VAE fir d'Qualifikatioune vun der Beruffsausbildung, vum Secondaire général a
fir d'Meeschterkaart

Lescht Aktualiséierung : 30.08.2023

Allgemenges

D'Validation des acquis de l'expérience (VAE) erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, fir iwwer dee Wee eng vun de follgende Qualifikatiounen ze kréien:

  • Certificat de capacité professionnelle (CCP)
  • Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP)
  • Diplôme de technicien (DT)
  • Diplôme de fin d'études secondaires générales (DFESG)
  • Meeschterkaart (brevet de maîtrise) am Handwierk

D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.

Nëmmen déi Qualifikatiounen, fir déi schonn eng éischt Promotioun an der Éischtausbildung diploméiert gouf, sinn iwwer d'Demarche vun der VAE zougänglech.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Dir wëllt méi doriwwer gewuer ginn?

Den INFPC organiséiert gratis Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Validation des acquis de l’expérience (VAE)

Méi Informatiounen op www.infpc.lu

Erausfannen, wéi eng Qualifikatioun der eegener Erfarung entsprécht

Fir erauszefannen, wéi eng Qualifikatioun senger Erfarung entsprieche kéint, kann de Kandidat d'Schoul- oder Ausbildungsprogrammer vun den Diplomer consultéieren, déi op den ënne genannte Sitten ugewise ginn, a sech esou mat den Erwaardungen an Ufuerderungen (indispensabel Kompetenzen a Kenntnisser), déi un déi eenzel Qualifikatioune gebonne sinn, vertraut maachen:

Qualifikatioun Sitte fir ze consultéieren
  • CCP, DAP, DT
Op dëse Link klicken, fir op de Site eSchoolBooks ze kommen, duerno CCP, DAP oder DT an dat gewënschten Handwierk oder de gewënschte Beruff auswielen
  • Diplôme de fin d'études secondaires générales
Op dëse Link klicken, fir op de Site eSchoolBooks ze kommen, duerno an der Rubrik "Enseignement secondaire général" op "Classes supérieures" klicken an de gewënschten Diplom auswielen
  • Meeschterkaart (Brevet de maîtrise)
D'Programmer um Internetsite vun der Chambre des Métiers consultéieren

De Kandidat kann och:

  1. e Rendez-vous bei der Cellule VAE vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ufroen. Si beréit de Kandidat iwwer d'Qualifikatiounen, déi a Fro kommen, an erkläert d'Demarche;
  2. op eng Orientatioun beim Service vun der Erwuessenebildung (SFA) zeréckgräifen, fir bei der Definitioun vu sengem perséinleche Projet ënnerstëtzt ze ginn;
  3. sech fir all weider Froe bei de VAE-Partner (Handelskummer, Handwierkskummer, Landwirtschaftskummer, Maison de l'Orientation) informéieren.
Gutt ze wëssen
  • Wéi eng Sprooche muss ee beherrschen?

    Et muss een d'Sproochen, déi um Programm vun der viséierter Qualifikatioun stinn, beherrschen. Fir d'Meeschterkaart kann de Kandidat tëschent Däitsch a Franséisch wielen.

  • Lëscht vun de Beruffer an Handwierker fir d'Diplomer/Certificaten CCP, DAP an DT

    D' Lëscht vun de Beruffer an Handwierker, déi am Kader vun der Beruffsausbildung organiséiert ginn, gëtt all Joer iwwer e groussherzoglecht Reglement aktualiséiert.

  • Grenziwwerschreidend Ausbildung

    Eng VAE-Demande kann nëmme fir Handwierker/Beruffer gestallt ginn, fir déi et en Ausbildungsprogramm gëtt. D'Formatioune vun der grenziwwerschreidender Ausbildung (TRF) ginn net mat engem Lëtzebuerger Beruffsqualifikatiounscertificat ofgeschloss a sinn deemno vum VAE-Dispositif ausgeschloss.

Demarchen

Eng VAE-Demarche leeft an zwou Etappen of:

  • d'Demande de recevabilité (15% vun der Prozedur): 1. Etapp vun der Validatiounsprozedur
  • d'Demande de validation sur le fond (85% vun der Prozedur): 2. Etapp vun der Validatiounsprozedur
Schema vun de verschiddenen Etappe vun der Demarche, vun der Demande de recevabilité bis zu der effektiver Validatioun.

Et gëtt drop higewisen, datt d' Demande de validation des acquis de l’expérience elo komplett online iwwer MyGuichet.lu agereecht ka ginn.

Iwwer dynamesch Questionnairen (momentan nëmmen op Franséisch verfügbar) gëtt de Kandidat duerch déi zwou Etappe vun der Demarche geleet: d'Demande de recevabilité an duerno d'Demande de validation sur le fond.

