Beruffer am Handels-, Immobilien-, HORECA- an Transport-Secteur

Lescht Aktualiséierung : 15.03.2024

Allgemenges

D'Grënnung vun engem Betrib zu Lëtzebuerg bitt reell berufflech Perspektiven, ënner der Viraussetzung, datt een d'Basistechnike vum Management, déi fir de Succès vun engem Projet d'entreprise onëmgänglech sinn, beherrscht.

D'Formatiounen, déi d'House of Training am Partenariat mat der Chambre de Commerce ubitt, fërderen den Esprit d'entreprise an erlaben et Kandidaten, déi sech selbstänneg maache wëllen, eng Autorisation d'établissement fir déi verschidde Beruffer am Commerce (am wäiteste Sënn) ze kréien.

D'Formatioune vum House of Training begleede Persoune mat engem Projet d'établissement, déi Zougang zu follgende Beruffer kréie wëllen:

Beruffer am Commerce
  • Net speziell reglementéiert Beruffer
Beruffer am Immobiliesecteur
  • Immobilienagent an Apporteur d'affaires immobilier
  • Immobiliepromoter
  • Immobilieverwalter an Hausverwalter (Syndic de copropriété)

Bei d'Formatioune fir d'Beruffer am Immobiliesecteur

Beruffer am HORECA-Secteur
  • Exploitant vun engem Ausschank fir alkoholescht an alkoholfräit Gedrénks
  • Exploitant vun engem Restauratiouns- an/oder Hebergementsbetrib
  • Kommerziell Aktivitéit, déi dora besteet, Hebergementsunitéiten ze verlounen, dëst fir nonzeg oder méi Iwwernuechtungen am Laf vun engem Joer

Bei d'Formatioune fir d'Beruffer am HORECA-Secteur

Beruffer am Transportsecteur
  • Transporteur vu Wueren an/oder Reesenden iwwer d'Stroossen

Bei d'Formatioune fir d'Beruffer am Transportsecteur

Kontakt