En agreéiert Formatiounsinstitut ginn

Lescht Aktualiséierung : 16.04.2024

Et gi verschidden Typpe vu Formatiounsinstituter, déi berechtegt sinn, zu Lëtzebuerg Formatiounen unzebidden. A Funktioun vun hirem Statut schreift d'Gesetz hinne speziell Konditioune fir d'Ausübe vun enger Formatiounsaktivitéit vir.

Privat Formatiounsinstituter

Privat Formatiounsinstituter ënnerleien de Reegele vum Droit d'établissement a mussen eng ministeriell Autorisatioun hunn, fir Weiderbildungsaktivitéiten ausüben ze kënnen.

D'Autorisatioun, fir "d'Aktivitéit vum Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut" ausüben ze kënnen, ass strikt perséinlech. Si gëtt vum Wirtschaftsministère op Avis vum MENJE nominativ ausgestallt, an dat esouwuel fir Kapitalgesellschaften wéi och fir Persounegesellschaften.

All Institut muss d'Bedéngungen am Zesummenhang mat der Honorabilitéit an de beruffleche Qualifikatiounen erfëllen, déi fir d'Ausübe vun dëser Aktivitéit erfuerdert sinn.

Prozedur

Fir eng Autorisation d'établissement als Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut unzefroen, mussen d'Formulairë vun der Demande ausgefëllt an u follgend Adress geschéckt ginn:

Ministère de l’Économie - Direction générale PME et Entrepreneuriat

Bei d'Demande fir d'Autorisation d'établissement si follgend Dokumenter derbäizeleeën:

  • e Steiertimber vu 24€ oder d'Kopie vum Virement,
  • eng Kopie vun de Statuten,
  • den Numm vum Dirigeant vun der Entreprise, deen ënnerschrëftsberechtegt ass (zesumme mat sengen Diplomer, de Beleger fir seng Beruffserfarung, dem Extrait aus sengem Casier an dem notarielle Certificat de non faillite, wann hien an de leschte fënnef Joer net zu Lëtzebuerg gewunnt huet).

Berodung an Hëllef

House of Entrepreneurship - One-Stop Shop

Autorisation d'établissement - Modell

Asblen a Fondatiounen

Privat Associatiounen (asbl), Fondatiounen a Privatpersoune ginn, op Demande, individuell vum Minister, dee fir d'Beruffsausbildung zoustänneg ass, agreéiert.

Wann d'Demande ugeholl gëtt, gëtt dësen Typ vun Instituter an engem Arrêté ministériel als agreéierten Organisateur vu Weiderbildungscoursen deklaréiert.

Prozedur

Dës Formatiounsinstituter mussen:

  • sech schrëftlech un den Educatiounsminister wenden, fir e speziellen Agrement fir d'Formatiounsaktivitéit unzefroen,
  • hir Statuten un dëse Courrier hänken.

Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Auslännesch Formatiounsinstituter

Auslännesch Formatiounsinstituter mussen iwwer eng Autorisatioun verfügen, datt si am Land, aus deem si stamen, eng Formatiounsaktivitéit ausüben dierfen.

Si sinn deemno net verflicht, en Agrement no der lëtzebuergescher Prozedur, mee no därjéineger vun hirem jeeweilege Land unzefroen.

Dës Prozedur gëtt awer obligatoresch, wa si decidéieren, sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen.

Kontakt

Ministère de l’Économie
Direction générale PME et Entrepreneuriat

19-21, boulevard Royal
L-2914 Luxembourg

info.pme@eco.etat.lu


House of Entrepreneurship - One-Stop Shop

14, rue Erasme
L-1468 Luxembourg-Kirchberg

www.houseofentrepreneurship.lu

+352 42 39 39 330
info@houseofentrepreneurship.lu

Horaires d'ouverture: du lundi au vendredi de 8h30 à 17h30


Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation professionnelle

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
INFPC

Anne Oswald
Responsable lifelong-learning.lu

+352 46 96 12 209
anne.oswald@infpc.lu