Zougang zu de verschiddenen Heichschoulstudiegäng vum Typ Bachelor (Bac +3) oder Master (Bac +5) iwwer d'Validation des acquis de l'expérience kréien
D'Validation des acquis de l'expérience oder VAE vun der Universitéit Lëtzebuerg erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, mam Zil:
D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.
Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten wärend engem Zäitraum, dee mindestens 3 Joer Vollzäit entsprécht, eng berufflech Aktivitéit als Salarié oder Selbststännegen oder eng benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung am direkten Zesummenhang mat dem ugestrieften Diplom ausgeüübt oder virdru studéiert hunn.
Duerch d'Validatioun vun den Aquis de l'expérience akzeptéiert d'Universitéit, datt d'Konditioune fir den Zougang zu oder d'Fortsetze vun engem Bachelor- oder Master-Programm opgrond vu fréiere(r) Qualifikatiounen an/oder Erfarung erfëllt sinn. Dëse Prozess bitt den Apprenanten d'Méiglechkeet, ouni den erfuerderlechen Diplom Zougang zu Universitéitsstudien ze kréien. Fir anerer bedeit et, datt si eppes, wat si scho geléiert hunn, net nach eng Kéier widderhuele mussen, an esou d'Zuel vun de Coursë reduzéiere kënnen.
Am Kader vun de Bachelor- a Master-Programmer, déi vun der Uni Lëtzebuerg ugebuede ginn, mussen d'VAE-Kandidate Coursë mat mindestens 60 ECTS-Kreditter vum betraffene Studieprogramm beleeën. D'VAE ass keng offiziell Unerkennung vun engem Diplom.
Dir wëllt méi doriwwer gewuer ginn? Den INFPC organiséiert gratis Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Validation des acquis de l'expérience (VAE) Méi Informatiounen op www.infpc.lu
Dir wëllt méi doriwwer gewuer ginn?
Den INFPC organiséiert gratis Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Validation des acquis de l'expérience (VAE)
Méi Informatiounen op www.infpc.lu
Fir erauszefannen, wéi en Diplom senger eegener Erfarung am Hibléck op den Zougang zum Studiegang entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, d'Diplomer ze consultéieren, déi vun der Universitéit Lëtzebuerg ausgestallt ginn.
Fir eng Validation des acquis de l'expérience ze kréien, mussen d'Kandidate pertinent Kenntnisser, Fäegkeeten a Kompetenzen noweisen. Ënnersicht ginn nëmmen Dossieren, déi vollstänneg a korrekt sinn. Niewent de gefroten Dokumenter kann zu der Evaluatioun och e Gespréich, eng Aarbecht oder en Test zielen.
D'Beweiser gi par rapport zu den Zougangsbedéngungen, de spezifeschen Ufuerderunge vum Studieprogramm an den Acquis d'apprentissage evaluéiert. D'Evaluatioun erfollegt op der Basis vun den Niveausdescripteuren, déi am Lëtzebuergesche Qualifikatiounskader definéiert sinn, de spezifeschen Zougangsbedéngungen zum Studieprogramm an dem Plang vun de Modüllen an de Coursen, déi am Programm ugebuede ginn. D'Demandë gi vun den Enseignanten a vu kompetente Fachleit aus deem jeeweilege Beräich evaluéiert. D'Universitéit akzeptéiert oder berücksichtegt keng Evaluatioun vun enger anerer Institutioun am Hibléck op d'Validation des acquis de l'expérience.
Eng Validatioun gëllt ausschliisslech fir de betraffene Studieprogramm.
D'Prozedur variéiert jee nom Zil vum Kandidat:
D'Kandidate gi gebieden, de Site vun der Universitéit Lëtzebuerg ze consultéieren, fir sech iwwer d'Demarchen an d'Bedéngungen ze informéieren, déi mat dësem Dispositif verbonne sinn.
De University of Luxembourg Competence Centre bitt de VAE-Kandidate professionell Ënnerstëtzung bei der Zesummestellung vun hiren Dossieren un.