Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Den Europass ass en eenheetlecht Referenzinstrument, dat:

  • et erlaabt, déi ugëeegent Qualifikatiounen a Kompetenzen ze dokumentéieren, onofhängeg dovun, wéini a wou ee sech se ugëeegent huet;
  • bei der Sich no enger Aarbecht hëlleft, andeems et d'Kommunikatioun tëschent der Persoun, déi sicht, an där, déi eng Aarbechtsplaz ubitt, erliichtert;
  • d'Mobilitéit vun de Persounen, déi an enger Ausbildung sinn, an de Salariéë vereinfacht;
  • Transparenz bei der Iwwerdrobarkeet an der Unerkennung vu Qualifikatiounen op europäeschem Niveau schaaft.

Den Europass setzt sech aus fënnef Dokumenter zesummen:

  • Europass-CV: gëtt de Bierger d'Méiglechkeet, Informatiounen iwwer all hir
    Qualifikatiounen a Kompetenzen an engem eenheetleche Format ze presentéieren;
  • Europass-Mobilité: féiert d'Léierzäiten op, déi hir Titulairen an engem anere Land wéi deem eegenen absolvéiert hunn;
  • Europass-Diplom-Supplement: gëtt Informatiounen iwwer de Bildungsniveau, deen den Titulaire am Héichschoulwiesen erreecht huet;
  • Europass-Sproocheportfolio: gëtt de Bierger d'Méiglechkeet, hir Sproochekenntnesser ze presentéieren;
  • Europass-Certificat-Supplement: beschreift d'Kompetenzen a Qualifikatiounen,
    déi op engem Certificat vun enger berufflecher Ausbildung opgefouert sinn.


Décision n°2241/2004/CE du Parlement Européen et du Conseil