Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 03.07.2020

Definitioun

Den Enseignement secondaire adresséiert sech zu Lëtzebuerg u Jugendlecher vun 12 Joer un.
Bis zum Alter vu 16 Joer besteet Schoulflicht. E kompletten Zyklus am Lycée, ouni Widderhuelung vun enger Klass, ëmfaasst siwe Joer.

Et gëtt:

  • den Enseignement secondaire classique (ESC)
  • den Enseignement secondaire général (ESG)

Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 21. August 2017 gouf d'Bezeechnung "Enseignement secondaire" duerch "Enseignement secondaire classique" an d'Bezeechnung "Enseignement secondaire technique" duerch "Enseignement secondaire général" ersat.

Quell: Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (Enseignement secondaire)