Déi erfuerderlech Dokumenter a Certificate kënnen direkt iwwer d'Applikatioun MyGuichet.lu eropgeluede ginn.

Formulairen a Pabeierform stinn de Kandidaten awer weiderhin zur Verfügung a kënnen um Site www.vae.men.lu an der Rubrik "Formulairen an Online-Demarche" erofgeluede ginn. Si mussen da per Post (ageschriwwene Bréif) un d'Cellule VAE geschéckt oder perséinlech hannerluecht ginn.

Begleedung

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend bitt dem Kandidat, deen eng Demande fir d'Validation de l'acquis de l'expérience areeche wëllt, e Begleetservice un.

Den Zweck vun dëser Begleedung ass et, de Kandidat methodologesch beim Opstelle vu senger Demande de validation sur le fond ze ënnerstëtzen. Dat kann ënnert verschiddene Forme geschéien:

  • e Gruppe-Workshop, dee vum Ministère organiséiert gëtt;
  • een oder méi perséinlech Gespréicher mam Begleeder;
  • dës Begleedung ass staark recommandéiert a gëtt op Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch ugebueden.

D'Begleedung, déi dem Kandidat proposéiert gëtt, ëmfaasst follgend Etappen:

  • de Kandidat methodologesch ënnerstëtzen;
  • de Kandidat iwwer de Kaderprogramm vum ugestriefte Certificat, Diplom oder Brevet informéieren;
  • de Kandidat bei der Opstellung vu sengem Dossier fir d'Validatiounskommissioun a Funktioun vu senger berufflecher an/oder ausserberufflecher Erfarung orientéieren, ënnerstëtzen a beroden.
Delai, fir eng Begleedung unzefroen

Bannent engem Mount nom Agang vun der Matdeelung, datt d'Demande de recevabilité akzeptéiert gouf, musst Dir Är Demande, fir e Begleeder zougewisen ze kréien, un de Ministère schécken.

Eng Demande fir dës Begleedung ka bei der Cellule VAE nom Depôt vum 1. Dossier agereecht ginn.

Demande de recevabilité

1. Etapp vun der Validatiounsprozedur

De Kandidat muss eng Demande de recevabilité ausfëllen an den Diplom uginn, dee mat der VAE viséiert gëtt.

A senger Demande de recevabilité muss de Kandidat och Informatiounen iwwer seng Erfarung a säin Educatiouns- a Formatiounsparcours uginn. Opgrond vun dësen Informatiounen an den entspriechende Beleeger iwwerpréift de Ministère, ob si effektiv Usproch op eng VAE ginn an ob d'Demande recevabel ass.

Administrativen Dossier: Kopië vun den Dokumenter, déi mat der Demande de recevabilité anzereeche sinn

  • Offiziell Dokumenter (Aarbechtscertificaten,...)
  • d'Déclaration sur l’honneur
  • Virement vu 25€
  • Identitéitsdokument
  • Certificat d’affiliation vun der Sécurité sociale (CCSS)
  • Certificaten/Diplomer fir Formatiounen (Éischtausbildung/Weiderbildung)
  • Ënnerschriwwent Dokument iwwer den Dateschutz

Et gëtt keen Delai fir d'Areeche vun der Demande de recevabilité.

All Demande, déi per Post verschéckt gëtt, muss mat engem ageschriwwene Bréif agereecht ginn.

D'Demande de recevabilité (momentan nëmmen op Franséisch verfügbar) kann online iwwer MyGuichet.lu agereecht ginn.

Demande de validation sur le fond

2. Etapp vun der Validatiounsprozedur

Wann d'Demande de recevabilité akzeptéiert gëtt, muss de Kandidat d'Demande de validation sur le fond ausfëllen. Déi positiv Decisioun iwwer d'Recevabilitéit vun der VAE-Demande ass fir zwou Validatiounssessioune gëlteg.

Beispill

Dir reecht Är Demande de recevabilité am Laf vum Januar 2023 an. Am Fall vun enger positiver Äntwert kënnt Dir Är Demande de validation sur le fond zu follgenden Datumer areechen:

  • entweeder fir den 31. Juli 2023 (Sessioun Oktober-November 2023)
  • oder fir den 28. Februar 2024 (Sessioun Mee-Juni 2024)

Dës Datumer mussen onbedéngt respektéiert ginn. De Stempel vun der Post ass ausschlaggebend.

D'Validatiounskommissiounen trieden zweemol am Joer zesummen.

Déi zoustänneg Autoritéit deelt Iech d'Decisioun spéitstens ee Mount, nodeem si selwer vun der Validatiounskommissioun informéiert gouf, mat.

A senger Demande de validation sur le fond muss de Kandidat am Detail d'Wëssen, d'Fäegkeeten an d'Kompetenzen, déi an direktem Zesummenhang mam viséierten Diplom stinn, beschreiwen a konkret Beispiller vun erfëllten Aufgaben uginn.

