Lescht Aktualiséierung : 03.08.2023

Allgemenges

Diplom+ ass eng flexibel, kuerz Formatioun fir Jonker mat engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales, engem Diplôme de technicien oder engem equivalenten Diplom, déi sech nach net fir en Héichschoulstudium ageschriwwen hunn an och keng Aarbechtsplaz hunn.

Jonk Diploméierter, déi den Enseignement secondaire oder hir Technikerausbildung ofgeschloss hunn, stinn dacks virun enger wichteger Entscheedung: Si mussen decidéieren, ob si op d'Uni goen oder hir éischt Aarbechtsplaz siche wëllen.

Mat der Formatioun Diplom+ kënne si sech zousätzlech Kompetenzen (an de Beräicher Informatik, Gestion de projets, Kommunikatiounstechniken, Zäitmanagement, Teamgeescht an Eegen-Initiativ) uneegnen an esou hir Chancë verbesseren, eng Aarbechtsplaz ze fannen oder hiert Héichschoulstudium ze packen.

Organisatioun

D'Formatioun dauert 2 Semesteren mat am Duerchschnëtt 25 Stonnen d'Woch.

D'Formatioun gëtt normalerweis op Lëtzebuergesch, op Franséisch an op Englesch ofgehalen.

  • Sie besteet aus 8 gemeinsame Modüllen a 4 bis 8 optionale Modüllen:

  • Zousätzlech zu de Modülle gëtt en Ekippeprojet duerchgefouert, bei deem d'Kompetenzen, déi sech ugëegent goufen, verdéift ginn. Den Ekippeprojet gëtt vu professionelle Mentoren encadréiert.

D'Formatioun ka jidderzäit ënnerbrach ginn, wann den Apprenant eng Aarbechtsplaz fonnt huet, en Héichschoulstudium ufänkt oder sech fir en anere Wee decidéiert.

All Modüll, deen de Kandidat virun der Ënnerbriechung gepackt huet, gëtt certifiéiert (Réussite-Certificat beim Deelhuelen u mindestens 80% vun der Dauer vum Modüll a Bestoe vun der mëndlecher oder schrëftlecher Evaluatioun) a kann deemno spéider valoriséiert ginn.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation professionnelle

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

www.diplomplus.lu