Bei den Inhalt goen

Erwuessenebildung

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

All Persoun iwwer 18 Joer, déi e Beruff léieren oder hir berufflech Carrière ëmorientéiere wëll, kann eng Erwuessenebildung absolvéieren. Dëst gëllt souwuel fir Erwuessener mat engem Aarbechtsvertrag wéi och fir Leit op der Sich no enger Aarbecht, déi bei der Aarbechtsagence (Agence pour le Développement de l'Emploi, ADEM) agedroe sinn.


Folgend Formatioune ginn am Kader vun der Erwuessenebildung ugebueden:

  • de Certificat de capacité professionnel (CCP);
  • den Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP);
  • den Diplôme de technicien (DT).

D'Erwuessenebildung ka fir all Handwierker a Beruffer absolvéiert ginn, déi am "Règlement grand-ducal déterminant les professions et métiers dans le cadre de la formation professionnelle" am Kader vun der berufflecher Ausbildung definéiert sinn an am duale System ugebuede ginn.

Erwuesse Léierjongen a -meedercher kréien de soziale Mindestloun.

Source: Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse - Service de la formation professionnelle