Zu Lëtzebuerg ginn et verschidden Initiativen um Gebitt vun der berufflecher Reinsertioun.

CO-LABOR

Hëllef bei der ëmweltorientéierter berufflecher Reinsertioun

Zanter iwwer 40 Joer entwéckelt co-labor Aktivitéiten am Beräich vum Gaardebau a vun der biologescher Ernärung a stäipt sech dobäi op zwee fundamental Wäerter: d'berufflech Reinsertioun an de Respekt vun der Ëmwelt. D'Kooperativ, déi a politescher, ideologescher a konfessioneller Hisiicht neutral ass, huet als Haaptaufgab, an Zesummenaarbecht mat de Ministèrë Leit, déi keng Aarbecht hunn, op den éischten Aarbechtsmaart ze begleeden.

D'Formatioun am Fokus vun der Reinsertioun an doriwwer eraus

Fir eng Begleedung an eng Formatioun sécherzestellen, déi de Besoine vum Maart entspriechen, respektiv eng entspriechend praktesch Aféierung a verschidden Domäner ubidden ze kënnen, offréiert co-labor eng Rei vu Formatiounen am Beräich Gaardenaarbecht an Ernärung. Als Ergänzung zu de prakteschen Aktivitéite gi berufflech Weiderbildungen, Sproochecoursen oder Formatiounen am Sozialberäich an Appuiscoursë fir d'Léierbouwen a -meedercher ugebueden. Nieft de Modüllen, déi sech un d'Salariéë riichten, ass co-labor och als AAA-agreéierte Formatiounszenter unerkannt. Dësen neie Programm gëtt fir Salariéen, awer och fir extern Clienten ugebueden.

Haut ëmfaasst co-labor 6 Aktivitéitsberäicher:

  • co-labor BISTRO: Verkaf vun 100 % biologesche Platen, déi nom Konzept "Field to Fork" zesummegestallt ginn.
  • co-labor MAART: Verkaf vu biologesche Liewensmëttel, Hygiène- a Kosmetik-Produiten, mat engem eegene Beräich fir d'Planzen.
  • co-labor GAART: Reng biologeschen Ubau vu Geméis an Uebst op verschiddene Sitte vu bal 9 Hektar uechter d'Land.
  • co-labor GRÉNGE-KUERF: Verkaf vu Kierf mat engem variéierte Choix un Uebst an/oder Geméis aus eisen eegene Geméisgäert, déi am Respekt vun der Natur bewirtschaft ginn.
  • co-labor NATUR: Entretien an Uleeë vu Gréngflächen duerch eis Ekippe fir Gaart an Ëmwelt, Aarbechten am Kader vun enger wirtschaftlech tragfäeger, sozial notzbréngender an ekologesch verantwortungsbewosster Forstwirtschaft.
  • co-labor GAÏA: An eisen thematesche Gäert gräife mir eng Dose Sujeten op, déi alleguer mat der Ëmwelt, dem Mënsch an der Verbindung tëscht béiden ze dinn hunn. Eis Animatiouns- a Berodungsekipp fërdert d'Deele vu Wëssen an d'Inklusioun am Beräich vun der Natur an de Schoulen, an de Famillen oder bei Evenementer vu Betriber.

Competence

De Partner fir Är Karriär

D'Zil vu Competence A.s.b.l. besteet doran, Privatpersounen an Organisatiounen derbäi ze hëllefen, hir Kompetenzen ze verbesseren.

Competence A.s.b.l. konzentréiert sech an éischter Linn dorop, d'Kompetenze vu Leit, déi eng Aarbecht sichen, weiderzeentwéckelen. D'Associatioun ënnerstëtzt haaptsächlech zwee Profiller vu Leit, déi et aktuell schwéier hunn, eng Aarbechtsplaz ze fannen:

  • Leit ënner 25 Joer an
  • Leit iwwer 45 Joer

Competence A.s.b.l. bitt fir dës Profiller (45+ a -25) follgend Servicer un:

  • Kompetenzebilanen,
  • Orientatiounsbilanen,
  • Bootcampen,
  • Formatiounen,
  • Interventiounen.

All d'Servicer an Evenementer kënnen op Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch ugebuede ginn.

