COIP - Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun

Lescht Aktualiséierung : 11.08.2023

Allgemenges

D'Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun (cours d'orientation et d'initiation professionnelles - COIP) erméiglechen et jonke Leit, iwwer d'Zesummentreffe mat Responsablen, déi hir Beruffer virstellen, e realistesche beruffleche Projet auszeschaffen.

Nieft dem Opfrësche vum Basiswësse kënnen d'Kandidaten duerch Stagen an den Entreprisen hire Projet validéieren an éischt konkret Beruffserfarunge sammelen. De COIP leeft iwwer 1 Joer.

Jonker, déi op d'mannst 18 Joer al sinn,

  • déi d'Opnamebedéngunge fir de Regime professionnel vum Enseignement secondaire général (ESG) net erfëllen,
  • déi net déi néideg Kompetenze fir den Zougang zum Aarbechtsmaart hunn oder
  • déi d'Schoul virzäiteg ofgebrach hunn,

kënne Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun (COIP) matmaachen, fir erëm an den Educatiouns- a Formatiounssystem opgeholl ze ginn.

D'COIP erlaben deem Jonken:

  • sech op d'aktiivt Liewe virzebereeden,
  • sech an de Regime professionnel vum Enseignement secondaire général (ESG) ze orientéieren oder
  • erëm eng Klass vum Cycle inférieur vum ESG ze besichen.

Prakteschen an allgemengen Unterrecht

D'COIP ëmfaassen:

  • e prakteschen a beruffleche Volet (Workshop a Stagen an der Entreprise),
  • e Volet allgemengen Unterrecht a Form vu Modüllen.

Si ginn an de follgende berufflechen Domainer organiséiert:

  • Landwirtschaft, Gaardebau an Ëmwelt
  • Liewensmëttel a Kichen
  • Liewensmëttel a Pâtisserie
  • Bauwiesen
  • Holz
  • Coiffure a Kierperfleeg
  • Elektrik
  • Bekleedung/Verkaf
  • Mechanik an Automobilmechanik
  • Metall
  • Ustrach
  • Service a Restauratioun

Kontakt

CNFPC Ettelbrück

77, rue Jean-Pierre Thill (Z.I.)
L-9085 Ettelbruck

www.cnfpc.lu