Ausbildungsbäihëllefen

Lescht Aktualiséierung : 01.03.2024

Allgemenges

D'Aarbechtsagence (ADEM) bitt de Betriber, déi Apprentien ausbilden, déi follgend Bäihëllefen un:

  • d'Bäihëllef fir d'Fërderung vun der Ausbildung an
  • den Ergänzungsbäitrag am Kader vun der Erwuessenebildung.

Dës Bäihëllefe stinn allen Entreprisen zur Verfügung, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, déi d'Recht hunn, Léierjongen a -meedercher auszebilden an déi en Apprenti op der Basis vun engem Ausbildungsvertrag oder engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener beschäftegt hunn.

Déi entspriechend Handwierker oder Beruffer mussen am groussherzogleche Reglement stoen, an deem d'Handwierker an d'Beruffer festgeluecht sinn, déi am Kader vun der Beruffsausbildung unerkannt sinn.

Méi iwwer d'Diplomer am Kader vun der Beruffsausbildung

Bäihëllef fir d'Fërderung vun der Ausbildung

En Employeur, deen e Léierjong oder -meedchen astellt, ka vum Remboursement vun engem Deel vun der Léierindemnitéit a vum Remboursement vun der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg profitéieren.

Méi Informatiounen iwwer d'Bäihëllefe fir d'Fërderung vun der Ausbildung, déi entspriechend Demarchen an d'Montanten, déi rembourséiert ginn

Ergänzungsbäitrag am Kader vun der Erwuessenebildung

En Employeur, deen e Léierjong oder -meedchen am Erwuessenenalter (iwwer 18 Joer) astellt an deem de Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter bezilt, ka vum Remboursement vun engem Deel vun der Léierindemnitéit profitéieren.

Den Ergänzungsbäitrag ass d'Differenz tëschent dem Montant vum Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter an der Léierindemnitéit, déi am Kader vun der Éischtausbildung bezuelt gëtt.

Méi Informatiounen iwwer den Ergänzungsbäitrag am Kader vun der Erwuessenebildung

Kontakt

ADEM - Agence pour le développement de l'emploi
Service d’orientation professionnelle

+352 247 85480

adem.public.lu