COSP, Centre d’Orientation Socio-Professionnelle

Orientatiounsmesuren

D'A.s.b.l. Centre d’Orientation Socio-Professionnelle (COSP) ass en Organismus, deen den Demandeurs d'emploi en Evaluatiounsparcours ubitt, fir e Bilan vun hiren transversale Kompetenzen opzestellen. Donieft kënne si sozial an technesch Formatiounen an eng individuell sozioberufflech Betreiung an Usproch huelen.

De COSP huet als Ziler:

  • d'Leit op der Sich no enger Aarbecht ze stabiliséieren an ze valoriséieren,
  • hir sozial an technesch Kompetenzen an hir Verhalensweise weiderzeentwéckelen,
  • e sozialen a beruffleche Projet ze definéieren,
  • d'Demandeurs d'emploi op eng Aarbechtskultur virzebereeden,
  • e Kompetenzebilan vum Demandeur d'emploi opzestellen, fir en um éischten Aarbechtsmaart, an eng sozial Initiativ oder eng aner gëeegent Struktur, fir d'Insertioun um Aarbechtsmaart ze vereinfachen, ze integréieren.

Den Demandeur d'emploi absolvéiert en Evaluatiounsparcours vun 2 Méint am COSP, ënnersteet awer weiderhin der ADEM. D'ADEM iwwerhëlt d'Orientatioun an déi verschidde sozial Initiativen.

Forum pour l’emploi

Ziler a Servicer

D'A.s.b.l. Forum pour l'emploi huet als Ziler:

  • den Encadrement, d'Schafen an d'Ënnerstëtze vun Initiative géint de Chômage, déi d'Integratioun vun den Demandeurs d'emploi an d'Aarbechtswelt fërderen
  • d'Verbesserung vun der Employabilitéit vun all Demandeur d'emploi duerch d'Vermëttele vu Beruffserfarung an duerch berufflech a sozial Formatiounen
  • d'Entwécklung, an Zesummenaarbecht mat Partner, déi am Beräich vun der Beschäftegung aktiv sinn, vu Projete mat Asaz an der realer Aarbechtswelt, déi d'Reinsertioun vum Demandeur d'emploi haaptsächlech um éischten Aarbechtsmaart fërdere sollen

De Forum pour l'emploi entwéckelt Projeten, déi et deene betraffene Leit erméiglechen, berufflech täteg ze ginn. Hei kënnen d'Leit, déi keng Aarbecht hunn, forméiert ginn, souwuel am Kader vun der Aarbecht selwer (learning by doing) wéi och dernieft. D'Aktivitéitsberäicher vun dëse Projete si ganz vilfälteg: Fleeg vun der Ëmwelt, Noperschaftsservicer, Bau …

D'Zil vun dësem Eruféieren un d'Aarbecht ass et, d'Persoun ouni Aarbecht aus hirer Isolatioun erauszehuelen, si ze encouragéieren, erëm an d'aktiivt Liewen eranzeklammen, an hir ze hëllefen, sech an d'Aarbechtswelt ze integréieren.

Déi follgend Servicer ginn ugebueden:

  • Am Gäertchen: Ubau a Verkaf vu Geméis, Gaardekraider am Dëppen a Planzen no de Bio-Label-Normen. Online-Verkaf vun eise Bio-Produiten op www.fpe-online.lu
  • Bummelbus: kënnt d'Leit op Ufro sichen a féiert se bequeem a flexibel op déi Plaz, wou si hiwëllen.
  • Holzfrënn: Schräineraarbechte fir de Baussen- a Banneberäich, Miwwelen.
  • Noperschaftsdéngschter: all Zort vu klengen Aarbechten am a ronderëm d'Haus.
  • Haushëllef: Wäscherei, Botzerei, Strecken, doheem Ofhuelen an Zeréckbrénge vun de Kleeder – Punktuell Botzaarbechten am Haus

Initiativ Rëm Schaffen

Personaliséiert Begleedung

D’A.s.b.l. Initiativ Rëm Schaffen bitt alle Persounen, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, an hirer ganzer Diversitéit, konkreet Hëllef un.

D’Initiativ Rëm Schaffen proposéiert reegelméisseg Formatioune fir Demandeurs d'emploi, déi bei der Aarbechtsagence ageschriwwe sinn.

