Kofinanzéierungsdemande

Lescht Aktualiséierung : 29.03.2024

Wichteg Informatiounen

  • Extern Formatioun, déi iwwer zwee Exercicer leeft
    Hei sinn d'Fraisen integral an deem Joer ofzerechnen, an deem de Formatiounsprojet ofgeschloss gëtt.
    Beispill: Eng Formatioun am Sproocheberäich, déi vu September N bis Juni N+1 organiséiert gëtt, muss integral (Facture vum externe Formateur (och wa se am Laf vum Joer N bezuelt gouf), Stonne vun de Participanten, ...) an der Konfinanzéierungsdemande vum Joer N+1 ofgerechent ginn.
  • Formatiounen am Sproocheberäich: Participatiounsbeleeger
    Fir nozeweisen, datt Salariéen u Formatiounen am Sproocheberäich deelgeholl hunn, sief et u presentielle Coursen oder un Online-Formatiounen, an der Grupp oder individuell, musse Participatiounscertificaten oder -attestatiounen fir all Salarié bei d'Kofinanzéierungsdemande derbäigeluecht ginn (e Modell heivun fannt Dir an der Rubrik "Formulaire").
  • D'Eligibilitéitsperiod vum Formatiounsplang bezitt sech nëmmen op d'Kalennerjoer vum 1. Januar bis den 31. Dezember.
  • De physeschen Depot vun de Kofinanzéierungsdemandë gëtt net méi akzeptéiert.
  • Är Kofinanzéierungsdemande muss per ageschriwwene Bréif mat Accusé de réception oder als Pak mat suivi d'expédition zesumme mat engem USB-Stick oder enger CD mam Excel-Fichier op déi follgend Adress geschéckt ginn:

    INFPC
    Immeuble CUBUS C2
    2, rue Peternelchen
    L-2370 Howald

    Méi doriwwer

Formulaire fir d'Kofinanzéierungsdemande



(xls, 2,65 Mb)

Demande de cofinancement
pour formations ayant eu lieu
en

2023

à remettre au plus tard pour
le 31 mai 2024




(xls, 2,72 Mb)

Demande de cofinancement
pour formations ayant eu lieu
en

2024

à remettre au plus tard pour
le 31 mai 2025




(xls, 2,63 Mb)

Kofinanzierungsantrag
für Schulungen die
stattgefunden haben in

2023

einzureichen
bis spätestens 31. Mai 2024




(xls, 2,70 Mb)

Kofinanzierungsantrag
für Schulungen die
stattgefunden haben in

2024

einzureichen
bis spätestens 31. Mai 2025




(pdf, 119 Kb)

Intercalairen
, déi idealerweis op Pabeier vu mind. 180 g/m² erausgedréckt ginn


D'Modeller vun de Präsenzlëschte sinn am Formulaire vun der Kofinanzéierungsdemande integréiert

Fir den Entreprisen d'Prozedur fir d'Erstelle vun der Kofinanzéierungsdemande méi einfach ze maachen, bitt den INFPC d'Formatioun "Cofinancement de la formation en entreprise" un.

Sech fir d'Formatioun iwwer de Kofinanzement umellen

Tutorial - Kofinanzement vun der Formatioun

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Analys vun de Kofinanzéierungsdemanden

D'Beaarbechte vun der Kofinanzéierungsdemande besteet aus enger Analys vun der Konformitéit um qualitativen an um quantitative Plang a Bezuch op déi gesetzlech festgeluechten Eligibiliéitskrittären.

Den INFPC ënnerbreet der Commission consultative d'Schlussfollgerunge vu sengen Analysen. Dës Kommissioun formuléiert en Avis a gëtt deen un de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) weider, deen dann decidéiert, ob d'Bäihëllef accordéiert gëtt.

All Joer gi ronn 2.000 Kofinanzéierungsdemandë beim INFPC beaarbecht.

D'Entreprise schéckt hir Kofinanzéierungsdemande bannent dem virgeschriwwenen Delai un den INFPC. Den INFPC analyséiert 
d'Konformitéit vun der Demande a freet, wann néideg, zousätzlech Informatioune bei der Entreprise un. Duerno schéckt den INFPC 
d'Schlussfollgerunge vu sengen Analysen un d'Commission consultative, déi en Avis formuléiert an dësen un de Ministère fir Educatioun, 
Kanner a Jugend weiderschéckt. De Ministère decidéiert, ob d'Bäihëllef accordéiert gëtt, an informéiert d'Entreprise iwwer d'Entscheedung.
Parcours vun enger Kofinanzéierungsdemande

Dateschutz

De Règlement général sur la protection des données à caractère personnel (RGPD) stellt nei Ufuerderungen, déi en Impakt op d'Beaarbechte vun de Kofinanzéierungsdemanden a Saache berufflech Weiderbildung hunn. Dofir gouf de Formulaire fir d'Kofinanzéierungsdemande mat engem Text iwwer dës Gesetzgebung ergänzt, deen een an engem neien Onglet mam Numm "RGPD" fënnt.