun absolvéiert, fir fäeg ze bleiwen, hiren Job auszeüben.
  • Adaptatiounsformatioun "Nei Embauchen": Si betrëfft de ganze Formatiounsprozess fir d'Insertioun vun enger nei agestallter Persoun.
  • Adaptatiounsformatioun "Intern Mutatiounen": Si betrëfft de ganze Formatiounsprozess vun engem Mataarbechter, deen an en neie Service versat gëtt.

Bei jiddwerenger vun dësen dräi Zorte mussen op der Presenzlëscht Dag fir Dag all Sujeten, déi behandelt ginn, agedroe ginn.

D'maximal Stonnenzuel, déi fir d'Formatioun fir d'Aschaffen op enger Aarbechtsplaz eligibel ass, läit bei 80 Stonne fir de Forméierten a bei 40 fir den oder déi extern(e) Formateur(en).

Beispill: Bei enger Formatioun am Kader vun enger neier Embauche vu 60 Stonne si fir de Formateur maximal 30 Stonnen eligibel.

D'Kofinanzéierung vu Formatioune fir d'Aschaffen op enger Aarbechtsplaz gëllt exklusiv fir onqualifizéiert Salariéen oder fir Salariéen, deenen hiren Diplom net a Verbindung mat der ausgeüübter Tätegkeet steet.

E-Learning

Den E-Learning ass eng Léiermethod, déi Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien asetzt a sech op ënnerschiddlech Formatiounssujete bezéie kann.