Member ginn

Lescht Aktualiséierung : 20.12.2023

De Portal lifelong-learning.lu bitt eng breet Gamm u gratis Servicer (iwwer eng Umeldung) a personaliséierte Servicer (iwwer en Abonnement), déi op Äre Benotzerprofil an Är perséinlech Interessien ofgestëmmt sinn un.

Fir Zougang op dës Servicer ze kréien, braucht Dir nëmmen op de Link Umellen uewe riets op der Säit ze klicken an déi verschidden Etappen ze suivéieren.

Gratis Servicer

Zougang zu Informatiounen

Wann Dir Iech um Portal mam Profil "Privatpersoun" umellt, kënnt Dir vun enger Rei vu gratis Servicer profitéieren, déi den Zougang zu Informatiounen erliichteren.

  • Formanews, de Newsletter iwwer d'Entwécklung vum Formatiounsmaart an d'News aus dem Formatiounsberäich, abonnéieren
  • Formatiounen a Formatiounsinstituter, déi Dir consultéiert hutt, bei Är Favoritte setzen an esou beim nächste Besuch Zäit spueren
  • Är Aschreiwungen a Formatiounen iwwer de Portal archivéieren, fir d'Entwécklung vun Äre Kompetenzen ze suivéieren

Dir wësst vun Evenementer wéi Foiren, Konferenzen, Colloquen oder Salonen am Beräich vun der Formatioun? Da schéckt eis déi Informatiounen iwwer Äre Kont op lifelong-learning.lu, fir datt se gratis op der Homepage an der Rubrik "News aus dem Weiderbildungswiesen" publizéiert kënne ginn.

Gestioun vun de Gebidder, déi Iech interesséieren

Fëllt Äre Profil aus, fir Är gratis Servicer ze optimiséieren an nei Méiglechkeeten ze kréien, d'Recherche op Är Besoinen ofzestëmmen.

  • Personaliséiert Äert Formanews-Abonnement, andeem Dir déi Formatiounsdomainer auswielt, déi Iech interesséieren
  • Bleift mat E-Mail-Alerten iwwer zukünfteg Formatiounen an den Domainer, déi Dir ausgewielt hutt, an iwwer déi nächst Sessioune vu Formatiounen, fir déi Dir Iech interesséiert, um Lafenden.

Wann Dir Iech mam Profil "Entreprise" um Portal umellt, stinn Iech niewent de Servicer, déi uewe beschriwwe goufen, och déi follgend Servicer zur Verfügung:

  • Dir kënnt Är Appel d'offres fir Formatiounen op d'Moossbei de Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, verëffentlechen a vun hinne Léisunge fir passend Formatiounen ugebuede kréien
  • Dir kënnt Iech an den Annuaire vun den Entreprisen, déi Formatiounen akafen, aschreiwen, fir vu Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, am Hibléck op eng künfteg Zesummenaarbecht kontaktéiert ze ginn

Formateurs-CV

Dir hutt Erfarung als Formateur?

Wann Dir Iech mam Profil "Formateur" um Portal umellt, kënnt Dir gratis Ären CV als Formateur presentéieren, fir eventuell mat de Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, a Kontakt ze trieden.

  • Publikatioun vun Ärem CV als Formateur (Coordonnéeën, Kompetenzen, Diplomer, Referenzen, Interventiounsberäich, Foto...) an der Sichmaschinn
  • Nëmme Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, kënnen Äre CV als Formateur consultéieren

Servicer fir Formatiounsinstituter

Fir Är Visibilitéit ze erhéijen an Zougrëff op d'Demande am Beräich vun der Formatioun ze kréien, referenzéiert Är Formatiounsaktivitéiten um Portal lifelong-learning.lu, de Referenzsite am Beräich vum liewenslaange Léieren.

PDF-Ikon Méi Detailer

Dir braucht Iech nëmme mam Profil "Formatiounsinstitut" unzemellen an déi verschidden Etappen ze suivéieren.

Jee nodeem, wéi vill Formatiounen Dir presentéiere wëllt, hutt Dir de Choix tëschent 3 Packagen


Package "TEN"


maximal 10 Formatiounen
275€/Joer ouni TVA

Package "FIFTY"


maximal 50 Formatiounen
550€/Joer ouni TVA

Package "FIFTY+"


onbegrenzt Zuel vu Formatiounen
825€/Joer ouni TVA
Optioun "Formatiounssäll"
Presentation vun der Entitéit, déi d'Säll verlount,
a vun de Formatiounssäll
(+Fotoen a Logo)
300€/Joer ouni TVA
Optioun "Foramtiounssäll"
Wielt de Package "Fifty+",
dee méi virdeelhaft ass
Optioun "Formatiounssäll"
Am gewielte Package mat dran

Fir um Portal referenzéiert ze ginn, muss e Formatiounsinstitut en Agrement als Gestionnaire vun engem Organismus fir berufflech Weiderbildung hunn.

En agreéiert Formatiounsinstitut ginn - Praktesch Modalitéiten

Servicer fir Entitéiten, déi d'Formatiounssäll verlounen

Dir sidd eng Entreprise a verfüügt iwwer Formatiounssäll, déi verlount kënne ginn? Dan loosst Iech um Portal referenzéieren a mellt Iech mam Profil "Entitéit, déi Formatiounssäll verlount" un.

Package "Entitéit, déi Formatiounssäll verlount" Jorestarif / ouni TVA
  • Presentatioun vun der Entitéit, déi Formatiounssäll verlount (+Fotoen a Logo)
  • Presentatioun vun de Formatiounssäll (+Fotoen)

PDF-Ikon Méi Detailer

300€

Kontakt

INFPC

Anne Oswald
Responsable lifelong-learning.lu