D’Initiativ Rëm Schaffen guidéiert an informéiert Leit op der Sich no enger Aarbecht, hëlleft den Demandeuren, realistesch berufflech Ziler festzeleeën, bitt Hëllef bei der Opstellung vun engem Curriculum Vitae an de Motivatiounsbréiwer un, renseignéiert iwwer oppe Plazen um Aarbechtsmaart, hëlleft de Leit, erëm Vertrauen a sech selwer ze kréien an hir Fäegkeeten ze entdecken.

Déi individuell a personaliséiert Berodunge si gratis. D’Initiativ Rëm Schaffen gëtt ënnerstëtzt vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit, dem Aarbechtsministère, der Stad Lëtzebuerg, der Stad Esch-Uelzecht an der Stad Ettelbréck.

NAXI - Zentrum fir d'Formatioun an d'berufflech Insertioun vu Fraen

Geziilt Begleedungsprogrammer

NAXI riicht sech un Erwuessener op der Sich no enger Aarbecht, déi vun der ADEM oder vum ONIS geschéckt ginn. Eist Zil ass et, den Accès oder de Wee zréck op d'Aarbecht duerch geziilt Begleedungsprogrammer ze erliichteren.

Eis 2 Offeren:

NAXI Formatioun offréiert an Zesummenaarbecht mam Aarbechtsministère an der ADEM follgend Aktivitéite fir Persounen, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn:

  • Kompetenzebilane realiséieren
  • en Aktiounsplang am Zesummenhang mat dem gewielte beruffleche Projet definéieren
  • op den Aarbechtsmaart virbereeden, andeem transversal Kompetenzen oder "Soft Skills" entwéckelt ginn (z. B. Kommunikatioun, Teamwork, Zäitmanagement asw.)

Interesséiert Persoune kënne sech bei hirem ADEM-Beroder renseignéieren. Virun all Formatiounssessioun gëtt vun der ADEM eng Informatiounssëtzung mat der Ekipp vu NAXI organiséiert.

Fir méi Informatiounen iwwer d'Formatiounen ze kréien, kënnt Dir NAXI direkt kontaktéieren.


Den NAXI Wäsch-/Streck- a Bitzatelier soll an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil a mam ONIS:

  • eng temporär Aarbecht ubidden, fir sozial a berufflech Kompetenzen ze entwéckelen
  • de Beneficiairen hëllefen, hir Chancen, fir eng Aarbecht ze fannen, an domat hir Employabilitéit ze erhéijen
  • en adaptéierten Encadrement a sécher Aarbechtskonditioune garantéieren.

D'Ateliere riichte sech un erwuesse Fraen, déi de REVIS kréien. Duerch eng gemengnëtzeg Aarbecht bidde si de Beneficiairen Hëllef bei der professioneller Aktivatioun an Zesummenaarbecht mam ONIS. Interesséiert Persoune kënne sech bei hirem ARIS oder engem Kontakt beim ONIS renseignéieren.


NAXI riicht sech un all d'Persounen op der Sich no enger Aarbecht: déi, déi zu Lëtzebuerg ufänken, déi, déi hir berufflech Carrière ënnerbrach hunn oder déi, déi kee präzise beruffleche Projet hunn. NAXI hëlleft hinnen dobäi, hire beruffleche Projet auszeschaffen.

ProActif

Reinsertioun a Formatioun

An enger Welt, an där de Chômage dacks Isolatioun an de Verloscht vu Selbstvertraue mat sech brénge kann, zeechent ProActif sech duerch säin Engagement aus, Leit, déi eng Aarbecht sichen, eng zweet Chance ze ginn. D'sozial Initiativ ProActif schafft enk mat der ADEM zesummen, fir d'Reinsertioun vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen, doduerch ze fërderen, datt si hinnen eng Dagesroutine gëtt an hinnen déi wichtegst berufflech Kompetenze vermëttelt, fir datt si nees Uschloss un d'Beruffswelt an zeréck an d'Aarbechtsliewe fannen.