Dossier de validation sur le fond: néideg Informatiounen

  • d'Déclaration sur l’honneur
  • d'Fichen, déi de Parcours beschreiwen
  • d'Fichen, déi d'Aarbechtsplaze beschreiwen
  • d'Fichen, déi d'Aktivitéite beschreiwen
  • Annexen
  • Kopie vun der Decisioun iwwer d'Recevabilitéit
  • Fakultativ: CV a Certificaten vu Formatiounen (Éischtausbildung/Weiderbildung)

All Demande, déi per Post verschéckt gëtt, muss mat engem ageschriwwene Bréif agereecht ginn. De Stempel vun der Post ass ausschlaggebend.

D'Demande de validation sur le fond (momentan nëmmen op Franséisch verfügbar) kann online iwwer MyGuichet.lu agereecht ginn.

Den Dossier gëtt de Membere vun der Validatiounskommissioun virgeluecht. D'Kommissioun vergläicht d'Kompetenzen, déi de Kandidat sech ugëeegent huet, mat deenen, déi néideg sinn, fir de gefroten Diplom ze kréien.

Op der Basis vum Dossier, deen de Kandidat virgeluecht huet, prononcéiert d'Kommissioun sech iwwer den Ëmfang vun der Validatioun:

  • Refus,
  • Deelvalidatioun,
  • vollstänneg Validatioun.

Op Initiativ vun der Kommissioun kann no der Analys vum Dossier eventuell e Gespréich oder e Versetzen an eng reell oder nogestallte berufflech Situatioun stattfannen. Am Fall vun engem Refus huet de Kandidat d'Méiglechkeet, e Recours anzereechen (bannent engem Delai vun 3 Méint no der Zoustellung vun der Kommissioun hirer Decisioun). Am Fall vun enger Deelvalidatioun huet de Kandidat 3 Joer Zäit, fir sech déi feelend Kompetenzen iwwer eng Formatioun oder duerch zousätzlech Erfarung unzëeegenen.

Beispill

De Marc ass Mecanicien a wëll de Familljebetrib iwwerhuelen

De Marc ass 33 Joer al an huet en Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) als Mecanicien fir Autoen a Motoen. Hie schafft zanter 13 Joer als Mecanicien an der Garage vu sengem Monni. Hien hëlleft him och bei der deeglecher Gestioun vum Betrib.

Well de Marc de Betrib enges Daags iwwerhuele wëll, informéiert hie sech beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend iwwer d'Méiglechkeet, eng Meeschterkaart als Auto-Mechatroniker ze kréien. De Ministère äntwert him, datt hien opgrond vu senger Erfarung eng Demande de validation des acquis de l'expérience fir d'Meeschterkaart areeche kann.

Dës Demande gëtt an zwou Etappen ofgewéckelt. Fir d'éischt reecht de Marc beim Ministère eng Demande de recevabilité zesumme mat den néidege Beleeger an, a preziséiert, wéi eng Meeschterkaart hie viséiert. Duerno, nodeems hien eng positiv Äntwert krut, hannerleet hie seng Demande de validation sur le fond. An där Demande weist hien no, datt hien d'Wëssen, d'Fäegkeeten an d'Kompetenzen, déi vun där viséierter Meeschterkaart gefuerdert ginn, an de Beräicher Aarbechts- a Sozialrecht, Betribsrecht, Berechnung vun de Salairen, Comptabilitéitsmechanismen a Finanzanalys, Berechne vum Prix de revient, Kommunikatiounstechniken, Gestioun vum Personal, Organisatioun vum Betrib, Kreatioun vun enger Entreprise, Reform vun der Beruffsausbildung, applizéiert Pedagogik, Theorie a Praxis vum jeeweilegen Handwierk besëtzt.

Hie kritt d'Validation des acquis de l'expérience nëmmen deelweis accordéiert, well d'Commission de validation seng Kenntnisser an de Beräicher Berechnung vun de Salairen, Comptabilitéitsmechanismen a Finanzanalys a Berechnung vum Prix de revient als net vollstänneg ugesäit. De Marc decidéiert, an deene Fächer Owescoursen ze maachen. Hien huet 3 Joer Zäit, fir sech déi feelend Kompetenzen unzëeegnen.

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation professionnelle

Cellule VAE
29, rue Aldringen
L-2926 Luxembourg

www.vae.men.lu

+352 247 75908
+352 247 56445
+352 247 65253
+352 247 85993
vae@men.lu

Sur rendez-vous avec entrée au:
38, rue Philippe II
L-2340 Luxembourg



Service de la formation des adultes (SFA)
Guichet Maison de l'orientation
29, rue Aldringen
L-2926 Luxembourg

Orientation et conseil
Conseillers SFA
+352 247 65181
sfa@men.lu