Accessibilitéitserklärung

Konformitéitserklärung
Lescht Aktualiséierung : 02.09.2023

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jiddweree muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, Persounen mat enger Behënnerung un den Aen oder engem aneren Handicap) benotzen.

D'digital Accessibilitéit ëmfaasst en Ensembel vu Reegelen a gudde Praktiken, déi besonnesch déi funktionell, grafesch, technesch a redaktionell Aspekter ofdecken.

En accessibele Site erméiglecht zum Beispill Follgendes:

  • Pesonaliséierung vum Affichage iwwer de Betribssystem an/oder de Browser (Vergréisserung oder Verklengerung vun der Schrëft, Ännerung vun der Typografie a vun de Faarwen, Stoppe vun den Animatiounen asw.)
  • Navigatioun mathëllef vun ënnerstëtzenden Technologien, wéi der Sproochsynthees oder enger Braillezeil
  • Navigatioun ouni d'Maus ze benotzen, nëmme mat der Tastatur, mat Schaltflächen oder iwwer en Touchscreen.
  • Consultatioun vu Videoen an Audio-Inhalter mathëllef vun Ënnertitelen an/oder Transkriptiounen.

Accessibilitéitspolitik

Den INFPC, den nationalen Institut fir d'Entwécklung vun der berufflecher Weiderbildung, leet besonnesch vill Wäert op d'Accessibilitéit vu sengem Internetsite. En ass beméit, dofir ze suergen, datt den RGAA (Allgemenge Referenzsystem fir d'Verbesserung vun der Accessibilitéit) agehale gëtt.

Fir dat beschtméiglecht Resultat ze erzilen, gëtt d'Accessibilitéit vun alle Persoune berücksichtegt, déi besonnesch un der Konzeptioun an un der Entwécklung vum Internetsite bedeelegt sinn.

Si ginn och vun externen Experte begleet, besonnesch beim Audit, den Arbitragen an der Iwwerpréiwung vun de Korrekture wärend der ganzer Konzeptiouns- an Entwécklungsphas.

Accessibilitéitserklärung

Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft de Site „www.lifelong-learning.lu”.

Konformitéitsstatut

De Site lifelong-learning.lu ass partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 a mam allgemenge Referenzsystem fir d'Verbesserung vun der Accessibilitéit (RGAA) v4.1, deen dës Norm ëmsetzt, an dat opgrond vun den Net-Konformitéiten an den Derogatiounen, déi heirënner opgelëscht ginn.

Testresultater

Aus dem Audit iwwer d'Konformitéit zum RGAA Versioun 4.1, deen tëschent Februar a Mee 2023 vun der Gesellschaft Ideance duerchgefouert gouf, geet ervir, datt fir den Echantillon:

  • de globale Konformitéitstaux bei 83,1 % läit (ermëttelt, andeem d'Zuel vu konforme Krittären duerch d'Zuel vun applizéierbare Krittäre gedeelt gëtt)
  • den duerchschnëttleche Konformitéitstaux bei 94,7 % läit (ermëttelt op der Basis vun der Moyenne vun de Konformitéitstauxe vun all eenzel Säit)

Net accessibel Inhalter

Net-Konformitéiten

Lëscht vun den net-konforme Krittären:

  • 1.1 - Fir zwee Biller, déi Informatiounen enthalen, gëtt et keng Alternativ a Form vun Text.
  • 1.2 - En dekoratiivt Bild gëtt net vun den Assistenz-Technologien ignoréiert.
  • 7.1 - De Knäppchen „d'URL kopéieren” an de Knäppchen „Sich iwwer Stéchwierder” sinn net vollstänneg unhand vu gëeegenten HTML-Tags an -Attibuter strukturéiert.
  • 8.2 - De generéierte Quellcode ass fir de spezifiéierten Typ vun Dokument net gëlteg.
  • 8.7 - Et gëtt kee Sproochewiessel ugewisen.
  • 8.9 - Tags ginn nëmme fir Presentatiounszwecker benotzt.
  • 9.1 - Informatiounen am Feld „Kontakt” sinn net duerch déi passend Benotzung vun Titele strukturéiert.
  • 9.2 - Verschidde Säite sinn net kohärent strukturéiert.
  • 9.3 - Verschidde Lëschte sinn net kohärent strukturéiert.
  • 13.3 - Verschidden Office-Dokumenter fir erofzelueden verfügen net iwwer eng accessibel Versioun.

Inhalter, déi net un d'Accessibilitéitsverflichtung gebonne sinn

De Cookie-Gestionnaire „CookieBot” gouf ausgeklamert. E gouf deemno net engem vollstännegen an detailléierten Audit ënnerzunn.

Et gouf awer iwwerpréift, datt seng Presenz d'Benotzung an d'Consultatioun vum Rescht vum Site net verhënnert.

Zousätzlech Remarken

Vill PDF-Dokumenter, déi um Site disponibel sinn, goufe vun anere Verwaltungen erstallt an/oder an Optrag ginn. Dës Dokumenter kënnen net der Norm EN 301 549 V2.1.2 entspriechen.

Erstellung vun dëser Accessibilitéitserklärung

Dës Erklärung gouf den 31.05.2023 erstallt.

Technologien, déi fir d'Realisatioun vum Site benotzt goufen

  • HTML5
  • SVG
  • ARIA
  • CSS
  • JavaScript

Testëmfeld

D'Tester goufe mat Kombinatiounen aus de follgende Webbrowseren a Screenreaderen duerchgefouert:

  • Firefox 110.0 an NVDA 2022.4
  • Firefox 110.0 an JAWS 2022
  • Safari a VoiceOver (MacOS 13.1)
  • Safari a VoiceOver (iOS 16.1.2)

Instrumenter fir d'Bewäertung vun der Accessibilitéit

  • Colour Contrast Analyser
  • Contrast Finder
  • Firefox-Entwécklungsinstrumenter
  • Web Developer (Firefox-Extensioun)

Säite vum Site, déi op hir Konformitéit gepréift goufen

Feedback a Kontakt

Sollt Dir e Problem am Bezuch mat der Accessibilitéit feststellen, biede mir Iech, eis eng E-Mail un accessibilite@infpc.lu ze schécken: Beschreift eis de Problem an déi concernéiert Internetsäit. Mir verflichten eis dozou, Iech bannent engem Mount ze äntweren.

Fir de Problem nohalteg ze behiewen a souwäit et räsonabel ass, gëtt eng Online-Korrektur vun der feelender Accessibilitéit privilegiéiert.

Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt Iech déi gewënschten Informatioun op Wonsch an engem accessibele Format geschéckt:

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon

Prozeduren fir sécherzestellen, dass d'Dispositiounen agehale ginn

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, doriwwer z'informéieren, entweder iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.


Dës Erklärung baséiert op deem an der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéierte Virlag-Dokument. Dës Virlag gehéiert der  Europäescher Unioun, a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.

Kontakt

INFPC
Institut national pour le développement
de la formation professionnelle continue

Immeuble Cubus C2
2, rue Peternelchen
L-2370 Howald