CRE - Reinsertiounsvertrag

Lescht Aktualiséierung : 11.08.2023

Allgemenges

D'Aarbechtsagence (ADEM) kann engem Demandeur d'emploi an engem privaten Employeur ubidden, e Reinsertiounsvertrag (contrat de réinsertion-emploi - CRE) ofzeschléissen, dëst ënnert der Bedéngung, datt den Employeur dem Demandeur d'emploi um Enn vum CRE eng reell Chance bitt, hien anzestellen.

Dëse Vertrag, dee praktesch an theoreetesch Formatioun matenee verbënnt, erlaabt et:

  • den Employeuren, hir Erfarung weiderzeginn an eeleren Demandeurs d'emploi a Salariéë mat enger Behënnerung oder ageschränkter Aarbechtsfäegkeet eng reell Chance op Astellung ze bidden;
  • den Demandeurs d’emploi, hir Fäegkeete konkreet ënner Beweis ze stellen a sech gläichzäiteg nei Kompetenzen unzëeegnen.

Bedéngungen

Fir vun engem CRE profitéieren ze kënnen, muss den Demandeur d’emploi zanter mindestens engem Mount bei der ADEM ageschriwwe sinn.

De CRE gëtt tëschent der ADEM, dem Demandeur d'emploi an dem Employeur fir en Zäitraum vun 12 Méint ofgeschloss.

E kann ofgeschloss gi mat Demandeurs d'emploi, déi:

  • op d'mannst 45 Joer al sinn;
  • oder am externe Reklassement sinn;
  • oder de Status vun engem Salarié mat Behënnerung hunn.

Employeuren, déi e CRE mat engem Demandeur d'emploi ofschléisse wëllen, kënne sech un de Service Employeurs vun der ADEM wenden an hir fräi Plaz mellen.

Méi Informatiounen iwwer de Reinsertiounsvertrag op adem.lu

Kontakt

ADEM - Agence pour le développement de l'emploi
Service employeurs

www.adem.public.lu