Berufflech Mobilitéit

Lescht Aktualiséierung : 11.08.2023

Allgemenges

An eiser haiteger internationaler Welt si Persounen, déi scho Beruffserfarung am Ausland hunn, ënnerschiddlech Kulture kennegeléiert hunn an e puer Sprooche beherrschen, definitiv en Atout fir hir Employeuren.

Fir d'Employeure bitt Europa Zougang zu enger grousser Vilfalt un Talenter, déi bereet sinn, sech neie berufflechen Erausfuerderungen ze stellen.

Programmer

D'Europäesch Kommissioun huet Programmer entwéckelt, fir d'Mobilitéit vun den Aarbechter an Europa ze fërderen.

  • Work in Luxembourg
    D'Rekrutementsplattform work-in-luxembourg.lu proposéiert Jobofferen an deene Secteuren, an deenen et schwéier ass, gëeegent Kandidaten um nationalen Aarbechtsmaart ze fannen.
  • EURES – Är Aarbechtsplaz an Europa
    EURES begleet d'Demandeurs d'emploi bei hirer Sich no enger attraktiver Aarbechtsplaz an d'Employeure bei der Sich no interessante Profiller a ganz Europa.
  • JOBS4SOLIDARITY - Europäesche Solidaritéitscorps
    De Projet "Jobs4Solidarity", dee vun der ADEM ëmgesat gëtt, hëlleft jonken Demandeurs d'emploi bis zum Alter vun 30 Joer solidaresch Beruffer auszeüben, haaptsächlech iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg eraus, mee och op nationalem Plang.
  • Euraxess – Researchers in Motion
    De Reseau EURAXESS, eng Initiativ, déi 2004 vun der Europäescher Kommissioun an d'Liewe geruff gouf, ëmfaasst iwwer 200 Service-Zenteren a 40 Länner. D'Zil vun dësem Reseau ass et, d'Mobilitéit vun de Fuerscher ze ënnerstëtzen, onofhängeg dovunner, ob se aus der Europäescher Unioun oder aus Drëttlänner stamen.

Méi iwwer d'berufflech Mobilitéit op adem.lu

Kontakt

ADEM – Agence pour le développement de l’emploi

adem.public.lu/fr

Demandeurs d'emploi
+352 247 88888

Employeurs
+352 247 88000