ProActif bitt eng breet Gamm vu Servicer un, souwuel fir Privatleit ewéi fir d'Betriber, d'Gemengen oder d'Syndicken:

  • Gaardenaarbecht: Entretien, Uleeën a Gestalte vu Gréngflächen.
  • Botzaarbechten: Expertise beim Botze vu private Wunnengen, ëffentleche Beräicher a Gebaier.
  • Schräiner- a Schlässeraarbechten "Aus eisem Holz": eng Produktlinn mat lokal hiergestallten Holzproduiten, déi och op d'Mooss kreéiert kënne ginn.
  • Steemetzer- an Usträicheraarbechten: Steemetzer- an Usträicheraarbechten a kleng Reparaturaarbechten.
  • Produktioun a Verschaffe vun Uebst a Geméis "Aus eisem Gaart": Produiten, déi op de Felder vu ProActif ugebaut ginn oder vu lokale Bauere stamen, an déi suergfälteg gepléckt, gewäsch, geschnidden a vakuumverpaakt ginn.
  • Restaurant "Zopp & Z’iessen": an der Industriezon vu Conter. Dëse Restaurant gëtt wéinst sengem hausgemaache Kascht, deen een op der Plaz iessen oder mathuele kann, appreciéiert.

An allen Déngschter, déi ProActif ubitt, gëtt op Qualitéit a sozialen Engagement gesat, fir esou net nëmmen d'Besoine vun de Clienten ze erfëllen, mee och de Beneficiairen eng wichteg Léiererfarung ze bidden.

Zarabina

Formatioun a Berodung

Zarabina bitt Gruppeformatiounen an individuell Berodung fir all Erwuessenen, deen an de Beräicher Beruffsliewen, Weiderbildung a Karriär orientéiert wëll ginn.

Zënter 1995 gëllt Zarabina als Referenz um Gebitt vun der Formatioun an der Berodung am Zesummenhang mat iwwerdrobarem Wëssen. Der A.s.b.l. hir Approche vum Aarbechtsmaart setzt op individuell ugepasste Strategien, déi d'Contraintë vun der Realitéit an déi perséinlech Ziler vun hire Clienteën a Clientë systematesch an effikass matabezéien.

D'Schlësselkompetenze vun Zarabina leien a follgenden Domainer:

  • Déngschtleeschtunge fir den aktiven Opbau vun engem beruffleche Parcours an engem Formatiounsparcours fir d'liewenslaangt Léieren. Formatioun fir de Beruff „Office-Assistentin” fir Fraen op der Sich no enger Aarbecht, déi eng gewëssen Erfarung am Sekretariat hunn.
  • Initiative fir d'Unerkennung vun de berufflechen an ausserberuffleche Kompetenzen.
  • Zukunftsträchteg Projeten an de Beräicher Weiderbildung, Beschäftegung a Karriär.

Kontakt

co-labor s.c.
1 A, Grevelsbarrière
L-8059 Bertrange

www.co-labor.lu

+352 44 78 83 - 1
secretariat@co-labor.lu


Competence A.s.b.l.
13-15, Breedewues
L-1259 Senningerberg

www.competence-asbl.com

+352 28 99 36 69
info@competence-asbl.com


COSP, Centre d’Orientation Socio-Professionnelle A.s.b.l.
30, rue de Diekirch
L-7440 Lintgen

cosp.lu/

+352 26 32 42 201


Forum pour l’emploi
20, route d'Ettelbrück
L-9230 Diekirch

www.fpe.lu

+352 80 48 85-1
nmigy@fpe.lu


Initiativ Rëm Schaffen
41, rue de Luxembourg
L-4220 Esch-sur-Alzette

www.remschaffen.lu

+352 53 23 78
esch@remschaffen.lu

110, Avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

+352 25 02 49
info@remschaffen.lu

40, Avenue Salentiny
L-9080 Ettelbruck

+352 81 11 71
ettelbruck@remschaffen.lu
Naxi, Centre de Formation et d’Insertion Professionnel pour Femmes
49 A, rue du Baerendall
L-8212 Mamer

www.fed.lu

+352 40 71 51 - 1
naxi@fed.lu


ProActif A.s.b.l.
5, rue de Läiteschbaach
L-5324 Contern

www.proactif.lu

+352 27 33 44 1
info@proactif.lu


Zarabina A.s.b.l.
27, rue Emile Mayrisch
L-4240 Esch-sur-Alzette

www.zarabina.lu

+352 26 55 12 13 1

37-39, rue Felix de Blochausen
L-1243 Luxembourg

+352 26 55 12 13 60
info@zarabina.lu