Coursë fir Persoune mat spezifesche Besoinen
Séibehënnert oder blann Persounen
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert am Kader vun der Erwuessenebildung an an enker Zesummenaarbecht mam CDV speziell Coursë fir blann a séibehënnert Persounen a fir all Persoun, déi interesséiert a betraff ass.
D'Coursen am Kader vun der Erwuessenebildung fannen a klenge Gruppe statt, fir op déi individuell Besoine kënnen anzegoen, a sinn a 5 verschidden Domainer ënnerdeelt:
D'Enseignantë passen drop op, d'Virkenntnesser vu jidderengem ze respektéieren an d'Limitten a Behënnerunge vun den ageschriwwene Persounen ze berücksichtegen.
D'Coursë si gratis a lafen normalerweis iwwer en Zäitraum vu 36 Wochen.
Héiergeschiedegt oder daf Persounen, hiren Entourage esou wéi all Persoun déi interesséiert ass.
Fir héiergeschiedegt oder daf Persounen organiséiert d'Stad Lëtzebuerg an enker Zesummenaarbecht mat der Daaflux A.s.b.l. Coursen an Zeechesprooch op Däitsch fir Ufänger (DGS1 - Deutsche Gebärdensprache 1) a fir Avancéierter (DGS2 - Deutsche Gebärdensprache 2). Wéinst der COVID-19-Pandemie ginn dës Coursë momentan Dënschdesnomëttes um 17 Auer an um 18 Auer online iwwer d'Plattform Zoom ofgehalen.
Wann d'Situatioun sech nees normaliséiert huet, gëtt d'Formatioun erëm a Presentiel-Coursen am Centre Sociétaire Cents, 167, rue de Trèves L-2630 Luxembourg ofgehalen. D'Participantë gi matzäiten iwwer d'Entwécklung vun eise Coursen informéiert.
D'Coursë vum Niveau DGS3 fannen de Weekend statt.
Et gëtt drop higewisen, datt d'Coursë sech un all Persounen adresséieren, déi d'Zeechesprooch léiere wëllen, sief et aus perséinlechem Interessi oder well se Kontakt mat Persounen hunn, déi héiergeschiedegt oder daf sinn oder spezifesch Besoinen hunn, oder well hire Beruff a Verbindung steet mat Persounen, déi spezifesch Besoinen hunn.