Bei den Inhalt goen

Formatiounseffort

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Zu Lëtzebuerg kënnen d'Entreprisë fir hir Investissementer am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung eng finanziell Bäihëllef vum Staat ufroen. An de Kofinanzéierungsdemanden, déi si areechen, gëtt de Formatiounsplang, deen si ëmgesat hunn, qualitativ a quantitativ beschriwwen. An dësem Kontext gi verschidden Indicateuren am Zesummenhang mam Investissement vun den Entreprisen an d'Formatioun analyséiert.

De Formatiounseffort gëtt duerch folgend Indicateure caracteriséiert:

  • Den Taux vun der finanzieller Participatioun un der Formatioun (TPF)
    Direkten Investissement an d'Formatioun gedeelt duerch d'Bruttolounmass

  • D'Formatiounserwaardung
    Zuel vu Jours-hommes de formation, un deenen e Salarié erwaarde kann, am Laf vun engem Joer deelzehuelen (ee Jour-homme = 8 Stonnen)

  • Duerchschnëttlechen direkten Investissement pro Salarié
    Direkten Investissement an d'Formatioun, gedeelt duerch d'Zuel vu Salariéen

Source: INFPC, Observatoire de la formation - Formastat 2012