Travailleur désigné

Lescht Aktualiséierung : 04.08.2023

Allgemenges

Der Lëtzebuerger Legislatioun no ass den Employeur verflicht, all néideg Moossnamen ze ergräifen, fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vu senge Mataarbechter an allen Aspekter, déi d'Aarbecht betreffen, ze schützen. Am Kader vu senge Flichte muss den Employeur laut Artikel L. 312-3 vum Code du Travail ënner senge Mataarbechter een oder e puer Salariéen ernennen, déi sech ëm dës Schutz- a Preventiounsmoossname géint Beruffsrisiken am Betrib këmmeren. Si ginn am Follgenden als Salarié désigné bezeechent.

Fäegkeeten

De Salarié désigné muss d'Legislatioun am Beräich vun der Sécherheet an der Gesondheet vun de Salariéen op der Aarbechtsplaz, déi an der Entreprise, an där hie beschäftegt ass, gëllt, kennen an iwwer déi néideg technesch Kenntnisser verfügen, fir d'Problemer a puncto Sécherheet a Gesondheet vun de Salariéen op der Aarbechtsplaz aschätzen ze kënnen.

Fir d'Aufgabe vum Salarié désigné, wéi se an Artikel 4 vum groussherzogleche Reglement vum 9. Juni 2006 iwwer d'Travailleur-désignéen definéiert sinn, ze erfëllen, muss de Salarié désigné iwwer déi néideg Fäegkeete verfügen, nämlech:

  • eng minimal Basisqualifikatioun hunn, wéi an Artikel 6 vum uewe genannte Reglement beschriwwen;
  • iwwer Beruffserfarung verfügen, wéi an Artikel 6 vum uewe genannte Reglement beschriwwen;
  • eng adequat Formatioun, wéi an Artikel 7 vum uewe genannte Reglement beschriwwen, absolvéiert hunn.

Nominéierung

De Salarié désigné muss all déi uewen opgezielte Konditioune bannent engem Delai vun 12 Méint no senger Ernennung erfëllen. An der Tëschenzäit muss den Employeur d'Missioune vum Salarié désigné selwer fir dësen Zäitraum vun 12 Méint iwwerhuelen.

An Entreprisen, déi manner ewéi 49 Salariéë beschäftegen, kann den Employeur selwer d'Funktioun vum Salarié désigné iwwerhuelen, ënner der Bedéngung, datt hien all d'Konditioune vum uewe genannte groussherzogleche Reglement a Bezuch op d'Zäit, iwwer déi hie verfüügt, déi adequat Formatioun, d'Beruffserfarung an d'minimal Basisqualifikatioun erfëllt.

D'Zuel vun de Salarié-désignéen, d'Zäit, iwwer déi si verfüge mussen (cf. Annex II vum uewe genannte groussherzogleche Reglement), hir minimal Basisqualifikatioun, d'Beruffserfarung an d'Modalitéite vun der adequater Formatioun fir Salarié-désignéë variéiere jee no Grupp resp. Ënnergrupp, zu deem d'Entreprise gehéiert. An der Annex I vum uewe genannte groussherzogleche Reglement ginn op der Basis vun der Zuel vu Salariéen a vum Aktivitéitssecteur siwe Gruppe vun Entreprisen (A, B, C, D, E, F, G) definéiert.

Formatiounen

D'Formatioune fir Salarié-désignéë ginn, ofhängeg vum betraffene Secteur, organiséiert:

  • vum House of Training (z.B. fir den administrativen a Finanzsecteur);
  • vun der Chambre des Métiers (z.B. fir de Liewensmëttel-, Sanitär-, Bau-, Mechanik-, Moud-, Gesondheets- an Hygiènessecteur);
  • vum Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB) (z.B. fir de Secteur Héichbau, Bauwiesen an nohaltegt Bauen, mechaniséierte Maschinnebau).

D'Salarié-désignéen dierfen opgrond vun hiren Aktivitéite fir d'Preventioun an de Schutz géint Beruffsrisike net benodeelegt ginn. Ausserdeem dierfe laut Artikel L. 312-8 Abschnitt 7 vum Code du Travail déi adequat Formatiounen an d'komplementar Formatioune fir Salarié-désignéen net zu Laaschte vun de Salariéë goen a musse wärend der Aarbechtszäit stattfannen.

Méi Informatiounen op guichet.lu

Kontakt

Inspection du travail et des mines (ITM)
Guichets

www.itm.public.lu