DAEU - Diplôme d’accès aux études universitaires

Lescht Aktualiséierung : 03.08.2023

Allgemenges

Erwuessener, déi keen Ofschloss vum Enseignement secondaire classique oder général oder gläichwäertegen auslänneschen Ofschloss hunn, an déi op enger Universitéit studéiere wëllen, kënne mam DAEU en Diplom kréien, dee mam Ofschlossdiplom vum Secondaire gläichgestallt ass.

Den DAEU (option littéraire) erméiglecht den Zougang zu Héichschoulstudien. E gëtt an der Woch an Owescoursen a samschdes an Dagescoursen ugebuede vum Luxembourg Lifelong Learning Centre an Zesummenaarbecht mat der Université de Lorraine. E vermëttelt sengem Titulaire déi selwecht Rechter wéi déi, déi mam Baccalauréat respektiv mam Diplôme de fin d'études secondaires verbonne sinn.

Zougangsbedéngungen

D'Kandidate mussen den 1. Oktober vum lafende Joer hir Éischtausbildung zanter op d'mannst 2 Joer ënnerbrach hunn. Doriwwer eraus musse si och eng vun de follgende Bedéngungen erfëllen:

  • den 1. Oktober vun deem Joer, an deem den Diplom ausgestallt gëtt, op d'mannst 20 Joer al sinn an noweisen, datt si zu deem Datum 2 Joer laang eng berufflech Aktivitéit ausgeüübt hunn, sief et ganz- oder hallefdaags, an dofir bei der Sécurité sociale cotiséiert hunn.
  • den 1. Oktober vun deem Joer, an deem den Diplom ausgestallt gëtt, op d'mannst 24 Joer al sinn.

Automatesch gläichgesat mat enger berufflecher Aktivitéit, fir déi bei der Securité sociale cotiséiert gouf, gëtt fir den entspriechenden Zäitraum:

  • d'Zäit, déi een an d'Erzéiung vun engem Kand investéiert huet,
  • d'Aschreiwung bei der Adem fir Lëtzebuerger Residenten a beim Pôle Emploi fir franséisch Residenten,
  • d'Deelhuelen un engem Dispositif fir d'Beruffsausbildung fir Jonker op der Sich no enger Aarbecht oder enger Qualifikatioun.
  • d'Zäit, déi een an den Héichleeschtungssport investéiert huet.

Owescoursen an Dagescoursen

D'Coursë sinn esou organiséiert, datt si mam Beruffsliewe kombinéiert kënne ginn. Si ginn an der Woch owes a samschdes dagsiwwer ofgehalen a lafen iwwer zirka 10 Méint.

Et ginn ënnerschiddlech Fächer ugebueden, dorënner 2 modern Sproochen, vun deenen eng Franséisch an déi aner eng vun de Sproochen Däitsch, Englesch oder Portugisesch muss sinn, an 2 Optiounsfächer au choix. Zu dëse Fächer ziele Geschicht, Geografie, Mathematik an eng weider modern Sprooch (Englesch, Däitsch oder Portugisesch).

D'Beschreiwung vun der Formatioun uweisen

Kontakt

LLLC - Luxembourg Lifelong Learning Centre de la CSL

2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg

https://www.lllc.lu