Lescht Aktualiséierung : 29.03.2024

Allgemenges

Zorte vu Käschten, déi am Kader vum Dispositif vum Kofinanzement eligibel sinn

Zort vu Käschten Detail
Participanten
  • Lounkäschte vun de Participanten
  • Deplacements-, Hebergements- a Verfleegungskäschten
Externe Formateur
  • Rechnung/Umeldungskäschten
  • Deplacements-, Hebergements- a Verfleegungskäschten
Interne Formateur
  • Lounkäschte vum interne Formateur
Formatiounskäschte pro Joer
  • Cotisatioune fir Formatiounsinstituter
  • Käschte vum Reviseur d'entreprise
  • Logiciel fir d'"Gestioun vun der Formatioun"

Participanten

Lounkäschten, déi duerch d'Deelhuele vun de Salariéen un de Formatiounen entstinn

Lounkäschten
Lounkäschte vun de Participanten Duerchschnëttleche Stonneloun X Dauer vun der Formatioun a Stonnen X Zuel vu Participanten
Method fir de Stonneloun ze rechnen
Duerchschnëttleche Stonneloun (€/Stonn) Beträg*, déi um Certificat vun der Lounmass ugi sinn
Zuel vun den Aarbechtsstonnen am Joer
* "Salariéë mat enger manueller Tätegkeet" an "Salariéen"

D'finanziell Bedeelegung un de Lounkäschte gëtt ëm 20 Prozentpunkten erhéicht, wann d'Formatioun sech u Salariéë riicht, déi Usproch op e spezielle Kofinanzement hunn.

Déi follgend Certificaten, déi een iwwer de Site www.ccss.lu beim Centre commun de la sécurité sociale kritt, mussen obligatoresch bei d'Demande geluecht ginn:

  • de Certificat iwwer d'Zuel vu Salariéen, déi zum 31. Dezember beschäftegt waren.
  • de Certificat iwwer d'Lounmass. De Certificat muss iwwer 12 Méint goen. En ass vum 15. Februar u fir dat ganz vergaangent Joer disponibel.

Wann dëse Certificat iwwer de Site ugefrot gëtt, muss een d'Matricule vun der Entreprise (13 Zifferen - wann néideg d'Zuel 99 dobäisetzen) uginn.

Gruppen-Approche

Bei enger Gruppen-Approche mussen d'Stonnekäschten op der Basis vum ganze Personal vun de Gesellschafte gerechent ginn:

  • D'Lounmass vum Grupp entsprécht der Zomm vun de Beträg, déi op de Certificate vun deenen eenzele juristeschen Entitéiten uginn ass.
  • D'Stonnenzuel entsprécht der Zomm vun de Stonnen, déi op de Certificate vun deenen eenzele juristeschen Entitéiten uginn ass.

Deplacement, Hebergement a Verfleegung

Reell Käschten, déi duerch den Deplacement (Privatauto, Déngschtwon, Bensin, Peage, Taxi, Bus, Metro, Fliger...), den Hebergement (Hotel, Moieskaffi) an d'Verfleegung (Restaurant, Snacks, Traiteur, Gedrénks) vun de Participanten an/oder den interne Formateure vun enger Formatioun entstinn.

Externe Formateur

Käschten (Rechnung, Umeldungskäschten), déi duerch Formatiounen entstinn, déi vun engem Formatiounsinstitut, engem Fournisseur-Formateur oder vum Mammenhaus ofgehale ginn.

Déi eventuell Käschte fir den Deplacement, den Hebergement an d'Verfleegung vum externe Formateur sinn och abegraff.

Interne Formateur

Lounkäschte fir Mataarbechter vun der Entreprise, déi geleeëntlech als Formateur täteg sinn.

Lounkäschten
Lounkäschte vun den interne Formateuren Duerchschnëttleche Stonneloun X Dauer vun der Formatiounssessioun a Stonnen
Method, fir de Stonneloun ze rechnen
Duerchschnëttleche Stonneloun (€/Stonn) Beträg*, déi um Certificat vun der Lounmass ugi sinn
Zuel vun den Aarbechtsstonnen am Joer
* "Salariéë mat enger manueller Tätegkeet" an "Salariéen"

Déi folgend Certificaten, déi een iwwer de Site www.ccss.lu beim Centre commun de la sécurité sociale kritt, mussen obligatoresch bei d'Demande geluecht ginn:

  • de Certificat iwwer d'Zuel vu Salariéen, déi zum 31. Dezember beschäftegt waren.
  • de Certificat iwwer d'Lounmass. De Certificat muss iwwer 12 Méint goen. En ass vum 15. Februar u fir dat ganz vergaangent Joer disponibel.

Wann dëse Certificat iwwer de Site ugefrot gëtt, muss een d'Matricule vun der Entreprise (vun den Entreprisen am Fall vun enger Gruppen-Approche) (13 Zifferen - wann néideg d'Zuel 99 dobäisetzen) uginn.

Gruppen-Approche

Bei enger Gruppen-Approche mussen d'Stonnekäschten op der Basis vum ganze Personal vun de Gesellschafte gerechent ginn:

  • D'Lounmass vum Grupp entsprécht der Zomm vun de Beträg, déi op de Certificate vun deenen eenzele juristeschen Entitéiten uginn ass.
  • D'Stonnenzuel entsprécht der Zomm vun de Stonnen, déi op de Certificate vun deenen eenzele juristeschen Entitéiten uginn ass.

Formatiounskäschte pro Joer

Cotisatioune fir Formatiounsinstituter

Cotisatioune fir Formatiounsinstituter, déi op engem Kollektivvertrag oder engem interprofessionellen Accord baséieren

D'Cotisatioune fir Beruffschamberen a fir d'Association des Banques et Banquiers, Luxembourg, sinn net eligibel.

Käschte vum Réviseur d'entreprise

Rechnung, déi vum Réviseur d'entreprise fir d'Kontroll vun de Kofinanzéierungsdemande ausgestallt gëtt

Logiciel fir d'"Gestioun vun der Formatioun"

Käschte fir d'Uschafen oder den Amortissement vun engem Logiciel fir d'Gestioun vun der Formatioun. D'Lizenzkäschte pro Joer sinn och eligibel.

Beleeger

D'Kofinanzéierungsdemande muss obligatoresch déi ënne genannten Elementer enthalen.

Struktur vum Dossier

  • Formulaire vun der Kofinanzéierungsdemande mat Datum an Ënnerschrëft
  • Certificat(en) vum CCSS iwwer d'Lounmass vum Joer N
  • Certificat vum CCSS iwwer d'Zuel vu Salariéen, déi zum 31. Dezember beschäftegt waren
  • No Kategorie a Formatiounsprojet klasséiert Beleeger oder de Certificat, d'Lettre de mission an d'Rechnung vum Réviseur d’entreprise
  • CD/USB-Stick mam Excel-Fichier

Beleeger fir d' Käschten

Nëmme Käschten, déi eng reell Charge fir d'Entreprise duerstellen, sinn eligibel.

D'Lounkäschte sinn duerch Präsenzlëschten oder Präsenzattestatiounen nozeweisen.

Ausserdeem mussen d'Salariéen, déi Usproch op e spezielle Kofinanzement hunn, op alle Präsenzlëschten/-attestatiounen, op deene si virkommen, markéiert ginn.

Wat déi extern Käschten ugeet, muss bei all Rechnung a Weiderverrechnung eng Kopie vum Virementsextrait derbäileien (de Stempel an d'Ënnerschrëft vun der Comptabilitéit op der Rechnung ginn net méi als Preuve de paiement ugesinn).