Tattoostudioen an Ariichtungen, déi ëffentlech Solariume bereetstellen

Lescht Aktualiséierung : 01.03.2024

Allgemenges

All Prestataire, deen Tätowéierservicer duerch Punktéierung vun der Haut (Permanent Make-up, Piercing, Branding, Cutting abegraff) ubitt, muss eng Formatioun vun op d'mannst 21 Stonnen iwwer d'Hygiènes- a Gesondheetsvirschrëfte maachen.

Méi Informatiounen

All Prestataire, deen der Ëffentlechkeet UV-Solariumen zur Verfügung stellt, muss eng Formatioun vun op d'mannst 8 Stonnen zum Theema Hygiènesbedéngungen a Schutz virun ultravioletter Stralung absolvéieren.

Méi Informatiounen

Dës Formatioune musse bei engem vun de follgenden Etablissementer absolvéiert ginn: bei engem Formatiounsprestataire, deen eng Geneemegung huet, fir Formatiounen zu Lëtzebuerg unzebidden, oder wann et sech ëm eng Formatioun handelt, déi an engem EU-Memberstaat absolvéiert gëtt, bei engem Etablissement, dat vun enger zoustänneger Autoritéit an deem Staat unerkannt ass.

Et sief och nach erwäänt, datt d'Prestatairë vu Servicer, déi Tätowéier- a Bräunungstechnike beinhalten, d'Ouverture, d'Fermeture oder d'Ännerung vun hirem Studio bzw. hirer Ariichtung bei der Direction de la Santé deklaréiere mussen. Déi praktesch Modalitéiten, fir eng Aktivitéit ze deklaréieren, fënnt een um Site guichet.lu.

Kontakt

fir Tattoostudioen:

Centre de Compétences - Digitaalt Handwierk
Hair Beauty Tattoo Guild

448, Z.A.E. Wolser F
L-3290 Bettembourg

www.cdc-digihw.lu

+352 621 378 730
formations@cdc-hbt.lu
fir Prestataire, déi UV-Solariumen zur Verfügung stellen:

Ministère de la Santé et de la Sécurité Sociale
Direction de la Santé - Division de la radioprotection

6 B, rue Nicolas-Ernest Barblé
L-1210 Luxembourg

www.sante.lu

secretariat.radioprotection@ms.etat.lu