Reglementéiert Gesondheetsberuffer

Lescht Aktualiséierung : 26.01.2024

Allgemenges

Fir verschidde Beruffer am Gesondheetsberäich, déi sougenannt reglementéiert Gesondheetsberuffer, zu Lëtzebuerg ausüben ze kënnen, brauch een eng Autorisatioun, déi vum Gesondheetsministère ausgestallt gëtt.

Fir dës Autorisatioun ze kréien, muss de Kandidat verschidde Konditiounen am Zesummenhang mam Beruff, mä och mat senger physescher a psychescher Gesondheet erfëllen, déi fir d'Ausübe vum Beruff onëmgänglech sinn.

Lëscht vun de reglementéierten Gesondheetsberuffer

Déi reglementéiert Gesondheetsberuffer ginn am Artikel 1 vum geännerte Gesetz vum 26. Mäerz 1992 iwwer den Exercice an d'Opwäertung vu verschiddene Gesondheetsberuffer opgezielt.

  • Aide-soignant
  • Assistant d’hygiène sociale
  • Assistant social
  • Medezinesch-techneschen Assistent am Laboratoire
  • Medezinesch-techneschen Assistent an der Radiologie
  • Medezinesch-techneschen Assistent an der Chirurgie
  • Dieteticien
  • Ergotherapeut
  • Infirmier
  • Infirmier an der Anästhesie an an der Reanimatioun
  • Infirmier an der Pediatrie
  • Infirmier gradué
  • Infirmier an der Psychiatrie
  • Laborant
  • Masseur
  • Masseur - Kinesitherapeut
  • Orthophonist
  • Orthoptist
  • Osteopath
  • Heilpädagog
  • Podolog
  • Reeducateur an der Psychomotorik
  • Hiewan

Wichteg - Strofrechtlech Sanktiounen

Den Artikel 16 vum geännerte Gesetz vum 26. Mäerz 1992 iwwer den Exercice an d'Opwäertung vu verschiddene Gesondheetsberuffer gesäit e.a. Follgendes vir: "mat enger Prisonsgsstrof vun 8 Deeg bis 3 Méint an enger Geldstrof vun 251 bis 5.000 Euro oder enger vun dëse béide Strofe gëtt belaangt:

  • a) eng Persoun, déi, ouni autoriséiert ze sinn, ee vun dëse Beruffer ausüübt;
  • b) eng Persoun, déi, ouni dozou berechtegt ze sinn, eng Handlung virhëlt, déi an den Zoustännegkeetsberäich vun engem vun dëse Beruffer fält;
  • c) eng Persoun, déi sech, ouni dozou berechtegt ze sinn, en Titel gëtt, deen ee vun dëse Beruffer bezeechent oder en Titel, deen zu enger Verwiesslung féiere kann;...".

Kontakt

Ministère de la Santé
Service des Professions de Santé

1, rue Charles Darwin
L-1433 Luxembourg

www.sante.public.lu
www.healthcareers.lu