Bei den Inhalt goen

Aptitudes et compétences transversales

Lescht Aktualiséierung : 31.01.2024

Definitioun

Ugëeegent an nogewise Fäegkeeten, déi allgemeng als noutwendeg oder wäertvoll fir effikasst Handelen a praktesch all Zort vun Aarbecht, Léieren oder Liewensaktivitéit ugesi ginn.

Commentaire:

  • ESCO identifizéiert sechs grouss Kategorië vun transversale Fäegkeeten a Kompetenzen:
    • Grondfäegkeeten a -kompetenzen;
    • Denkfäegkeeten a -kompetenzen; 
    • Selbstmanagementfäegkeeten a -kompetenzen; 
    • sozial a kommunikativ Fäegkeeten a Kompetenzen; 
    • kierperlech a manuell Fäegkeeten a Kompetenzen; 
    • Liewensfäegkeeten a -kompetenzen. 
  • Transversal Kompetenze bezéie sech net ausschliisslech op e bestëmmte Kontext (Aarbechtsplaz, Beruff, akadeemescht Fach, biergerschaftlechen oder gesellschaftlechen Engagement, beruffleche Secteur, Grupp vu beruffleche Secteuren asw.).

  • Transversal Fäegkeeten a Kompetenzen ginn och mat alternative Begrëffer ewéi Grond-, soft, net-kognitiv, sozio-emotional oder Schlëssel-Fäegkeeten a -kompetenzen bezeechent, déi sech dacks op e méi limitéierte Grupp vu Fäegkeeten a Kompetenze bezéien.

  • Dëse Begrëff ass Famill, awer net synonym mat: iwwerdrobar Fäegkeeten a Kompetenzen.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"