Lëtzebuerger Nationalitéit - Den Agrement vu Programmer fir Lëtzebuergeschcoursen ufroen

Lescht Aktualiséierung : 09.02.2024

Allgemenges

Laut de Bestëmmunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit kënne Formatiounsinstituter en Agrement vu Programmer fir Lëtzebuergeschcoursen ufroen.

Wann eng groussjäreg Persoun, déi op d'mannst zanter 20 Joer rechtméisseg zu Lëtzebuerg wunnt, eng Demande mécht, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun ze kréien, gesäit d'Prozedur vir, datt dës Persoun un engem Lëtzebuergeschcours deelhuele muss, deem säi Programm vum Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, agreéiert ass.

Konditioune fir den Agrement

Fir agreéiert ze ginn, mussen d'Programmer vun de Coursë follgend Konditounen erfëllen:

  • de Prestataire (Associatioun oder Gesellschaft) vum Cours muss rechtméisseg zu Lëtzebuerg etabléiert sinn,
  • d'Coursë mussen an engem institutionelle Kader ofgehale ginn,
  • den Niveau vum Cours an eventuell Prerequise ginn affichéiert,
  • d'Léierziler si formuléiert (learning outcomes),
  • d'Dauer a Stonnen ass festgeluecht (mindestens 34 Stonnen),
  • d'Präsenze ginn op der Basis vun Ënnerschrëftslëschte kontrolléiert,
  • op der Basis vun der Präsenzkontroll gëtt e Certificat de participation ausgestallt.

Den Agrement vu Programmer fir lëtzebuergesch Sproochecoursë laut de Bestëmmunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit ass strikt op agreéiert lëtzebuergesch Sproochecoursë limitéiert a ka vum Prestataire net fir aner Zwecker benotzt ginn.

Den Agrement vun de Programmer muss all 5 Joer erneiert ginn. Wärend dësem Zäitraum verflicht de Prestataire sech, de Service vun der Erwuessenebildung iwwer all Ännerung vun den Donnéeën, déi bei der Agrementsdemande matgedeelt goufen (gesetzleche Vertrieder, Sëtz, Formatiounsprogramm …), ze informéieren.

De Prestataire kann op de Certificaten an op de Publikatiounen am Zesummenhang mat den agreéierte Coursen d'Mentioun "Cours mat agreéiertem Programm laut de Bestëmmunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit" setzen.

D'Kopië vun de Lëschte vun den agreéierte Coursë ginn un de Minister, dee fir d'Nationalitéit zoustänneg ass, geschéckt.

Sollt bei engem oder méi Coursen d'Net-Anhale vun de Konditioune fir den Agrement vu Programmer fir Lëtzebuergeschcoursë festgestallt ginn, kann den Agrement fir sämtlech Lëtzebuergeschcoursen, déi de Prestataire ofhält, entzu ginn.

Prozedur

Am Kader vun de Bestëmmunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit muss d'Demande fir de ministeriellen Agrement vu Programmer fir lëtzebuergesch Sproochecoursen zesumme mat den néidegen Dokumenter u follgend Adress geschéckt ginn:

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse - Service de la formation des adultes

Dokumenter, déi mat der Demande anzereeche sinn

  • Kopie vun der Identitéitskaart vum Responsabelen
  • Kopie vun der Handelsermächtegung
  • Annex A
  • Annex B ënnerschriwwen

Doniewent muss de Formulaire vun der Demande an d'Annex A am WORD-Format per E-Mail un d'Madame Yasmine Streveler (yasmine.streveler@men.lu) geschéckt ginn.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation des adultes

15, rue Léon Hengen
L-1745 Luxembourg - Kirchberg

www.men.public.lu