Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

All Persoun, déi eng oder méi Aktivitéiten am Zesummenhang mat der (theoretescher oder praktescher) Formatioun ausüübt, sief et an enger Arrichtung fir allgemeng oder berufflech Bildung oder op der Aarbechtsplaz.

NB:
  • Et ginn zwou Kategorie vu Formateuren:

    • professionell Formateure si spezialiséiert Formateuren, deenen hir Fonctioun mat där vun Enseignanten an enger Ariichtung fir berufflech Bildung oder Ausbildung vergläichbar ass;
    • occasionnell Formateure si Professioneller, déi am Kader vun hirer berufflecher Aktivitéit punktuell opgrond vun hire spezifesche Kompetenzen eng Fonctioun als Formateur ausüben, sief et intern (Formatioun am Betrib, Accueil vun neie Mataarbechter, Tutorat, Encadrement vun de Léierjongen a -meedercher asw.) oder extern (Interventioun ausserhalb vum Betrib);
  • de Formateur huet verschidde Missiounen:

    • Konzeptioun vun der Formatiounsmesure;
    • Organisatioun an Ëmsetze vun der Formatiounsmesure;
    • Ofhale vun der Formatiounsmesure a Vermëttlung vu Wëssen, Know-how an/oder Kompetenzen;
    • Ënnerstëtzung vum Apprenant beim Developpement vu sengem Wëssen a senge Kompetenzen duerch Uweisungen, Commentairen a Rotschléi während sengem ganze Léierprozess.
Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"